Budapest

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Ungarn ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Budapest
Wopen Lokalisatiounskaart
Land: Ungarn
Koordinaten: 47° 30' 00" N
19° 03' 00" E
Fläch: 525,13 km²
Awunner: 1.733.685 (1. Januar 2011)
Bevëlkerungsdicht: 3.301 Aw./km²
Héicht: 102 m
Buergermeeschter: Gergely Karácsony
D'Parlament um Uwänner vun der Donau
D'Buerg vu Buda, am Vierdergronn d'Donau
D'Maarthal

Budapest ass d'Haaptstad vun Ungarn.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Budapest ass an zwee gedeelt a gëtt duerch d'Donau getrennt. Zwéin Drëttel vun der ganzer Fläch vun der Stad leien op der Pester Säit vun der Donau, een Drëttel op der Budaer Säit.

Andeelungen[änneren | Quelltext änneren]

Budapest ass verwaltungstechnesch gesinn an 23 Bezierker agedeelt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Geschicht vu Budapest, am Mëttelpunkt vun Ungarn, ëmfaasst ongeféier 700 Joer. Als éischten Herrscher huet de Béla IV. Ufank vum 13. Joerhonnert e Palast um Budaer Buergbierg baue gelooss.

1867 am Ufank vun der Epoch vun der keeserlecher a kinneklecher éisträich-ungarescher Duebelmonarchie hunn zu Budapest knapps 300.000 Leit gelieft, déi meescht dovun op der Pester Säit. D'Stad ass lues a lues eng europäesch Metropol ginn.

Um Enn vum éischte Weltkrich war d'Duebelmonarchie zerfall an d'Ekonomie zerstéiert.

1873 goufen déi dräi Staddeeler Buda, Pest an Óbuda zu enger eenzeger Stad zesummegedoen a bis zum 19./20. Joerhonnert huet d'Awunnerzuel sech verduebelt.

Ekonomie an Infrastrukturen[änneren | Quelltext änneren]

Demographie[änneren | Quelltext änneren]

Zu Budapest liewe bal 2 Millioune Mënschen, dat heescht all fënneften Awunner vun Ungarn.

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

  • Am Buergpalast, deen am Buergquartier läit, fënnt ee wichteg Muséeën.
  • Am imposante Gebai vun der Zentraler Maarthal kritt ee vum alldeegleche Geméis bis zum exotesche Gewierz alles ze kafen.
  • Am Parlament kann een d'Helleg Kroun a Kréinungsinsigne kucke goen.
  • D'Schlass Gödöllö ass dat zweetgréisst Barockschlass vun der Welt.
  • Am Ungaresche Nationalmusée fënnt een alles iwwer d'ungaresch Geschicht vun der Besiidlung duerch d'Ungare bis zur Neizäit.
  • D'Synagoge an der Dohány Strooss ass déi gréisst an Europa.
  • Vun der Kuppel vun der St. Stephans Basilika, der gréisster Kierch vu Budapest, huet een e schéine Panorama.


Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Budapest – Biller, Videoen oder Audiodateien