Jean-Paul II. (Poopst)

Vu Wikipedia
Jean-Paul II.
Gebuertsnumm Karol Józef Wojtyła
Pseudonym Andrzej Jawień, Stanisław Andrzej Gruda, Piotr Jasień
Gebuer 18. Mee 1920
Gestuerwen 2. Abrëll 2005
Roum
Doudesursaach Parkinson-Krankheet
Nationalitéit Polen
Aktivitéit Priister, Dichter, Politiker, Schrëftsteller, Mënscherechtler, Professer, Philosoph, Poopst, Äerzbëschof, kathoulesche Bëschof
Famill
Mamm Emilia Wojtyła
Geschwëster Edmund Wojtyła

De Jean-Paul II. (lat.: Ioannes Paulus PP. II), biergerlech Karol Józef Wojtyła, gebuer den 18. Mee 1920 zu Wadowice, Polen, a gestuerwen den 2. Abrëll 2005 am Vatikan, war den 264. Poopst an der Geschicht vun der Réimesch-kathoulescher Kierch. Säi Pontifikat huet de 16. Oktober 1978 ugefaangen an huet nohalteg souwuel d'Endphas vum Kale Krich wéi och d'Zäit duerno geprägt. Hie war nom Pius IX. deen Nofollger vum Péitrus, deen am zweetlängsten an der Geschicht amtéiert huet. Den 28. Juni 2005 huet de Séilegspriechungsprozess ugefaangen. Den 1. Mee 2011 huet säi Successeur, de Benedikt XVI. hie séileg gesprach, an de 27. Abrëll 2014 huet deem säi Successeur Franciscus e fir helleg erkläert.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet a Jonktem[änneren | Quelltext änneren]

De Karol Wojtyla gouf zu Wadowice, enger klenger Stad bei Kraków, als Jong vun engem fréiere k.u.k. Offizéier gebuer, deen awer dee Moment als Schneider seng Sue verdéngt huet. Seng Mamm, d'Emilia Kaczorowska, ass gestuerwe wéi de Karol néng Joer al war. Am Alter vun 12 Joer huet hien dunn och nach säin eelere Brudder Edmund verluer, deen de 5. Dezember 1932 als jonke Medezinner zu Bielitz (Bielsko-Biala) u Scharlach gestuerwen ass. De spéidere Poopst hat seng Schwëster ni kenne geléiert, si war scho viru senger Gebuert gestuerwen.

Vun 1930 u war hien am Lycée an huet och vun 1934 un Theater gespillt. De Karol war Massendénger an als éiergäizege Schüler bekannt. Hien huet seng Schoul mat Beschtnotten ofgeschloss. Am Summer 1938 ass hie mat sengem Papp op Kraków geplënnert an huet sech do fir e Philosophie- a Literaturstudium op der Jagiellonen-Universitéit ageschriwwen. Dräi Joer méi spéit, am Joer 1941, ass dunn och säi Papp gestuerwen.

Op der Uni huet hie sech der Experimentaler Theatergrupp „Studio 39“ ëm den Tadeusz Kudliński ugeschloss, an där hie bis 1943, zum Schluss virun allem am Ënnergrond, gewierkt huet. No dem Ausbroch vum Zweete Weltkrich ass d'Universitéit vun den däitschen Okkupanten zougemaach ginn. 183 Proffe si verhaft ginn, a verschiddener sinn an de Konzentratiounslagere gestuerwen. De Wojtyla huet säi Studium an enger Ënnergronduniversitéit weidergefouert. 1942 ass hien du gezwonge ginn an engem Steebroch an 1944 an enger Chimiesfabréck ze schaffen. Hie konnt sou seng Deportatioun an Däitschland verhënneren.

Wadowice a Kraków si Plazen déi virum Zweete Weltkrich ganz staark vun der jiddescher Kultur beaflosst waren. Dëse Fait huet dem Karol säi positiivt Verhältnes zum Juddentum staark beaflosst. Seng Intresse ware breet gefächert: hien huet sech am rhapsodeschen Theater engagéiert an ass am Oktober 1942 an de geheime Seminär vu Kraków agetrueden. Vun do un, bis datt de Krich eriwwer war, hat hien e Refuge an der Residenz vum Äerzbëschof Adam Stefan Saphieha.

Paschtouer a Professer[änneren | Quelltext änneren]

Den 1. November 1946 ass de Karol Wojtyla vum Adam Stefan Saphieha, dee mëttlerweil zum Kardinol avancéiert war, heemlech zum Priister geweit ginn. Hie promovéiert an den nächsten zwee Joer, op Uweisung vum neie Kardinol, zu Roum am Angelicum iwwer Theologie an d'Mystik vum hellege Jang vum Kräiz. Den 3. Juli 1947 huet hien eng Lizenz an der Theologie an de Juni 1984 en Doktorat an der Philosophie gemaach.

Duerno war hie Kaploun zu Niegowic bei Gdów a spéider war hien dunn an der Krakauer Studentekierch täteg, wou hie ganz séier fir seng Priedegte bekannt gouf. Seng onkomplizéiert Aart a Weis hunn hien zu engem beléiften Uspriechpartner vu Studente gemaach. De Woityla promovéiert bis 1949 och an der Theologie.

