Kraków

Vu Wikipedia
Kraków
de/lb: Krakau

D'Alstad vu Kraków
center}}}
Land Polen
Verwaltungseenheet: Woiwodschaft Klengpolen
Koordinaten 50°3′41″N 19°56′18″E
Fläch 326,85 km²
Awunnerzuel: 769 498 (2018)
Héicht: 188–393 m
Websäit http://www.krakow.pl/
center}}}

Kraków ([ˈkrakuf]; op Däitsch: Krakau) ass eng Groussstad op der Wisła, am Süde vu Polen, an Haaptstad vun der Woiwodschaft Klengpolen. Mat ronn 766.000 Awunner, respektiv 1,4 Milliounen Awunner an der grousser Agglomeratioun ass Kraków (Krakau) déi zweetgréisst Stad vu Polen. Den historesche Kär zitt all Joer ca. 9 Milliounen Touristen un. Déi fréier Haaptstad vum Kinnekräich Polen ass am Zweete Weltkrich, anescht wéi Warschau a vill aner polnesch Stied, net zerstéiert ginn. An dëser eelster polnescher Universitéitsstad liewen iwwer 210.000 Studenten.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

Kraków läit am Süde vu Polen op der Weichsel, op enger Héicht vun 219 Meter iwwer dem Mieresspigel, tëscht dem Krakauer Jura an der Tatra.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Dat legendäert Kraków (Krakau) geet an d'6. Joerhonnert zeréck : De Wandalefürst Krak soll eng éischt Buerg um Wawelhiwwel gebaut, an de geféierlechen Draach Smok Wawelski ëmbruecht hunn. Nom polneschen Historiker aus der Renaissance Jan Dlugosz soll seng Duechter Wanda den däitschen Herzog Rüdiger als Mann refuséiert hunn, an dofir an d'Weichsel gespronge sinn. An Dokumenter gëtt Kraków fir d'éischt 965 ernimmt. Vun 1038 bis 1609 war Kraków d'Haapt- a Kinneksstad vu Polen. Am 13. Joerhonnert gouf d'Stad vun den Tataren ënner dem Dschingis Khan zerstéiert. Duerno gouf si no Magdebuerger Recht nei konstituéiert, an den Zentrum schachbrietfërmeg opgebaut. 1257 gouf déi haiteg Maartplaz (Rynek) amenagéiert. E Konschtwierk vu gotescher a Renaissance-Architektur ass d'Duchhal (Sukiennice) an der Mëtt vun der Plaz, wou deemools souguer flämesch an englesch Dicher verkaaft goufen. Als Handelsstad huet Kraków am Mëttelalter zur däitscher Hanse gehéiert. Ënner dem Kinnek Boleslas dem Scheien a senger Fra Kinga ass d'Salzminn vu Wieliczka exploitéiert ginn an dat wäisst Gold huet vill zum Räichtum vu Kraków bäigedroen. 1281 hunn d'Tataren nach eng Kéier ugegraff. Dorun erënnert all Stonn den Hejnal am Tuerm vun der Mariekierch. Ënner dem leschte Piast, dem Kasimir de Groussen hunn no de Peschtpogromer a Westeuropa vill Judden Asyl zu Kraków kritt.

Si krute spéider um lénkse Weichseluwänner Kazimierz als eege Stad. De Kasimir huet och déi gotesch Kathedral um Wawel baue gelooss. Do leien déi meescht polnesch Kinneke begruewen. D'Universitéit huet hien 1364 gegrënnt. Si ass duerno vun de Jagellonen ausgebaut ginn. De bekanntste Student war den Nikolaus Kopernikus. An der Mariekierch um Rynek huet den Nürnberger Kënschtler Veit Stoß (Wit Stwosz) ee vun de schéinste spéitgoteschen Altär an Europa geschnëtzt. Am 16. Joerhonnert huet dem Kinnek Sigismund seng mailännesch Fra Bona Sforza italieenesch Kënschtler komme gelooss. Déi hunn déi sëlleg bekannt Renaissancebauten an Dekoren am « Florenz vum Osten » opzeweisen, virop d'Schlass um Wawel.

Am 17. an 18. Joerhonnert erlieft Kraków, dat 1596 vu Warschau als Haaptstad ofgeléist gouf, besonnesch duerch Kricher bei de Schwedeninvasiounen a mat der Pescht e relativen Néiergang.

