Strokkur

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Geographesch Koordinaten:
Eng Eruptioun
An der Rouphas

De Strokkur (Islännesch fir "Rompfaass") ass e Geysir no beim Floss Hvítá, am Südweste vun Island. All 6–10 Minutte kënnt et zu enger Eruptioun. Dobäi gëtt Waasser a Waasserdamp eng 15–20 m an d'Luucht gesprutzt, heiansdo souguer bis zu 40 m héich.

E läit am Haukadalur (Hauka-Dall) wou och aner geothermesch Aktivitéite leien, wéi Bullisvulkaner, Fumarolen, aner Geysiren, wourënner och de Geysir, no deem all déi aner genannt ginn.

De Strokkur gouf eng éischt Kéier 1789 ernimmt, nodeems en Äerdbiewn den Zoufloss deblockéiert hat. Am 20. Joerhomnert huet en anert Äerdbiewen dësen nees verschott, ma 1963 gouf e vun de Leit vun do nees fräigeluecht, sou dass seng reegelméisseg Eruptiounen nees méiglech konnte ginn.

Verlaf vun der Eruptioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Biller leien eng Véierels Sekonn auserneen, gewise sinn deemno eng 2 Sekonnen.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Strokkur – Biller, Videoen oder Audiodateien