Warschau

Vu Wikipedia
Warschau
Warszawa
Fändel Wopen
Lokalisatiounskaart
Land: Polen
Bezierk: Masowien
Koordinaten: 52° 13' 00" N
21° 02' 00" E
Fläch: 517,24 km²
Awunner: 1.726.581 (31. Mar. 2014)
Bevëlkerungsdicht: 3.338 Aw./km²
Héicht: 78−121 m
Zäitzon: UTC+1
Buergermeeschter: Rafał Trzaskowski

Warszawa (op héichdäitsch : Warschau, op franséisch: Varsovie) ass d'Haaptstad vu Polen a mat 1,7 Milliounen Awunner déi gréisste Stad am Land. Et ass e vun de wichtegsten Handelszentren a Mëttel- an Osteuropa.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Warszawa läit am ëstlechen Deel vu Polen an der Woiwodschaft Masowien. Vu Gdansk sinn et 340, vu Krakau 290 a vu Lodz 140 Kilometer. Béid Ufer vun der Weichsel si bebaut.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Warszawa kann een an eng Iwwergangszon tëscht dem maritimen a kontinentale Klima anuerdnen. D'Summere si warm (Duerschnëttstemperatur 19 °C) an d'Wanter kënnen äiseg kal ginn. An de Wanterméint si staark Schnéifäll méiglech an d'Weichsel ka komplett zoufréieren. D'Joresduerchschnëttstemperatur läit bei 9,5 °C.

Natur[änneren | Quelltext änneren]

Warszawa huet ëm déi 200 km² Gréngflächen, dorënner gréisser Parken a Bëscher. Nordwestlech vu Warschau läit den Kampinos Bësch, vun deem ee groussen Deel een UNESCO-Biosphärereservat ass. Warschau ass domat déi eenzeg Haptstad an Europa déi u nee Nationalpark grenzt deen deelweis stark geschützt ass. Bannent de Verwaltungsgrenzen gëtt et 6 Natura-2000 Gebidder.

Transport[änneren | Quelltext änneren]

Warszawa huet zwéin international Fluchhäfen: De Warszawa-Chopin südwestlech vum Stadzentrum an am Norden de Warszawa-Modlin. Vun dësem fléien haptsächlech Lowcost Fligeren. De Fluchhafe Warszawa-Babice gëtt ausschliislech fir privat Flich a Rettungsfliger benotzt.

Den ëffentleche Verkéier ass gudd ausgebaut: Busser, Tramen, Metro an Zich gi vun der Transportgesellschaft ZTM verwalt. Den eischten Tram gouf 1866 ageweit. Haut sinn et 29 Linnen déi op engem Reseau vun am Ganze 470 Kilometer fueren. De Metro ass zanter 1995 a Betriib. 2015 gouf eng zweet Metroslinn opgemach.

Warszawa ass iwwer d'Eisebunn direkt mat ville wichtegen europäesche Stied verbonn: Berlin, Köln, Frankfurt am Main, Prag, Bratislava, Budapest, Kiew, Minsk, Moskau a Wien. Véier Garen sinn um internationale Reseau ugeschloss: Warszawa Centralna, Warszawa Śródmieście, Warszawa Wschodnia a Warszawa Zachodnia. Um nationalen Niveau sinn och Warszawa Gdańska a Warszawa Wileńska bedeitend Garen.

2012 gouf de Veturilo, een ëffentleche Bikesharing mat senge Statiounen agefouert. Am Joer 2018 hun d'Velosweeër vu Warschau eng total Längt vu 585 Kilometer.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Wéi de Piast Mieszko I. als éischte chrëschtleche Kinnek geherrscht huet (10. Joerhonnert), war dat spéidert Warszawa just e befestegt Duerf, dat am 11. Joerhonnert verschwonnen ass. Do wou elo d'Schlass Ujazdowski steet, ass am 12. Joerhonnert déi befestegt Siidlung, Jazdów entstanen. Duerch d'Wisła (Weichsel) ass Jazdów en Handelszentrum ginn, obwuel déi Zäit Płock politesch méi bedeitend war. No der Zerstéierung vu Jazdów 1262 duerch d'Litauer ass dräi Kilometer nördlech eng nei Siidlung entstanen, an zwar do wou elo d'Alstad ass. Ëm 1300 huet den Herzog Bolesław II. Mazowiecki Warszawa als Haaptstad vu Masowien gegrënnt, an huet do säi Schlass gebaut. Am 14. Joerhonnert gouf d'Johanneskathedral gebaut. 1408 krut Warszawa d'Stadrecht vu Kulm.

Der Legend no setzt sech den Numm zesummen aus Warsz (en Adlegen) a Sawa. Ee Fëscher dee Warsz geheescht huet an um Ufer vun der Weichsel gewunnt huet, war an d'Sireen Sawa verléift. Si ass um Stadwopen ze gesinn (syrenka).