An der Zäit vun der Friemherrschaft huet Kraków sech ënner der Habsburger Monarchie industrialiséiert. Trotz der éisträichescher Germaniséierungspolitik no der Opléisung vun der autonomer Republik Krakau (1846), war de Regimm liberal genuch, fir datt sech dat polnescht a jiddescht kulturellt Liewe konnt entfalen.

De Krakówer Barbakan vu 1499 gëllt als de gréissten erhalene Barbakan vun der Welt.

Nom Éischte Weltkrich ass Kraków nieft Warschau a Lemberg (haut Lwiw an der Ukrain) eng vun de dynameschste Stied vun der 2. Republik Pole ginn.

Am Zweete Weltkrich war Kraków Haaptstad vum Generalgouvernement. Den Hans Frank huet vum Wawel aus säin Terrorregimm geféiert, an ë. a. d'KZ a spéidert Vernichtungslager Auschwitz-Birkenau baue gelooss. Am Mäerz 1943 gouf de Krakówer Ghetto liquidéiert. Well den Hitler Kraków als eng däitsch Stad ugesinn huet, ass se net zerstéiert ginn. Mee duerch Ermuerdungen, Verfollgungen a besonnesch d'Vernichtung vun de Judden ass d'Bevëlkerung em d'Hallschent zeréckgaangen.

An der Zäit vun der Volleksrepublik gouf ëstlech vu Kraków e grousst Stolwierk an der kommunistescher Aarbechterstad Nowa Huta gebaut, dat bis haut fir d'Ëmweltbelaaschtung vu Kraków mat verantwortlech ass.

Besonnesch nodeems 1978 de Krakówer Äerzbëschof Karol Wojtyła zum Poopst Jean-Paul II. gewielt gi war, huet d'Stad eng wichteg Roll an der Oppositiounsbeweegung Solidarność gespillt.

Haut gehéieren d'Alstad, de Wawel an d'Salzminne vu Wieliczka a Bochnia zur UNESCO-Weltkulturierwen. 2000 war Kraków europäesch Kulturhaaptstad.

Kraków ass och bekannt fir seng gutt polnesch an international Kichen a fir seng vill historesch a kulturell bedeitend Tavernen a Bistroen, dacks a verwëllefte Kelleren, wéi beispillsweis d'Piwnica pod Baranami, wou Cabaret a Concerten opgeféiert ginn.

Klima[änneren | Quelltext änneren]

Kraków huet e fiichte kontinentale Klima, staark beaflosst vun der jeeweileger Wandrichtung : De Westwand bréngt virun allem am Summer fiicht Loft a Reen, wärend de Wand aus dem Oste fir dréchen a kal Wantere suergt.

D'Duerchschnëttswäerter am Januar leie bei 1,2 °C, mä Minusgrade bis zu -20 °C sinn net rar. Am Summer si staark Donnerwiedere méiglech.

Klimatabell[1]
  Jan Feb Mär Apr Mai Jun Jul Aug Sep Okt Nov Dez
Duerchschnëttlech Héchsttemperatur (°C) 1.0 2.5 7.5 14.0 19.4 21.9 24.2 23.7 18.4 13.6 6.5 1.8
Duerchschnëttlech Déifsttemperatur (°C) −4.9 -4.0 0.6 3.9 8.8 11.9 13.7 13.2 9.3 4.8 0.3 -3.6

Kuckeswäertes[änneren | Quelltext änneren]

D'Duchhalen Sukiennice an d'Neit Stadhaus um Rynek Główny, dem Haaptmaart vu Kraków.

Déi meescht Sehenswierdegkeete sinn an der Alstad, déi vun enger breeder Bamallee (Planty) op der Plaz vun de fréiere Stadmaueren ëmginn ass.

De klassesche Parcours fänkt beim Monument vun der Schluecht vu Grunwald (1410) un. Et ass de Kinnekswee, deen d'Kinneke vu Pole geridde sinn fir an hiert Schlass um Wawel ze kommen. Vun do aus geet et laanscht de Barbakan an duerch d'Florianstrooss (Ulica Floriańska) op den Haaptmaart (Rynek Główny), dee mat 40.000 eng vun de gréisste Maartplazen an Europa ass.

Do sti schéi Patrizierhaiser a vill Restauranten a Caféë mat Terrassen an/oder verwëllefte Kelleren. Ënnerierdesch féiert e ganz modernen archeologesche Musée d'Visiteuren an d'Geschicht vun der Stad a vu Polen an.

