Mystik

Vu Wikipedia

D'Mystik (v. lat. mysticus: geheimnisvoll, geheim; respektiv v. griich. mystikos oder myein: (Aen a Lëpsen) zoumaachen) ass e reliéist Bestriewen, dat net eréischt an der Zäit nom Doud, mä schonn am Liewen op der Aërd d'Vereenegeung mat enger Gottheet oder d'Erliichtung sicht. Si ass eng an alle Relioune méiglech Haltung vu banneschter spiritueller Erfarung.

Mystik bezeechent déi onmëttelbar erlieft Erfarung (mystesch Erfarung) an/oder d'Erliefnes vun enger gëttlecher respektiv transzendenter Realitéit, déi iwwer dat gewéinlecht Bewosstsinn an déi gewéinlech Erkenntnesfäegkeet vum Mënsch erausgeet. Mystiker gleewen, datt eng Vereenegung mat dem Gëttlechen nëmmen duerch déi perséinlech Erfarung, duerch d'Andauche vun der Séil an dat Gëttlecht geschéie kann. Dësem Zil sollen z. B. materiell begräifbart ekstatescht Dévouement, Meditatioun, Askese, Faaschten, Pilgerfuerten, mä och Selbstgäisselung oder Drogen, déi d'Bewosstsinn veränneren, déngen.

Mystik sollt een net mat irrationalem Glawe verwiesselen, wéi z. B. de Glawen u rosa Eenharen, Heelung duerch Edelsteng, etc. Mystik huet u sech domat ze dinn, de Wonnercharakter am Liewege ze betruechten, d. h. dat wat matzen am Alldag iwwer de Verstand erausgeet. D'Liewen als Wonner ze begräifen heescht och, unzehuelen datt dat, wat jiddwereen ze verstoe mengt, am banneschte Kär onverständlech a verbuerge läit. Dofir ass och de Glawen un d'Wonner vun enger gëttlecher Muecht der Mystik zouzerechnen, well heibäi aus dem absolut Gëttlechen d'Wonner vum Liewe virum Doud gëtt.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mystik – Biller, Videoen oder Audiodateien