Vun 1953 un huet de Karol als Professer zu Krakau Coursen an der Moraltheologie gehalen. 1954 huet hie Philosophie a Sozialethik op der kathoulescher Universitéit vu Lublin studéiert, wou hie säi Proffenexame gemaach a gepackt huet.

Bëschof a Kardinol[änneren | Quelltext änneren]

Den 28. September 1958 gouf hie Weibëschof vu Krakau. De Wojtyla huet aktiv um Zweete Vatikanesche Konzil deelgeholl. Säin Haaptargument war d'Reliounsfräiheet, déi am Dokument Digniatis Humanae beschwuer gouf an eng zäitgeméiss Verkënnegung vun der Léier, déi am Konzilpabeier Gaudium et Spes gefuerdert gouf.

Den 13. Januar 1964 gouf de Karol dem Kardinol Sapieha säi Nofollger als Äerzbëschof vu Krakau. Säin Episkopat gouf virun allem duerch déi „schounend“ Konfrontatioun mat dem kommunistesche Regime a Pole markéiert. Säin Drängen op de Bau vun enger Kierch an der neier Aarbechterstad Nowa Huta a seng Priedegten, wou hien déi fräi Ausübung vun der Relioun fir all Pole gefuerdert huet, hunn hien als couragéierten Antikommunist bekannt gemaach. 1965 war hien um Bréif vum polneschen Episkopat un déi däitsch Bëscheef bedeelegt, an deem hien dozou opgeruff huet, datt déi zwee Vëlker sech nees solle besser matenee verdroen. Och dëst huet zu schaarfen Ugrëff vum kommunistesche Pouvoir gefouert.

Zum Kardinol erhuewe gouf hien de 26. Juni 1967 mat der Titelkierch "San Cesare in Palatio".

Wéinst de kierchleche Beméiungen ëm déi däitsch-polnesch Verstännegung huet de Karol 1974 d'Bundesrepublik Däitschland besicht an huet zesumme mam Kardinol Döpfner den 19. September eng Mass am Karmeliterinneklouschter „Hellegt Blutt“ am fréiere KZ Dachau zelebréiert. Als Poopst huet hien du spéider 48 vun deene Paschtéier, déi do inhaftéiert waren, séileg gesprach. Am September 1975 huet hie mam Bëschof Joachim Meisner, dee spéider ënner dem Jean Paul II. och Kardinol gouf, eng Pilgermass zu Erfurt gehalen. Ee leschten Däitschlandbesuch huet hien zusumme mam Primas vu Polen, dem Kardinol Wyszyński, 1978 gemaach.

Poopst[änneren | Quelltext änneren]

D'Ufanksjoere vum Pontifikat[änneren | Quelltext änneren]

Mat dëse Wieder gouf bekannt gemaach, woumat kee gerechent hat: „Annuntio vobis gaudium magnum: habemus Papam. Eminentissimum ac reverendissimum dominum, Dominum Karol Józef, Sanctae Romanae Ecclesiae cardinalem Wojtyla, qui sibi nomen imposuit Ioannes Paulus PP. II.“.

De Karol Wojtyla ass de 16. Oktober 1978 vun den 111 Kardineel (am 8. Tour mat 97 – 99 Stëmmen) zum Nofollger vum Jean Paul I., deen den 28. September 1987 gestuerwe war, gewielt ginn. Hie war domat den 264. Poopst a Bëschof vu Roum (no kierchlechem Zielen), hie war deen éischten net italieenesche Poopst zanter dem Hadrian VI. (*1459 zu Utrecht) sou wéi den éischte slawesche Poopst zanter dem Pius IX.. De Karol war och dee jéngste Poopst an der Kierchegeschicht. Ausserdeem war hie kierperlech top fit, wat net ëmmer bei de Peepst de Fall war. Hien huet souguer nach Sport gedriwwen: en ass vill geschwommen, en ass gär an d'Bierger trëppele gaangen an e soll méi wéi 100 mol de Vatikan heemlech verlooss hu fir Ski ze fueren.

D'Attentater vun 1981 an 1982[änneren | Quelltext änneren]

Den 13. Mee 1981 huet den tierkesche rietsextreme Mehmet Ali Ağca op der Péitersplaz op de Jean-Paul II. geschoss.

D'Marieveréierung vum Jean Paul II. war besonnesch grouss. Well den Dag vum Attentat op den Dag vun der éischter Marienerscheinung vu Fátima gefall ass, huet de Jean Paul II. d'Maria, d'Gottesmamm, fir seng Rettung responsabel gemaach an en huet hir mat enger Pilgerrees a Portugal Merci gesot. Hien hat d'Projektil vergolden an an eng gëlle Kroun abaue gelooss, déi en der Madonna vu Fátima geschenkt huet. D'Mariestatu dréit bis haut dës Kroun mat der Kugel um Kapp.

D'Hannermänner vum Attentat goufe laang Zäit beim sowjetesche Geheimdéngscht KGB vermutt. Et ass allerdéngs net bestätegt ginn, well den Attentäter selwer bis Mäerz 2006 näischt iwwer d'Hannergrënn vum Attentat gesot huet. Mëttlerweil behaapt hien, Ënnerstëtzung aus dem Vatikan selwer kritt gehat ze hunn. 2006 huet déi italieenesch Recherchekomissioun offiziell confirméiert datt d'Attentat am Optrag vum Leonid Breschnew gemaach gouf, a Kooperatioun mat dem bulgareschen a russesche Geheimdéngscht an der Stasi.