1526 gouf Masowien en Deel vum polnesche Kinnekräich. Vu 1569 un huet de Sejm (polnescht Adelsparlament) reegelméisseg zu Warszawa getagt. Bedéngt duerch den Zesummeschloss vu Polen a Litauen an der Republik vun den Zwou Natiounen huet de Kinnek Zygmunt III. Waza 1596 säin Haff vu Kraków op Warszawa transferéiert, besonnesch well et sech tëscht Vilnius a Kraków wirtschaftlech staark entwéckelt hat.

An der Mëtt vum 16. Joerhonnert gouf d'Stad e puermol iwwerfall an ausgeraibert, vun de Schweeden, de Brandeburger an den Transsylvanier. Enner dem Kinnek Jan Sobieski ass de barocke Wilanów-Palast am Stil vu Versailles gebaut ginn. 1702 (2. Nordesche Krich) an 1734 gouf Warszawa erëm zerstéiert.

D'Wilanów Palast zu Warschau

Ënner de sächsesche Kinneken ass d'Universitéit vu Warszawa entstanen. Enner dem leschte polnesche Kinnek Stanisław August Poniatowski si vill Paläst am klassizistesche Stil gebaut ginn, notamment de Łazienki-Park mat senge Schlässer. Den Interieur vum Kinneksschlass staamt aus där Zäit an ass no der Zerstéierung am 2. Weltkrich erëm identesch opgebaut ginn. Am Kinneksschlass ass den 3. Mee 1791 déi éischt liberal Verfassung an Europa vum Grouss Sejm votéiert ginn.

Ëm 1790 war Warszawa mat 150.000 Awunner eng vun de gréisste Stied an Europa. Nom Opstand géint d'Russen, déi 1793 d'Stad besat haten, sinn iwwer 10 000 Warschauer 1794 vun de russeschen Truppen ënner dem Generol Suvurov ëmbruecht ginn. Mat der 3. Deelung vu Polen 1795 ass d'Stad en Deel vun der preisescher Provënz Südpreußen ginn. 1800 huet de Stanisław Staszic d'Polnesch Akademie vun de Wëssenschafte an der „Krakauer Virstad“ (Haaptstrooss) gegrënnt.

Monument vum Jozef Poniatowski am Krakowskie Przedmieście am Zentrum vun der Stad

Duerch de Fridde vun Tilsit tëscht dem Napoleon a Russland gouf Warszawa d'Haaptstad vum Herzogtum Warschau. Dem leschte Kinnek säin Neveu Józef Poniatowski huet deemools eng polnesch Arméi vun 200 000 Zaldoten opgebaut, déi den Napoleon a sengem Russlandfeldzug an an der Vëlkerschluecht vu Leipzig ënnerstëtzt huet.

Nom Wiener Kongress ass Warszawa d'Haaptstad vu Kongresspolen ënner russescher Herrschaft ginn. De Sejm konnt erëm zesummekommen, allerdéngs ënner der Exekutivmuecht vum Groussfürst Konstantin, dem Zar Alexander I. säi Brudder. Déi Zäit ass d'Universitéit ausgebaut ginn, an et sinn de groussen Theater an d'Bourse entstanen.

1830 huet de Sejm am Novemberopstand den Zar als Kinnek vu Polen ofgesat, an de Konstantin huet misse flüchten. No engem Joer Krich ass den Opstand bluddeg néiergeschloe ginn. 1832 sinn d'Verfassung an de Sejm opgeléist ginn, 30 000 Warschauer, dorënner den Dichter Adam Mickiewicz an de Komponist Frederyk Chopin sinn an den Exil gaangen.

1840 ass eng éischt Eisebunnslinn tëscht Wien a Warszawa entstanen, déi duerch d'Industriestad Łódż goung.

1863 ass de Januaropstand vu Warszawa ausgaangen. D'Joer drop war de Widderstand gebrach. Polen ass een Deel vum Zareräich ginn, wat allerdéngs dem Handel zegutt komm ass. Trotz der Friemherrschaft konnt zu Warszawa déi polnesch Kultur opbléien. Schrëftsteller wéi de Bolesław Prus, den Henryk Sienkiewicz (Literaturnobelpräisdréier), den T.J. Korzeniowski (Joseph Conrad) ware weltbekannt. D'Marie Skłodowska-Curie huet hei hir wëssenschaftlech Ausbildung kritt. An der Philharmonie, déi deemools am Jugendstil gebaut gi war, si bedeitend Museker wéi den Ignacy Paderewski an de Jan Kiepura opgetratt.

Am August 1915 ass Warszawa vun den däitschen Truppe besat a vum Generalgouverneur von Beseler fir Däitschland an Éisträich-Ungarn verwalt ginn, mam Verspriechen, nom Krich en onofhängegt Kinnekräich aus Polen ze maachen.

