Vatnajökull

Vu Wikipedia
De Vatnajökull, Satellittebild vun der NASA.
De Breiðamerkurjökull, ee vun den Ausleefergletscher vum Vatnajökull

De Vatnajökull ['vahtnaˌjœˑkʏtl̥] (isl. "Waassergletscher") ass e Gletscher an Island. Et ass dee gréisste Gletscher op der Insel an och, baussent der Polarregioun, dee gréisste vun Europa. Et ass e Plateaugletscher am Südoste vum Land an huet eng Fläch vun 8.100 km², ongeféier 8 % vun der Gesamtsurface vun Island. Et gëtt geschat, datt en aus ongeféier 3.000 km³ Äis besteet.

Plazeweis ass d'Äiscouche bis zu 900 Meter déck. Ënner dem Vatnajökull an engem 500-800 Meter déiwen Dall, leien e puer vun den aktivste Vulkaner vun Island: De System vum Grímsvötn am Westen, dee vum Bárðarbunga am Norswesten an dee vum Kverkfjöll am Südosten.

Den 12. September 2004 gouf iwwer d'Hallschecht vum Vatnajökull Deel vum Skaftafell-Nationalpark. De 7. Juni 2008 gouf dee ganze Gletscher an den nei gegrënnte Vatnajökull-Nationalpark inkorporéiert, deen de gréissten Nationalpark vun Europa aas. Am Süde vum Vatnajökull-Nationalpark ass de Morsárfoss, den héchste Waasserfall vun Island.

Wa Vulkaner ausbriechen, schmëlze stënterlech grouss Quantitéite vun Äis, wat dann Iwwerschwemmungen um Wee an d'Mier provozéiert.

Wéi vill aner Gletscher op Island ass de Vatnajökull viru ronn 2.500 Joer entstanen. Wéi Mënschen am 9. Joerhonnert n. Chr. op d'Insel koumen, war de Gletscher e gutt Stéck méi kleng wéi haut. Am 15. Joerhonnert huet déi Kleng Äiszäit ugefaangen, déi bis ongeféier 1890 gedauert huet. De Vatnajökull ass deem entspriechend méi grouss ginn. Zanter den 2000er Jore gëtt en awer nees méi kleng.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Vatnajökull – Biller, Videoen oder Audiodateien