Kot

Vu Wikipedia
E Koup Schofsdrecker.
Päerdsdreck
E Kéiflapp

Kot (lat.: faeces), och nach Fäkalien oder Schäissdreck a beim Mënsch Stull genannt, ass d'Ausscheedung vum Daarm oder der Kloake. En ass den déckflëssege Rescht vun der Narung, déi am Dënndaarm net verdaut an dann am Déckdaarm vu Bakteerien zersat gëtt.

Zesummesetzung[änneren | Quelltext änneren]

Kot setzt sech zesummen aus Waasser, Daarmbakterien, ofgestoussen Zelle vun der Daarmschläimhaut, Sekreter aus de Verdauungsdrüsen, net resorbéierte Bestanddeeler vun der Narung (zum Beispill Schanken) a Gärungs- a Fäulnisprodukter. Bei Ausscheedungen iwwer d'Kloake kommen zousätzlech nach d'Produkter vun der der Exkretioun dobäi. Am Allgemengen maachen d'Réckstänn vun der Narung nëmmen e klengen Deel vun der Mass aus. Méi wéi d'Hallschent ass Waasser, a ronn 20 % si Bakterien, déi sech am Daarm multipliéiert ginn. Nëmmen ongeféiert 25 % vum Kot sinn onverdaute Reschter vun deem, wat giess gouf.[1]

Den direkte Kontakt mat Kot ka fir de Mënsch e Krankheetsrisiko duerstellen duerch Krankheetserreeger, déi vum Kot vun enger Persoun an de Mond vun enger anerer Persoun gelaangen. Haaptursaache fir esou Iwwerdrounge sinn e Mangel un adequate sanitären Ariichtungen a schlecht Hygiènespraktiken.

D'Form, d'Faarf an d'Konsistenz vum Kot hänke vun der Gesondheet an der Ernierung vum Déier oder Mënsch of.

Beim Mënsch ass de Kot vu Fleeschësser vill méi schwéier wéi dee vu Vegetarier, well d'Fleesch vill Protein huet an dowéinst méi laang am Daarm ass fir verdaut ze ginn. Wat den Narungsbräi méi laang am Daarm bleift, wat ëm méi Waasser entzunn gëtt a wat e méi haart a schwéier gëtt. Bei de Vegetarier dogéint ass d'Quantitéit vun der Ausscheedung méi grouss, well si méi Ballaststoffer ophuelen, déi net verdaut ginn an dann och méi séier duerch den Daarm fléissen.[1]

De Begrëff[änneren | Quelltext änneren]

D'Wuert „Kot“ kënnt aus dem alhéichdäitsche „quāt“ aus dem 10./11. Joerhonnert.

De Begrëff „Schäiss“ gëtt am Lëtzebuergeschen – wéi déi respektiv Iwwersetzungen a villen anere Sproochen – als vulgär Interjektioun gebraucht oder als Adjektiv oder Adverb fir eppes Negatives ze bezeechnen. An der Kannersprooch gëtt Kot meescht Kacka genannt.

Zesumme ginn de Kot an den Urin als Exkrement bezeechent.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kot – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 planet-wissen.de: Anatomie des Menschen: Verdauen vum Bärbel Heidenreich (lescht Aktualiséierung: 3. November 2020)