Gullfoss
De Gullfoss ("Gëllene Waasserfall") ass ee Waasserfall vum Floss Hvítá am Dall Haukadalur am Süde vun Island. De Floss Hvítá mécht d'Grenz tëscht de Gemengen Hrunamannahreppur a Bláskógabyggð.
De Gullfoss zielt, mam Þingvellir an de Geysiren an der Noperschaft, zu dem sougenannte Gëllene Krees vun de bekanntste kuckeswäerte Landschafte vun Island. An der Moyenne falen am Gullfoss 109 m³/s, am Summer eng 130 m³/s, Waasser erof. De maximal gemoossene Volume waren 2000 m³/s.
De Waasserfall besteet aus 2 Niveauen (11 m an 21 m héich). Déi zwou Kaskaden stinn an engem 90°-Wénkel zueneen.
Datt et haut nach e Waasserfall do gëtt, ass der Sigríður Tómasdóttir an hirem Papp Tómas Tómasson ze verdanken, déi sech ëm 1920 dogéint gewiert hunn, datt do vun enger englescher Firma an d'Plaz e Staudamm gebaut sollt ginn, fir Stroum ze produzéieren.
Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]
Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]
Commons: Gullfoss – Biller, Videoen oder Audiodateien |