Den 12. Mee 1982 huet een ultrakonservativen Unhänger vum Beschof Marcel Lefebvre, den Abbé Jean Fernandez, op enger Pilgerrees a Portugal e weidert Attentat op de Poopst verübe wëllen. Seng Läifwiechter hunn de bewaffente Mann awer dorun hënnere kënnen. De Paschtouer, dee schéisse wollt, huet seng Dot mat der „Rettung“ vun der réimesch kathoulescher Kierch begrënnt virun de Beschlëss vum Zweete Vatikanesche Konzil.

De weidere Verlaf vum Pontifikat[änneren | Quelltext änneren]

Den 28. Mee bis den 2. Juni 1982 huet de Jean-Paul II. als éischte Poopst zanter 450 Joer, also zanter der Trennung vun der Anglikanescher Kierch Groussbritannie besicht. Hie war op Besuch bei der Kinnigin Elisabeth II. a war an der Kathedral vu Canterbury bäi engem ökumeenesche Gottesdéngscht dobäi. 1982 war hien an der Schwäiz, 1983 déi éischt Kéier an Éisträich.

Wéi d'UNO 1985 Joer vun der Jugend hat, huet de Jean-Paul II. Grënnung vum Weltjugenddaag bekannt ginn. Den éischte Weltjugendaag war 1986 zu Roum, vun do un ass hien a reegelméissegen Ofstänn a verschiddene Länner.

De 27. Oktober koum et dunn zu Assisi zu dem vum Jean-Paul II. agefouerte Gebiet vun de Weltrelioune fir de Fridden.

Kuerz nom Fall vun der Berliner Mauer – den 1. Dezember 1989 gouf de Michail Gorbatschow vum Poopst empfaangen, et war déi eenzeg Kéier datt ee KpdSU-Generalsekretär vun engem Poopst empfaange gouf.

Den 31. Oktober 1992 huet déi Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften hire Rapport iwwer de Fall Galileo Galilei un de Poopst weiderginn, hien hat Peepstlech Akademie mat dësem Bericht beoptraagt.

1994 huet den US-Magazin TIME de Jean-Paul II. zum Mann vum Joer gewielt.

De 15. Januar 1995 huet de Poopst zu Manila de gréisste Gottesdéngscht an der Geschicht vun der RKK viru 4 Millioune Leit zelebréiert. Et war zousätzlech déi gréisst historesch noweisbar Versammlung vun der Mënschheet. Den 21. Januar ass hien ob Kuba gepilgert.

De Poopst ass an den 1990er och e puermol operéiert ginn, sou ass him 1992 ee guttaartegen Tumor aus dem Déckdaarm eraus geholl ginn. Nodeem hien am Buedzëmmer gefall war huet hie sech d'Hëft gebrach an huet missen ee kënschtlecht Hëftgelenk agesat kréien.

Mat dem Opmaache vun der „Helleger Paart“ de 25. Dezember 1999 huet hien d'Feierlechkeete fir d'hellegt Joer 2000 ugefaangen. Den 12. Mäerz 2000 huet de Poopst ee „Mea culpa“ ausgesprach fir der Kierch hir Verfeelunge wéi Glawenskricher, Juddeverfollgung an Inquisitioun. Aacht Deeg méi spéit ass hien an Israel, Jordanien an an déi palestinensesch Gebidder gereest. Hien huet den Holocaust-Memorial Yas Vashem an Israel besicht an hien huet bei der Klagemauer gebiet.

No den Terroruschléi vum 11. September 2001 an den USA an dem Krich am Afghanistan huet de Poopst zu engem zweete Weltgebietsdag opgeruff.

Am Joer 2003 ass hie fir de Friddensnobelpräis nominéiert ginn, de 24. Mäerz 2004 huet hien den ausseruerdentleche Karlspräis vun der Stadt Oochen fir säin Asaz fir Fridden, Fräiheet an Demokratie kritt. Am Juni 2004 huet hien d'Fräiheetsmedaille vum George W. Bush kritt, déi héchst zivil Auszeechnung an den USA.

Krankheet an Doud[änneren | Quelltext änneren]

Déi lescht Jore vu sengem Pontifikat ware vu senger Krankheet markéiert, déi am Laf vun der Zäit ëmmer méi schlëmm gouf. Bei sengen ëffentlechen Optrëtter sinn ëmmer seng Schwieregkeete beim Schwätzen, säin Zidderen a seng Lähmungserscheinungen opgefall, all déi Syndromer si vu senger Parkinson-Krankheet ausgaangen. Hien huet massiv ënner de Follge vum Attentat gelidden, an och un enger Arthritis am Knéi als Folleg vu senger Hëftoperatioun.

