Diskussioun:Island

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Hei hu mer déi formidabel Méiglechkeet, en Artikel iwwer Island mat Hëllef vum Ice ze maachen, woubäi mer alleguer eppes dovun hunn. --Cornischong 23:30, 13 September 2006 (UTC)

Mer krute vun enger IP hei Bevëlkerungszuelen higesat, déi falsch sinn: Dem Statistesche Büro vun Island no (http://www.statice.is/Statistics/Population/Citizenship-and-country-of-birth) hunn den éischte Januar 2008 313.376 Leit op der Insel gelieft, dovunner waren der 291.942 Islänner. Déi 21.432 Auslänner sinn iwwert den Daum am ganze knapps 7%. Dass et eleng 18 % Polen "an der Bevëlkerung" géif, ass dohir zimmlech zweifelhaft... --Zinneke 09:58, 20. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

"Awunner (1. Dezember 2007):Reykjavík 117.721" -- "Reykjavík, d'Haaptstad, mat 116.820 Awunner (Dezember 2007)" -- "Reykjavík 115.420 (1. Dezember 2006)": An dat alles an engem eenzegen Artikel!!! Mol ganz frëndlech gefrot: Ass dat net vläicht ganz e bëssen idiotesch?--Cornischong 10:38, 20. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Gouf nogekuckt a verbessert Les Meloures 19:33, 20. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

No de Verbesserunge steet am Text: "Gréisser Stied. Gemeng Awunner (1. Januar 2008): Reykjavík 117.898," an an der Këscht steet: "Reykjavík Awunnerzuel 117.898 (1. Dezember 2006)". --Cornischong 01:00, 21. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

an nach e Lapsus verbessert --Robby 17:02, 21. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]


Moien,

Ech entschëllege mech formell, datt ech deen Datum an der Këscht iwwersinn hat. Op déi aner Manéier war et alt erëm eng flott Geleeenheet fir en Talk weider, ouni eppes um Artikel z'änneren. Les Meloures 18:47, 21. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]