Op den Inhalt sprangen

Tallinn

Vu Wikipedia
Dëse Geographiesartikel iwwer Europa ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Tallinn
Land Estland
Buergermeeschter Edgar Savisaar
Awunner 457.572
  1. Januar 2024
Fläch 159,37 km²
Héicht 28 m
Koordinaten 59°26'14"N, 24°44'42"O
Telefonszon 64
Postcode 10111
Websäit https://tallinn.ee

Tallinn ass d'Haaptstad an dee gréisste Séihafe vun Estland. D'Stad huet 457.572 Awunner (Stand 1. Januar 2024)[1][2] a läit um Finnesche Golf (engem Deel vum Baltesche Mier), eng 80 km südlech vun Helsinki.

Kuckeswäertes

[änneren | Quelltext änneren]
  • d'Nikolaikierch (estn.Niguliste kirik)
  • d'Helleg-Geescht-Kierch mat hire Konschtschätz aus dem spéide Mëttelalter vum Bernt Notke an dem Hermen Rode
  • d'Olaikierch
  • d'Stadhaus
  • d'Parlamentsgebai
  • d'Gilde-Haus (estn. Toompea), awer virun allem
  • déi orthodox Alexander-Newski-Kathedral. (Si gouf tëscht 1894 a 1900 gebaut an der Zäit, wou Estland nach e Deel vum russeschen Zareräich war an zitt haut nach ëmmer vill Visiteuren un.)

An der Stad selwer

[änneren | Quelltext änneren]

D'Stad Tallinn huet de Charakter vun enger mëttelalterlecher Alstad behal. Ronderëm d'Stad sti Festungsmauere mat vill gutt erhalenen Tierm. Et gëlle streng Bestëmmungen, wat d'Ëmwelt an d'Evakuatioun vun den Offäll ugeet an Tallinn ass als déi propperst Stad vun Europa bekannt.

Ronderëm d'Stad

[änneren | Quelltext änneren]
  • Um Bord vun der Stad läit d'Schlass Katharinental (estn. Kadriorg)
  • Am Quartier Perita, nordëstlech vum Stadkär, läit de Yachthafen, dee vun engem Nolebësch begrenzt gëtt. D'Plage donieft huet am Summer vill Visiteuren.
  • Eng Ofwiesslung ass de Besuch vun der Insel Naissaar an der Tallinner Bucht no beim Festland.
  • Ee Fernseetuerm (estn. Teletorn) mat senger Aussiicht-Plattform fir Visiteuren erlaabt eng schéin Vue op d'Stad, a bei guddem Wieder en Ausbléck bis op d'finnesch Küst.

Ënner UNESCO Protektioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Alstad vu Tallinn steet zanter 1997 op der UNESCO-Lëscht vum Weltierwen

Den Tallinner Hafen

Bekannt Leit vun Tallinn (Auswiel)

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Tallinn – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. Dës Informatioun gëtt automatesch vu Wikidata agebonnen.
  2. https://andmed.stat.ee/et/stat/RV0240; Statistikaameti statistika andmebaas; consultéiert den: 27. Mee 2024.