Obwuel hien am Ufank vum Pontifikat mat enger gudder Gesondheet ee grousse Virdeel vis-à-vis vun anere Peepst hat, sou ass d'Bild vun engem matgehollene, kranke Poopst dach an de Käpp vun de Leit agebrannt. Säin allgemengen Zoustand huet och ëmmer méi zu Spekulatioune gefouert iwwer e méigleche Récktrëtt, mat dem Saz „Ech leeë mäi Pontifikat a Gottes Hänn“ ass hien deene Gerüchter vun de Kritiker geschéckt ausgewach. Ee Récktrëtt wier eppes Besonnesches an der Geschicht vun der RKK gewiescht. Aussoen, datt hie sech ee Récktrëtt awer duerch de Kapp goe gelooss huet, huet een awer a verschiddene Passage vu sengem Testament fonnt.

Ufank 2005 ass et dem Poopst méi schlecht gaangen, hien ass weinst enger Kehlkopfentzündung an Otemnout an d'Gemello-Spidol zu Roum bruecht ginn. Nodeem hien den 10. Februar erëm entlooss gouf, ass hien de 24. Februar no engem Réckfall erëm ageliwwert ginn, an et gouf een Loftrouerschnëtt duerchgefouert.

Den 13. Mäerz 2005 ass hien zeréck an de Vatikan bruecht ginn, huet awer net konnten aktiv un den Ouschterfeierlechkeeten deelhuelen. Hien ass just Ouschtersonndeg stomm op der Fënster vu sengem Aarbechtszëmmer gewise ginn, an huet de Seegen „Urbi et Orbi“ gespent. Den 30. Mäerz huet hie sech op een neist zum gewinnte Mëttwochstermin an der Fënster weise gelooss, dat war säi leschten ëffentlechen Optrëtt.

Dem offizielle Bericht vum Amtsblat Acta Apostolicae Sedis noo, huet de Jean Paul II. den 2. Abrëll 2005, um 15:30 op polnesch seng leescht Wieder gesot: „Loosst an d'Haus vum Papp goen“ Véier Stonne méi spéit ass hien an de Koma gefall. Um 21:37 ass de Jean Paul II., de Karol Wojtyla am Alter vun 84. Joer a senge Privatraim gestuerwen. Een neie Spidolsobenthalt, an intensiv medezinesch Behandlung huet de Poopst ofgeleent. Säi Stierwen ass vun ausféierleche Live-Berichterstattunge vun internationalen Medie begleet ginn.

Moral[änneren | Quelltext änneren]

Sexmoral[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Paul II. huet un den alen, an der Enzyklia Casti counbii vum Pius XI. geschafene Richtlinne festgehalen, no deenen d'Empfängnesverhidden de Katholicken net erlaabt ass. Hien huet un den traditionelle Sex-Richtlinne festgehalen, déi soen, Sex géif souwuel der Fortplanzung déngen, wéi och der Erfëllung vum Partner mat Freed, wann awer elo eng vun deenen zwou Optiounen net erfëllt war (also express verhitt gouf) war et „feelgeleete Sex“. Scho viru senger Aarbechtszäit als Poopst huet hien un der Enzyklika Humanae Vitae matgeschafft, déi d'Pëll als Verhiddungsmëttel ofleent.

An der Enzyklika Evanglium Vitae huet de Jean Paul II. och aner Agrëffer an d'Natur, wéi zum Beispiel Sterilisatioun ofgeleent. Am Evangelim Vitae huet de Poopst och d'Meenung vertratt, datt Kondomer och zur Virbeugung vu Geschlechtskrankheeten (z. B. AIDS) net erlaabt sinn. Amplaz huet hie gemengt, Enthaltsamkeet wier déi richteg Léisung. Hien huet sech doduerch staarker Kritik vun den Hëllefsorganisatiounen an der UNO missen aussetzen. Kritiker hunn der RKK Schold un der Immunschwächekrankheet ginn. Pro-Kierchler, hu sech gewiert, an domat argumentéiert datt ee Brochdeel vun de Länner wou HIV/AIDS staark ausgebrach waren iwwerhaapt kathoulesch wieren, si hunn d'Schold op de Manktem un Opklärung an Hygiène gedréckt.

Am Bezuch op Homosexualitéit, huet de Poopst Lesben a Schwuler zur Keuschheet opgeruff. Vu Politiker huet hie gefuerdert, gläichgeschlechtlech Partnerschaften net z'erlaben, weeder a Form vun enger Hochzäit, nach vun enger agedroener Partnerschaft (wéi se hei zu Lëtzebuerg erlaabt ass (PACS)).

Schwangerschaftsofbroch[änneren | Quelltext änneren]

Am Buch „Erinnerung und Identität – Gespräch an der Schwelle zwischen den Jahrtausenden“ huet de Jean Paul II. opgeruff, Gesetzer zum Theema Ofdreiwung ze hannerfroen. Politiker a Parlamenter, déi Gesetzer erloossen déi Ofdreiwung erlaabe, solle sech bewosst sinn, datt si geint Gottes Gesetz géife goen, an an d'Natur géifen agréifen.

A den 1990er Joren, huet de Poopst sech dogéint ausgeschwat d'Ofdreiwungsgesetz méi labber ze maachen. Ofdreiwung, sou de Jean Paul II. ass Muerd.

Andeems hie sech op säi Jurisdiktionsprimat beruff huet, huet hien déi däitsch Bëscheef gezwongen ze verbidden datt kierchlech Berodungsplazen Berodunsattester ausstellen, déi een an Däitschland muss opweises hunn fir bis zum drëtte Mound kënne stroffräi ofzedreiwen.