Duerch d'Néierlag vun den Zentralmuechte konnt de Marschall Józef Piłzudzki den 11. November 1918 déi Zweet Republik ausruffen. Wéi d'Bolschewiken 1920 d'Stad anhuele wollte, huet de Piłzudzki se zeréckgehäit (« Wonner un der Weichsel »).

Warszawa ass definitiv erëm d'Haaptstad vum onofhängege Pole ginn, an huet sech séier moderniséiert (Stroossen, Eisebunn, Flughafen…). 1939 hat et 1.350.000 Awunner, dovun en Drëttel Judden.

Am 2. Weltkrich huet d'Wehrmacht Warszawa schonn 1939 bombardéiert; den 28. September huet et kapituléiert. De President vun der Stad Stefan Starzyński ass festgeholl ginn a gouf 1943 zu Dachau ermuerd. De Gauleiter Hans Frank huet d'Haaptstad vum Generalgouvernement, deem och Warszawa gehéiert huet, op Krakau verluecht.

Warszawa war wärend dem ganze Krich Zentrum vum polnesche Widderstand. D'Heemechtsarméi (Armia Krajowa) huet mat der Londoner Exilregierung zesummegeschafft.

D'Mauer ronderem de Warschauer Ghetto an de 1940-er Joren.

D'Judde goufen am Warschauer Ghetto zu ëmmer méi agespaart: D'Ziel vun den Nazi-Besatzer war, se do zu Gronn goen ze loossen. Op Hëllef stoung d'Doudesstrof. Trotzdeem huet déi polnesch Ënnergrondorganisatioun Żegota Honnerte vu Judden d'Liewe gerett. Den 18. Abrëll ass et zum Opstand vum Warschauer Ghetto komm. De 16. Mee gouf déi Grouss Synagog zerstéiert, d'Judde goufe bal all direkt oder am KZ Treblinka ëmbruecht.

Den 1. August 1944 koum et zum Opstand vun der Warschauer Bevëlkerung an der Armia Krajowa ënner dem Generol Tadeusz Bór-Komorowski. Si wollten hir Haaptstad selwer befreien, fir dat net der Rouder Arméi, déi nobäi war, ze iwwerloossen. Dës huet effektiv de Polen och net an hirem verzweiwelte Kampf gehollef. Si huet mol net de Westmuechten erlaabt, d'Pole mat Fliger ze ënnerstëtzen.

1945 war Warschau quasi komplett zerstéiért.

Déi däitsch Repressioun war erschreckend: 200.000 polnesch Zaldoten an Ziviliste koumen ëm d'Liewen. D'Stad ass vu Vernichtungskommandos dynamitéiert an zu 85 % zerstéiert ginn. D'Bevëlkerung ass verdriwwen oder a Konzentratiounslager gestach ginn. De 17. Januar 1945 ass d'Rout Arméi an d'Ruinestad amarschéiert. Duerno sinn déi Iwwerliewend an d'Stad zeréckkomm, mat Ausnam vun der Armia Krajowa, déi vun de Sowjets onerwënscht war.

D'Alstad vu Warschau gouf an den 1950-er Joer erëm identesch opgebaut.

Nom Krich huet déi polnesch Kommunistesch Partei d'Stadverwaltung iwwerholl. Si huet decidéiert, d'Stad sou séier wéi méiglech erëm opzebauen. Den historeschen Zentrum sollt bis an den Detail sou opgebaut ginn, wéi se virum Krich war. Zu den Dokumenter déi als Virlag gegollt hunn hunn dem Canaletto seng Biller aus dem 18. Joerhonnert gezielt. Dëse giganteschen Effort ass 1980 mat der Klassifizéierung vun der Alstad zum UNESCO-Kulturierwen 1980 belount ginn. 1971 ass d'Kinneksschlass baussen a bannen nees identesch nei entstanen. Déi aner Staddeeler sinn am Stil vum sozialistesche Realismus („Sozrealismus“), dee sech um Neoklassizismus vun den Drësseger Joren orientéiert, opgebaut ginn. An der Banlieue si grouss Wunnbléck entstanen, fir dem staarken demographischen Opschwong bäizekommen. Vun 1952 bis 1955 ass den 237 Meter héije Kulturpalast als Kaddo vun der Sowjetunioun entstanen. Am Mee 1955 ass den Traité vum Warschauer Pakt signéiert ginn.

De 7. Dezember 1970 huet de Bundeskanzler Willy Brandt sech virum Mahnmal vum Warschauer Ghetto geknéit, als Zeeche vun der däitsch-polnescher Versöhnung.

