Þingvellir

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 64° 15’ 29’’ N 21° 7’ 30’’ W
Þingvellir

Þingvellir ass eng Plaz an en Nationalpark am Südweste vun Island, eng 40 km ëstlech vun der islännescher Haaptstad Reykjavík, um Norduwänner vum Séi Þingvallavatn. Et ass eng wichteg Plaz souwuel fir d'Geschicht vun Island wéi och geologesch gesinn: D'Zon ass de Grenzberäich vun der eurasescher an der nordamerikanescher Kontinentalplack.

Þingvellir heescht "Griecht vun der Volleksversammlung". Do koum vun 930 un, also schonn no e puer Jorzéngten nodeems d'Mënsche sech op Island néiergelooss hunn, am Juni fir zwou Wochen den Althing zesummen, wou Gesetzer decidéiert goufen a Geriicht gehale gouf. Am Joer 1000 gouf zu Þingvellir decidéiert, datt d'Chrëschtentum ewell op Island ze gëllen hätt, an de 17. Juni 1944 gouf do d'Republik Island ausgeruff.

D'Géigend ass markéiert duerch Grief a Rëss, Resultat vum Ausenanerdrifte vun de Kontinentalplacken (70 m an de leschten 10.000 Joer). Bemierkenswäert si virun allem d'Almannagjá ("Allmänner-Schlucht") an d'Silfra-Spléck, déi mat äiskalem Quellwaasser gefëllt ass.

De Floss Öxará leeft duerch de Þingvellir-Nationalpark a fält an der Almannagjá-Schlucht an engem Waasserfall, dem Öxarárfoss, erof.

1930, d'Joer vum Millenaire vum Althing, gouf Þingvellir zum Nationalpark deklaréiert. 2004 gouf en an d'UNESCO-Lëscht vun der Weltkulturierfschaft opgeholl.

Biller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Þingvellir National Park – Biller, Videoen oder Audiodateien