Kierchlech Berodungsplazen hu sou déi staatlech Unerkennung verluer. Déi meescht Bescheef, déi géint dës Entscheedung vum Poopst waren, hu ëmsoss probéiert de Poopst ëmzestëmmen. D'Bëscheef hunn d'Meenung vertratt, datt eng kathoulesch Schwangerschaftsberodung ee wichtege Schutz fir ongebuere Liewe wier. Nom Ausstig vun der kathoulescher Kierch aus dem staatleche System gouf de Veräin Donum Vitae gegrënnt, den amplaz vun de Kierchen elo eng kathoulesch orientéiert Schwangerschaftsberodung ubitt, déi och vum Staat unerkannt gëtt.

Ekologie[änneren | Quelltext änneren]

Fir de Jean Paul II, war Ëmweltzersteierung ee moralesche Problem, et war eng Konsequenz fir déi aus der Balance gerode Bezéiung zwëscht de Mënschen an der Schëpfung.

D'Méiglechkeet dee Problem ze vermeiden, huet hien an der Réckbesënnung op chrëschtlech Wäerter gesinn. Ursaach ware fir hien net nëmmen déi politesch Hënnernesser a Form vun iwwerdriwwenem Nationalismus an den ekonomeschen Intressi mä besonnesch d'feelend Solidaritéit tëscht de Mënschen. De Jean Paul II. huet ëmmer erëm gefuerdert datt Mënsche solle Verantwortung fir sech selwer, hir Matmënschen an d'Äerd iwwerhuelen. Hien huet dowéinst ëmmer erëm déi „ekologesch Beruffung“ vun de Chrëschte betount, sou wéi een ekologesch tragfäege Liewensstil a global Solidaritéit als een onverzichtbare Glawen a Liewenszeegnes an der moderner Gesellschaft gepriedegt. Et wier Respekt virun der Schëpfung a virun de kommende Generatiounen.

Sozialethik[änneren | Quelltext änneren]

Nieft senger Kritik vum Kommunismus a Sozialismus war de Jean Paul II. och ee schaarfe Kritiker vum neoliberale Kapitalismus. Hien huet sech fir d'Rechter vun den Aarmen a vun deene Leit déi schaffen agesat, an huet Mënscherechtsverletzung wéi Ausbeutung virgeworf, an den Enzyklike Laborem Exercens(1981) a Sollicitudo Rei Socialis (1987). D'Enzyklika Centensimus Annus vun 1991, verëffentlecht fir den 100ste Joresdag vun der éischter peepstlecher Sozialenzyklia Rerum Novarum, akzeptéiert déi sozial Maartwirtschaft mat grousser Däitlechkeet anescht wéi a fréieren Dokumenter. Am Kompendium vun der Sozialléier vun der Kierch, den de Vatikan 2004 erausbruecht huet (eng däitsch Iwwersetzung ass 2006 erauskomm), gi Grondsätz vun der kathoulescher Sozialléier a kuerzer Form zesummegefaasst. Sozialuerdnung awer just verschidden Aspekter vun enger „Ziviller Léift“, sou de Jean Paul II. un eng Formuléierung vum Poopst Paul VI. Vun 1975 uknäppend, soll der Jugend als Programm un d'Häerz geluecht ginn.

Kierchepolitik[änneren | Quelltext änneren]

D'Monument vun der Poopst-Visite zu Esch-Uelzecht
Erënnerungsplack un d'Visite vum 15. Mee 1985

D'Amtszäit vum Jean Paul II. war geprägt vu staarke representativen Aspekter vum Poopstamt. Dat huet sech am Ufank virun allem duerch déi vill Auslandsreese vum Poopst an déi vill Pastoralbesich bemierkbar gemaach. Séier war hien net méi den däitschen „heiliger Vater“, mä gouf do „eiliger Vater“ genannt. 1980, 1987 an 1996 war hien an Däitschland, 1983, 1988 an 1998 an Éisträich, a véiermol an der Schwäiz (1982, 1984, 1985 an 2004).

Visite zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

De Jean-Paul II huet als éischten a bis elo eenzege Poopst och Lëtzebuerg besicht, als Deel vu senger 26. Auslandsrees duerch d'Benelux-Länner. Seng Visite huet 32 Stonne gedauert a war op 11 Etappe verdeelt, déi wichtegst dovu waren eng Mass de 15. Mee 1985 virum Portal II vun Arbed-Belval virun Dausende vu Leit, de 16. Mee eng Mass um Glacis viru 60.000 Leit an eng Visite zu Iechternach. Bei dëser Visite huet hie perséinlech de Bëschof Jean Hengen kuerz virum Fortfléien zum éischten Äerzbëschof vu Lëtzebuerg ernannt.[1]

Interreliéisen Dialog[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Paul II. huet sech méi staark wéi seng Virgänger fir den interreliéisen Dialog agesat, besonnesch mam Juddentum, dem seng Vertrieder hien als „eeler Geschwëster vun de Chrëschten“ bezeechent huet, an dem Islam. Sichtbaren Ausdrock hunn dës Beméiungen an deenen zwee Weltgebietstreffe vun der Relioun 1986 an 2002 zu Assisi fonnt. Och an dee vun him an d'Liewe geruffene Weltjugenddaag betount de Jean Paul II. den Dialog zwëscht de Kulturen an de Reliounen. Den 13. Abrëll 1986 huet hien als éischte Poopst zu Roum eng Synagog betratt, an de 6. Mee 2001 zu Damaskus als éischte Poopst eng Moschee (Umayyaden-Moschee).