1976 ass de Komitet Obrony Robotników (KOR), de Virleefer vun der fräier Gewerkschaft Solidarność, gegrënnt ginn. Den 2. Juni 1979 war de Poopst Jean-Paul II. zu Warszawa op Besuch; eng zweete Kéier huet de Poopst eng Mass zu Warszawa virun enger Millioun Leit gefeiert. Zwar war den 13. Dezember 1981 d'Krichsrecht ausgeruff ginn, mee d'Solidarność- Beweegung huet et fäerdeg bruecht, déi kommunistesch Regierung zu de Gespréicher ëm de Ronnen Dësch am Senat ze zwéngen. Am Juni 1989 hunn dunn déi éischt fräi Walen an engem Ostblockstaat stattfonnt. Si hunn zum Fall vun der Volleksrepublik a vum kommunistesche Regimm geféiert.

Am Mee 1990 huet Warszawa e Stadparlament an e Stadpresident gewielt.

Zënterhier sinn eng Rëtsch nei Gebaier, zum Deel Héichhaiser entstanen, déi eng änlech Skyline duerstellen wéi vill westlech Groussstied. Ëmmerhin ass zënter 1989 de Wirtschaftswuesstem zu Warszawa däitlech méi staark wéi am Rescht vum Land: de PIB pro Awunner ass méi héich, de Chômage méi niddreg, an d'Wunnungspräisser däitlech méi héich.

Bildung[änneren | Quelltext änneren]

Den Uniwersytet Warszawski ass haut eng international unerkannt Universitéit mat villen auslännesche Studenten.

Warschau ass niewt Krakau ee wichtege Bildungszentrum a Polen. Warschau zielt am Ganzen 280000 Studenten. Di éicht Universitéit, de Warszawski Uniwersytet gouf 1816 ennert dem russeschen Zar Alexander I. gegrënnt.

Zu Warszawa gëtt et och vill Bibliothéiken, wéi beispillsweis d'Universitéitsbibliothéik oder d'Polnesch Nationalbibliothéik, déi grouss Kollektioune vun wichtegen historeschen Dokumenter huet. Si gouf 1928 gegrënnt an gëllt als Nofollger vun der Zaluski Bibliothéik, déi eng vun den éischten a gréissten Bibliothéike war.

Kultur[änneren | Quelltext änneren]

Zu Warschau fannen all Joer vill international Festivaler statt, wéi d'International Frédéric Chopin Piano Competition, The international Contemporary Music Festival Warsaw, the Jazz Jamboree, Warsaw Summer Jazz Days, the International Stanislaw Moniuszko Vocal Competition, de Mozart Festival.

Muséeën[änneren | Quelltext änneren]

D'Kinneksschlass zu Warschau am Häerz vun der Alstad.

Duerch d'Zerstéierunge vum Zweete Weltkrich goufe vill Kollektioune zerstéiert. Vill historesch polnesch Schätz goufen zwar 1939 a Sécherheet bruecht, allerdéngs gouf och villes op Warschau bruecht, well dovun ausgang ass dass et hei méi sécher wir. Vill Konschtwierker bleiwen och bis haut verschwonnen. Trotz allem gëtt et haut em déi 30 Muséeën, dorënner de Katynmuseum, den Nationalmuseum, d'Kinneksschlass, de Łazienki-Komplex, de Plakatmuseum (Wilanow), den Historesche Musée vu Warschau (Muzeum Warszawy), de Musée vum Warschauer Opstand (Muzeum Powstania Warszawskiego), oder de Musée vun der polnescher Arméi (Muzeum Wojska Polskiego).

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

De Łazienki-Komplex besteet aus engem groussem Park an engem Palast.
D'Johannes-Kathedral ass déi eelst Kiirch vu Warschau mee gouf 1954 am Stil vun masowescher Gotik nei opgebaut.

Déi 10 Kilomter laang Kinneksstrooss (Trakt Królewski) tëscht dem Kinneksschlass an der Summerresidenz vum Jan III Sobieski Wilanów ass d'Haaptachs mat enger ganzer Partie Monumenter an ëffentleche Gebaier, besonnesch an der Krakowskie Przedmieście (Faubourg vu Kraków). D'Haaptakafsstrooss ass d'Ulica Nowy Swiat. An der Alstad sinn den Ale Mart (Rynek Starego Miasta) an den Neie Mart (Rynek Nowego Miasta) de Mëttelpunkt vun der Stad. Aner bedeitend Plaze sinn d'Theaterplaz (Plac Teatralny), Plac Kraśinskich, Plac Bankowy, Plac Józefa Piłsudzkiego, Plac Zbawiciela, de Belwedere Palast (Residenz vum President vu Polen), a besonnesch och den Łazienki-Park.

Bedeitend Kierche sinn d'Johannes-Kathedral Saint-Jean, d'Kierch vun der Helleger Anna, oder d'Kierch vum Hellege Kräiz.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Warszawa – Biller, Videoen oder Audiodateien