Aids

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) AIDS)
Dëse Medezinsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun de Medezinartikelen. Dës Informatioune si fir eng allgemeng Weiderbildung geduecht, mä ersetzen op kee Fall en Dokter oder Apdikter! Och d'Éischt-Hëllef-Rotschléi kënnen op kee Fall mat engem richtegen Éischt-Hëllef-Cours gläichgesat ginn!
Roude Schlapp, Symbol fir Solidaritéit mat HIV-positiven an AIDS-kranke Mënschen

AIDS steet fir Acquired Immune Deficiency Syndrome (engl. fir Defizienz an den Immunfunktiounen déi sech beim Eenzelen am Laf vun der Zäit entwéckelt hunn). Et versteet en dorënner eng spezifesch Kombinatioun vu Symptomer, déi beim Mënsch optrieden, dee mam HI-Virus infizéiert ass, an déi da bei der Zerstéierung vun den Immunfunktiounen optrieden. Dës Symptomer bestinn aus Sekundärinfektiounen an Tumoren. Schonn am Laf vun der symptomfräier Inkubatiounsphas, déi e puer Joer dauere kann, ginn haut antiviral Medikamenter agesat, déi d'Liewenserwaardung bei den Infizéierte verlängert, mä ëmmer nach net zur Heelung féiere kënnen. Eng komplett Eliminatioun vun den HI-Viren aus dem Kierper ass haut nach net bekannt.

Den 1. Dezember ass de Welt-AIDS-Dag, dee vun der UNAIDS – der AIDS-Organisatioun vun de Vereenten Natiounen – organiséiert gëtt.

Symptomer[änneren | Quelltext änneren]

Infektiounssymptomer 2 bis 6 Wochen no der Infektioun weise sech Infektiounssymptomer wei Kappwéi, Gelenkwéi, Féiwer, Uschwëlle vu Lymphkniet, Irritatioun vun der Haut, dacks gëtt se verwiesselt mat enger Gripp. Eng fréi Diagnos ass wichteg fir datt sou séier wéi méiglech mat der Behandlung ugefaange ka ginn. Wat éischter mat der Behandlung ugefaange gëtt, desto méi héich gëtt d'Liewenserwaardung.

Latenzzäit No deene Woche fänkt eng Latenzzäit un, woubäi de Virus sech an där Zäit weiderverbreet mä de Patient selwer näischt spiert. Wéi laang déi dauert, ka kee soen, dat kann no 10 Joer ausbriechen oder och och guer net. Méi spéit kënne Patiente méi dacks krank ginn, well sech d'Viruslaascht erhéicht an een domat och d'Gefor, datt den HIV zu AIDS ausbrécht. Patienten déi HIV-Positiv sinn, lafen éischter Gefor, wéi e gesonde Mënsch, vun Hepatitis ugestach ze ginn.

AIDS No der Latenzzäit brécht AIDS aus, woubäi d'Immunsystem vum Mënsch bal komplett zerstéiert ass, dat heescht de Patient gëtt vun allem krank, woubäi et am Ufank mat enger Gripp ufänkt an de Patient zum Schluss dacks mat enger schwéierer Longenentzündung stierft. Kriibszelle kënne sech och bei AIDS rapid verduebelen an domat de Patient u Kriibs stierwen doen.

Krankheetsverlaf[änneren | Quelltext änneren]

Therapie[änneren | Quelltext änneren]

Eng Heelung ass am Moment nach net a Siicht. Dem Patient kënnen awer Medikamenter verschriwwe ginn, déi d'Weiderentwécklung vum Virus hemmen. Doduerch gëtt den HIV dru gehënnert, sech an d'T-Zellen anzebannen, deenen hir RNA ze kopéieren an da seng eege Virus-RNA géint d'T-Zellen ze fabrizéieren.

HIV-Test[änneren | Quelltext änneren]

Een HIV-Test ass eréischt effektiv, wann ee méi wéi 12 Wochen no der méiglecher Infektioun gemaach gëtt. Am Test gëtt eigentlech nëmmen op HIV-Antikierper déi de Kierper bilt gepréift. Wann der fonnt ginn, ass den Test positiv, wat awer net heescht datt een definitiv HIV-positiv ass. Et gëtt dann nach eng Kéier iwwerpréift fir en zouverlässegt a séchert Resultat. Soll dann näischt fonnt ginn, ass den Test negativ, dat heescht, et ass een net ugestach ginn.

Den HIV-Test zu Lëtzebuerg kann ee fir näischt an der Stad am Centre Hospitalier maachen, um 2. Stack bei der Sektioun "Maladies infectieuses". Beim Hausdokter muss ee Bescheed soen datt een HIV gär matteste well, ouni Bestätegung vum Patient ass et dem Dokter net erlaabt ze testen. An all Laboratoire vu Lëtzebuerg kann een den Test fir näischt maachen, wann ee seng Carte Sociale derbäi huet.

Ustiechen[änneren | Quelltext änneren]

D'Ustiechen ass eigentlech nëmme méiglech wann een a Kontakt mat Blutt, Sperma, Scheedeflëssegkeet a Mammemëllech kënnt. An de Sekrete wéi Urin, Kot a Spaut sinn och HIV-Zellen noweisbar, mä a sou enger klenger Viruslaascht datt et net zu enger Infektioun ka kommen. Déi meescht Infektiounen erfollegen duerch sexuelle Kontakt. Anal- souwéi Vaginalverkéier ass am risikoräichste well déi Zone relativ staark duerchblutt sinn, an duerch kleng Rëss an de Schläimhait eng Infektioun geschéie kann. Am Géigesaz ass Oralverkéier zanter den neiste Studien net wierklech infektiös wann ee gewësse Sécherheetsmoossnamen anhält.

Preventioun[änneren | Quelltext änneren]

Fir eng Infektioun mat dem HIV ze verhënnere gëtt et nëmmen e puer Méiglechkeeten. Déi éischt wier eng Kapëttchen ze benotzen, wat net nëmme virun HIV schützt mä och virun aner sexuell iwwerdrobar Krankheeten. Beim Drogekonsum ass et wichteg steril Nolen ze benotzen.

Verbreedung an der Welt[änneren | Quelltext änneren]

HIV zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Zu Lëtzebuerg ginn eng 600 AIDS Tester am Joer gemaach. No Schätzungen hunn 2014 ronn 1000 HIV-Infizéiert Mënschen zu Lëtzebuerg gelieft, vun deenen 20 bis 30 % net wëssen, datt si de Virus a sech hunn.

Am Joer 2014 goufe 85 Neiinfektioune gemellt. Bei den Hetero- und Homosexuellen ass d'Zuel vun den Neiinfizéierten zimmlech konstant bliwwen, bei Drogenofhängegen hu sech déi Neiinfizéiert awer verduebelt vis-à-vis vum Joer 2013[1],[2].

Am Joer 2017 goufen et 101 Neiinfektiounen, dovu ware 74 Männer a 27 Frae betraff. An 10 Fäll waren infizéiert Sprëtzen d'Ursaach[3].

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: AIDS – Biller, Videoen oder Audiodateien

Zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Allgemeng[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. www.sida.lu/epidemiologie Archivéiert op 2015-08-06. Gekuckt de(n) 2014-12-02.
  2. Neuer Trend bei HIV-Infektionen op wort.lu 1.12.2014
  3. Comité de surveillance du SIDA: Rapport d'activité 2017 Archivéiert op 2019-02-14. Gekuckt de(n) 2018-10-08.