De 16. Mäerz 1998 huet de Vatikan am Dokument Nodenken iwwer Shoa Matschold vun de Chrëschten um Holocaust beklot. D'peepstlech mea culpa den 12. Mäerz 2000 ass als historeschen Akt bezeechent ginn. De Jean Paul II. hat kiechrlech Feeltrëtt am Glawenskrich, der Juddeverfollgung an der Inquisitioun gestohn. Ob senger Pilgerrees op Israel, Jordanien an anaalästinensergebidder huet dedeoopst un der „Klagemauer“ gebiet, dem bebedeitesteiddeschen Hellegtum, an huet Holocaust-Gedenkstätte Yad Vashem besicht. Scho méi fréi, den 30. Dezember 1993, konnt Jerusalem de Grondlagevertrag vum Vatikan mat Israel iwwer Ophuele vun diplomatesche Bezéiungen ënnerschéiwen.

Fir seng Beméiunge gouf de Jean Paul II. mat dem "Award of Tolerance and Contribution to Dialogue" vun der rumänescher Kommissioun vun der UNESCO ausgezeechent.

Ökomene[änneren | Quelltext änneren]

Ee besonnescht Uleies vum Poopst war d'Ökomene.

Bei sengem éischten Däitschlandbesuch 1980 gouf eng kathoulesch-lutheresch Kommissioun agesat, där hir Aarbecht 1999 een Héichpunkter an dem Ennerschreiwe vun enger réimesch-kathoulescher – lutherescher gemeinsam Rechtfäerdegungsléier fonnt huet. De Jean-Paul II, war den éischte Poopst den eng lutheresch Kierch besicht huet. Hien huet awer och festgestallt, datt wéinst ënnerscheedlechen Opfaassunge vun Eucharistie respektiv vun der Owesmoolzecht eng Interkommunioun zur Zäit net méiglech maachen. Hien huet dowéinst an der Ecclesia den Eucharistia déi de 17. Abrëll 2003 verëffentlecht gouf, d'Deelhuele vu kathoulesche Priister an enger protestantescher Owesmoolzechtfeier verbueden. D'Verbuet huet bei verschiddene Paschtéier a bei Gruppéierunge vun der kathoulescher Kierch zu hefteger Kritik gefouert. D'Vertrieder vun den anere Konfessiounen hunn Aussoen, déi mat dem Schreiwes verbonne waren, bedauert. De Jean Paul II, ass domat op der Linn vu senge Virgänger bliwwen.

Och déi vun der Kongregatioun vun der Glawensgemeinschaft verfaassten, a vum Jean Paul II. bestätegen Erklärung Dominus Jesus, an der der protestantescher Kierch de Rang als gläichberechtegt Partner vun der kathoulescher Kierch ofgeschwat gouf, huet zumools an eisem Nopeschland Däitschland wou Konfessioune bont gemëscht sinn, zu staarken Diskussioune gefouert. Vun der evangeelescher Kierch gouf awer festgehalen, datt d'Erklärung Dominus Jesus inhaltlech keng nei Positioun duerstellt. Am Dominus Jesus gouf erkläert, datt sech déi kathoulesch Kierch an engem anere, sakramentaleschem Senn als Kierch versteet wéi aner evangeelesch Kierchen et machen.

Am Bezuch op déi orthodoxe Kierch ass et zwar zu Unäherunge komm, d'Beméiunge vum Poopst op Moskau ze reesen, fir do déi wichtegst Vertrieder vun der Orthodoxie - de russesche Patriarch Alexej II. - ze treffen, ass schlussendlech un dem sengem Widderstand gescheitert. Den Alexej huet der RKK massiv Missiounstätegkeeten an den orthodoxe Glawensregioune virgeworf.

Kierchlech Ugeleeënheeten[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Paul II. war a bannekierchleche Froe konservativ. Kritiker hunn him virgeworf, datt hien Theologen, Paschtéier, Uerdensleit a Bescheef déi him géint de Strech gaange sinn „inquisitoresch“ verfollegen, sou zum Beispiel Tissa Balasuriya (Sri Lanka), Leonardo Boff (Brasilien), György Bulányi (Ungarn), Edward Scjoööebeeckx (Belsch), de Beschof Jacques Gaillot (1995 Beschof vun Evreux ofgesat an zum Titulärbëschof vum Bistum Partenia ernannt (Bistum Partenia existéiert haut net méi)) an den Äerzbëschof Raymond Hunthausen (USA; 1991 a Pensioun versat). Den zanter 1973 undauernde Versuch vun de kongoleesesche Bescheef fir d'Inkulturatioun vun eenhemeschen Elementer an der Liturgie stoung hien dogéint oppe géintiwwer a promulgéiert 1988 den Zairesche Masseritus.

