Adam Mickiewicz

Vu Wikipedia
Adam Mickiewicz
Gebuertsnumm Adam Bernard Mickiewicz
Gebuer 24. Dezember 1798
Gestuerwen 26. November 1855
Istanbul
Doudesursaach Cholera
Nationalitéit Russescht Keeserräich, Polen, Litauen
Educatioun Universitéit Vilnius
Aktivitéit Dichter
Member vun Fräimaurerei

Den Adam Bernard Mickiewicz (Litauesch: Adomas Bernardas Mickevičius), gebuer de 24. Dezember 1798 a gestuerwen de 26. November 1855, war e bedeitende polneschen Dichter a Patriot an der Zäit wou et Polen als onofhängegt Land net méi gouf. Hie gehéiert zu de wichtegste Vertrieder vun der Romantik an Europa.

De Mickiewicz zielt haut nach als Nationaldichter souwuel a Pole wéi och a Litauen, wou hien op der Universitéit vu Vilnius studéiert huet an de Klub vun de Philomaten, a spéider vun de Philarete gegrënnt huet. Säin Haaptwierk, de ''Pan Tadeusz'', polnesch fir "Här Tadeusz", gëllt als Nationalepos an als leschte groussen europäesche Versepos. De Mickiewicz ass vill duerch Europa gereest, ass dem Goethe 1829 begéint an huet zu Paräis um Collège de France slawesch Literatur dozéiert. Zu Paräis huet hien d'Celina Szymanowska kennegeléiert an 1834 si se bestuet ginn. De Mickiewicz huet sech e Liewe laang fir en onofhängegt Polen agesat an huet wärend dem Novemberopstand vun 1830-1831 probéiert zeréck a seng Heemecht ze goen, gouf awer zu Dresden gestoppt. Vun 1839 bis 1840 war hien zu Lausanne, wou hie laténgesch Literatur dozéiert huet. Hie koum zum Schluss vu sengem Liewen nach op Konstantinopel, wou hie geplangt huet, polnesch Legiounen op d'Been ze stelle fir am Krimkrich op der Säit vun den Alliéierte géint d'Russen ze kämpfen. De Mickiewicz ass zu Konstantinopel u Cholera erkrankt a gestuerwen. Hie läit zu Krakau an der Kathedral begruewen.

Wierk (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Pan Tadeusz oder Der letzte Einritt in Litauen (polneschen Titel: Pan Tadeusz czyli ostatni zajazd na Litwie); säin Haaptwierk, 1834 erauskomm; Hamburg, 1956.
  • D'Vierfaren, (polneschen Originaltitel: Dziady); 1823, 1832 an 1861; posthum!
  • Grażina ; 1823; huet d'Heldin Emilia Plater inspiréiert.
  • Konrad Wallenrod ; 1828.
  • Balladen a Romanzen ; 1822.
  • D'Krim-Sonetten ; 1826.
  • Cours de littérature slave ; L'église officielle et le messianisme ; Originaltext op Franséisch, 1845.
  • Les Slaves ; Originaltext op Franséisch, 1849.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ulazdimir Lichadziedaŭ, Adam Mitzkevich ; Minsk, 2008.
  • Claudia Sinnig, Litauen - Ein literarischer Reisebegleiter ; Frankfurt/M. & Leipzig, 2002.
  • Suzanne Champonnois & François de Labriolle, Dictionnaire historique de la Lituanie ; Crozon (Éditions Armeline), 2001; ISBN 2-910878-17-1

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Adam Mickiewicz – Biller, Videoen oder Audiodateien