Reykjavík

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Stad Reykjavik
Reykjavíkurborg
Wopen Lokalisatiounskaart
Land: Island
Koordinaten: 64° 08' 00" N
21° 56' 00" W
Fläch: 274,5 km²
Awunner: 119.108 (2011)
Bevëlkerungsdicht: 434 Aw./km²
Héicht: 0 m
Zäitzon: UTC+/-0
D'Stad vum Tuerm vun der Hallgrímskirkja, d'"Kierch vum Hallgrímur" aus gekuckt
Reykjavík

Reykjavík (IPA: [ˈreiːcaˌviːk]) (isl. Dampbucht) ass d'Haaptstad vun Island an déi nërdlechst Haaptstad vu Westeuropa net wäit vum nërdleche Polarkrees ewech. Am Wanter huet Reykjavík nëmme 4 Stonnen Dagesliicht, am Summer sinn d'Nuechte bal sou hell wéi den Dag.

D'islännesch Bezeechnung Dampbucht kënnt warscheinlech vun den Dämp vun de waarme Quellen aus der Ëmgéigend a gëtt engem Mëssverständnes vum éischte Bewunner Ingólfur Arnarson zougeschriwwen.

An der Stad sinn déi meescht Fakultéite vun der Universitéit vum Land, a verschidden aner Héichschoulen, Theater, Muséeën a Kulturariichtungen, souwéi en Héichséihafen. Matzen an der Stad läit e klenge Séi, den Tjörnin. Dee Séi ass zugläich och eng vun de gréisste Brutplaze fir Waasservullen am Südweste vun Island.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad läit um Atlantik, méi genee an der Faxaflói-Bucht ënner dem zirka 900 m héijen Hausbierg Esja am Südweste vun der Insel Island um Ufank vun der Hallefinsel Reykjanesskagi. D'Zon vun der plackentektonescher Verschiibung, déi an Island vu Südwesten no Nordoste leeft, féiert och iwwer déi Hallefinsel. Dohier gëtt et ëmmer nees Erdbiewen, déi allerdéngs meeschtens net allze staark sinn.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Bevëlkerung[änneren | Quelltext änneren]

Reykjavík ass mat 118.820 Awunner déi gréisst Stad an Island. Do wunnen zirka 41 % vun all de Leit op der Insel.

Politik[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

Ekonomie a Verkéier[änneren | Quelltext änneren]

Bekannt Persoune vu Reykjavík[änneren | Quelltext änneren]

Panorama vu Reykjavík vun Örfirisey aus

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Reykjavík – Biller, Videoen oder Audiodateien