Helleg- a Séilegspriechungen[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Paul II, huet a senger Amtszäit 1338 Séileg- an 82 Hellegspriechunge gemaach. D'Zuel vun deene Leit déi all seng Virgänger an de leschte 400 Joer helleggesprach hunn, ass iwwer den Daum, nëmmen hallef sou héich. Als eng vun deene wéinege bestuete Fraen, huet hien déi italieenesch Kannerdoktesch Gianna Beretta Molla helleggesprach, si huet als Virbild vun den Ofdreiwungsgéigner gegollt. Och d'Séileg- an Hellegspriechung vum ëmstriddenen Opus-Dei-Grënner Josemaria Escrivá huet och bannent der Kierch fir staark Kritik gesuergt. Wéi säit dem Poopst Paul VI. gewinnt, huet de Jean-Paul II. och dem Séilegspriechung viergestaan, säin Nofollger de Benoît XVI. huet déi Aufgab dem Prefekt vun der Kongregatioun fir Séileg- an Hellegspriechung iwwerlooss.

Bëschoofsernennung[änneren | Quelltext änneren]

Ëmstridde Bëschofsernennungen duerch de Jean Paul II, hunn ëmmer erëm zu Konflikter gefouert. Do wieren dann zum Beispiel d'Ernennung vum Wolfgang Haas zu Chur a spéider am Liechtenstein, d'Ernennung vum Kurt Krenn zu St. Pölten an déi vum Hans Hermann Gröer, den 1995 wéinst sexuellem Mëssbrauch vu Kanner zeréckgetratt ass. Wéi 1988 géint de Widderstand vum Doumkapitel, de Joachim Meisner als neien Äerzbëschof vu Köln geweit gouf, hunn 160 kathoulesch Héichschoullehrer ëffentlech géint de „réimeschen Zentralismus“ protestéiert.

Fraen[änneren | Quelltext änneren]

Och ënner dem Jean Paul II. gouf d'Reegelung behalen, a Fraen duerfte weeder Bëschof nach Paschtouer oder Diakon ginn. Kritiker gesinn den Auschloss vun de Fraen a Weiämter net duerch Bibel gerechtfäerdegt a fuerderen och an der Kierch Gläichberechtegung vu Mann a Fra. D'Kierch berifft sech awer op déi ganz Traditioun a fënnt datt déi Traditioun net einfach kann ofgebrach ginn.

De Poopst huet d'Ausso vun der Kierch bekräftegt an huet am Dokument „Ordinatio Sacerdotalis“ erkläert: „ Datt also all Zweiwel bezüglech der bedeitender Ugeleeënheet, déi gëttlech Verfassung vun der Kierch selwer betrëfft, bestätegt ass, erklären ech heimat Kraaft menges Amts, d'Bridder ze stäerken, (vgl. Lk 22,32) datt d'Kierch keng Vollmacht huet de Fraen d'Priisterwei ze spenden, an datt all Gleeweg vun der Kierch sech entgülteg un dës Entscheedung ze halen hunn.“ An dëser hefteger Ausso ass och kloer e Verbuet vun der Diskussioun vum Theema vun Theologen erkannt ginn.

Vun dësem Verbuet net betraff, ass Diskussioun zur Wei vun der Fra zur Diakonnin. Dofir gëtt d'Fro, ob och automatesch ni eng Fra Diakon däerf geweit ginn, oder ob dat jeemools wäert de Fall sinn, weider diskutéiert. Wéinst der virherrschender Theologie an dem dräistufege Weisakrament, ass awer unzehuelen, datt et och een definitiven Auschloss vun der Fra aus dem Diakonenamt ass.

Weltpolitik[änneren | Quelltext änneren]

Ëmschwonk a Polen[änneren | Quelltext änneren]

Dem Jean Paul II. gëtt groussen Afloss op d'Demokratiséierung vu Polen zougeschriwwen. Am staark kathoulesch markéierte Polen mat 90 % réimesch kathoulescher Bevëlkerung (dovun zirka 70 % déi praktizéieren) huet seng Meenung een héicht moralescht Gewiicht gehat. Sou huet hie mat sengem Afloss déi antikommunistesch Oppositiounsgewerkschaft Solidarność gestäerkt.

De Lech Walesa huet op de Feierlechkeete fir d'25-järegt Jubiläum vun der Solidarność gesot, dem Jean Paul II. seng Opfuerderung, all Angscht ze vergiessen, hätt Land waakreg gemaach.

Eng wichteg Bedeitung hat och de Besuch vum Poopst a Polen. Hien ass 1979 a Pole gewiescht an e Véirel vun der Bevëlkerung huet de Poopst deemools gesinn. Et war bal eppes wéi eng politesch Demonstratioun. Bei der zweeter Rees 1983 (Krichsrecht huet bestanen), huet de Poopst de Lech Walesa, de Chef vun der verbuedener Gewerkschaft, getraff an d'Staatsspëtzt dozou opgeruff, d'Sozialreforme séier ëmzesetzen. Bei sengem drëtte Besuch 1987 huet hien dem Lech Walesa a senger Famill d'Kommioun ginn. Vum Staats- a Parteichef, dem Wojciech Jaruzelski, huet hie bei sengem Besuch d'Anhale vun de Mënscherechter gefuerdert an de Verbuet vun der Solidarnosc kritiséiert.

Iwwer dem Jean Paul II. seng Bezéiunge sollen CIA-Gelder iwwer de Vatikan u Solidarnosc gefloss sinn.