D'Häerzstéck sinn d'Duchhalen (Sukiennice), wou haut Souveniren an Handaarbechte vu gudder Qualitéit verkaaft ginn.

Altor vum Veit Stoß an der Mariekierch.

Zwou Kierche sinn op der Maartplaz ze gesinn, déi romanesch Adalbertskierch, a virun allem déi gotesch Mariekierch, an där de Prachtaltor vum Veit Stoß (Wit Stwosz) aus dem 15. Joerhonnert steet. Mat sengen ausdrocksstaarke grousse Figuren ass et de gréissten Tryptique an Europa. Am Klackentuerm vun der Mariekierch steet en Trompettespiller (Hejnał), deen all voll Stonn eng ofgebrache Melodie spillt, déi drun erënnert, datt d'Tataren am 13. Joerhonnert d'Stad iwwerfall hunn, an de Claironiste matzen a senger Sonnerie vun engem Feil an den Hals getraff gouf.

Ënnerwee fir bei d'Schlass geet den Tour weider duerch d'Ulica Grodzka Richtung Wawel. Do ass virun allem d'Franziskanerkierch mat de Fënstere vum Krakówer Kënschtler Stanisław Wyspiański ze kucken, sou wéi och d'Dominikanerkierch, d'Péiter-a-Paulkierch, d'Andreaskierch an déi evangeelesch Mäerteskierch.

D'Muttergottesbasilika.

An der Kathedral hl. Stanislaus an hl. Wenzel um Wawel leien déi meescht polnesch Kinneken an Äerzbëscheef vu Kraków begruewen. Do goufen d'Kinneke vu Polen och gekréint.

Ënner dem Wawelhiwwel, deen 20 Meter iwwer der Weichsel läit, ass eng Grott, wou der So no am fréie Mëttelalter de Waweldraach gelieft hätt. Eng modern Plastik vum Draach erënnert drun.

Hanner der Kathedral ass d'Renaissance-Schlass, an deem besonnesch eng grouss Kollektioun vu Wandteppecher ze gesinn ass.

Kraków ass, no Prag, déi zweeteelst Universitéitsstad a Mëtteleuropa. Am Collegium Maius sinn dem Kopernikus seng astronomesch Instrumenter an den eelste Globus mat Amerika drop ze gesinn. Den Apdiktsmusée an de botanesche Gaart gehéieren och zum wëssenschaftlechen Tour vu Kraków.

Konschtintresséiert Touriste kënnen am Czartoryski-Musée dem Leonardo da Vinci seng weltberüümt Dame mam Hermelin bewonneren. Och dem Jan Matejko säi Gebuertshaus an dem Kënschtler Józef Mehoffer säin Haus sinn eng Visitt wäert.

Um lénkse Weichselufer ass déi jiddesch Stad Kazimierz, déi bis 1800 eegestänneg war. Do si virun allem interessant Synagogen a Restaurante mat jiddeschem Flair (Klezmer…) a Kascht ze besichen. Haut ass Kazimierz virun allem ee Studentequartier, deen och vill Touristen unzitt.

Als Zousaz zu der Visitt vun Auschwitz-Birkenau bitt sech dem Oskar Schindler seng Fabrick un. Do ass zënter 2010 eng Ausstellung iwwer de Krakówer Ghetto am 2. Weltkrich, an iwwer déi Judden, déi den Oskar Schindler virun der Ermuerdung gerett huet (cf. Schindler's List).

Westlech vum historeschen Zentrum leien d'Błonia-Wisen (48 Hektar), och nach Poopstwiss genannt, wéinst de Masse vum Jean-Paul II., an de Wolski-Bësch (Las Wolski) mam Klouschter an dem zoologesche Gaart.

De Wawel.

An der Géigend vu Kraków:

Kapell an der Salzminn vu Wieliczka, UNESCO-Weltkulturierwen.

Bibliographie[änneren | Quelltext änneren]

  • Jan K. Ostrowski. KRAKÓW. Wydawnictwa Artystyczyne i Filmowe, Warszawa, 1992.
  • Izabella Gawin. Polen. Der Süden. Reise Know How-Verlag, Bielefeld, 2017.
  • Joanna Tumielewicz. MARCO POLO Reiseführer Krakau: Reisen mit Insider-Tipps. 2017

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kraków (Krakau) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Klima