D'Stad Berlin huet dem Poopst als Merci fir säi Bäitrag fir de Fall vum Eisene Rideau ee Stéck vun der Berliner Mauer geschenkt. Dëst Stéck Mauer ass haut an de Vatikanesche Gäert ausgestallt. De Michail Gorbatschow huet a senge Memoire geschriwwen, déi Saachen déi an Osteuropa geschitt sinn, wieren ouni de Jean Paul II. net méiglech gewiescht.

Mettel- a Südamerika[änneren | Quelltext änneren]

Fir Kritik huet de Poopstbesuch am Chile gesuergt, do war de Jean Paul II. mam Generol Augusto Pinochet zesummekomm, dee fir Zéngdausende vu Mënscherechtsverletzungen a sengem Land verantwortlech war.

De Poopst hat deemools wéineg Verständness fir d'Uleiesse vun der Mëttel- a Südamerikanescher Befreiungstheologie. Ee vun de Vertrieder, den Oscar Romero, ass enttäuscht vu senger Audienz erëm komm, an huet kommentéiert: „De Poopst versteet mech net“. Hien huet dës Befreiungstheologie net nëmme wéinst senger Erfarung aus dem kommunistesche Polen ofgeleent, mä och theologesch Bedenke géint déi op „Diesseits“ reduzéiert Form vu Befreiung, besonnesch géint gewaltsam Duerchsetze vun de Klassekämpf geäussert.

Am Grenzkonflikt tëscht Chile an Argentinien um Beagle-Kanal 1978 huet de Jean Paul II. mat Erfolleg vermëttelt.

Engagement géint Krich[änneren | Quelltext änneren]

De Jean Paul II. huet sech ëmmer géint de Krich agesat, an huet dobäi ee grousst Engagement gewisen. Am Joer 1999 huet hie sech géint de Kosovo-Krich ausgeschwat. Géint den drëtte Golfkrich huet hie sech och ausgeschwat, an huet seng Oflehnung hefteg geäussert, sou huet hie beispillsweis d'Irak-Politik vun den USA bei der Audienz vum George W. Bush am Juni 2004 kritiséiert.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Enzykliken[änneren | Quelltext änneren]

  • 1979: Redemptor hominis – am Ufank vum Peepstlechen Amt.
  • 1980: Dives in misericordia – Iwwer d'gëttlecht Erbaarmung.
  • 1981: Laborem exercens – iwwer déi mënschlech Aarbecht, fir den 90te Joresdag vun der Enzyklika Rerum Novarum
  • 1985: Slavorum Apostoli – zur Erënnerung un d'Wierk vun der Evangaliséierung vun den Hellegen Cyrill a Methodius virun 1100 Joer
  • 1986: Dominum et Vivificantem – Iwwer den hellege Geescht, am Liewe vun der Kierch an der Welt.
  • 1987: Redemptoris Mater – Iwwer d'séileg Jongfra Maria, am Liewe vun der Kierch déi pilgert.
  • 1987: Sollicitudo rei socialis – Zwanzeg Joer no der Enzyklika Populorum Progressio (Paul VI.)
  • 1990: Redemptoris Missio – iwwer déi fortdauernt gëltegkeet vum missionareschen Optrag.
  • 1991: Centesimus annus – fir den honnerste Joresdag vum Rerum Novarum
  • 1993: Veritatis Splendor – Grondleeënd Froen iwwer d'Kierchlech Moralléier.
  • 1995: Evangelium Vitae – Iwwer de Wäert vun der Onverletzlechkeet vum mënschleche Liewen.
  • 1995: Ut unum sint – Iwwer den Asaz fir Ökumene
  • 1998: Fides et Ratio - Iwwer d'Verhältnes vum Glawen a Verstand.
  • 2003: Ecclesia de eucharistia – Iwwer d'Eucharistie an hiert Verhältnes zur Kierch

Aner Schrëften a Musek[änneren | Quelltext änneren]

  • Liebe und Verantwortung, Über Sexualität, 1960, ISBN 3-466-20218-3
  • Römisches Triptychon. Meditationen, 2003, Vatikanischer Verlag (op Italieenesch), ISBN 88-209-7451-7
  • Sehnsucht nach Glück, 2003, Herder-Verlag, Freiburg
  • Auf, lasst uns gehen!, 2004, ISBN 3-89897-045-0
  • Versöhnung zwischen den Welten, Im Gespräch mit den Religionen, 2004, ISBN 3-87996-590-0
  • Erinnerung und Identität - Gespräche an der Schwelle zwischen den Jahrtausenden, 2005, ISBN 3-89897-170-8
  • D'Musekalbum Abbà Pater

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Weigel, George, Zeuge der Hoffnung. Johannes Paul II., Eine Biographie, Paderborn, München, Wien, Zürich 2002 ISBN 3-506-79723-9 (die wohl umfangreichste und am gründlichsten recherchierte Biographie über den Papst)
  • Englisch, Andreas, Johannes Paul II., das Geheimnis des Karol Wojtyla, Berlin 2004 ISBN 3-548-36710-0

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Jean-Paul II. – Biller, Videoen oder Audiodateien
Virgänger Nofollger
Jean-Paul I. Lëscht vun de kathoulesche Peepst Benoît XVI.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Vor 30 Jahren - Der Papst in Luxemburg op wort.lu vum 15. Mee 2015