Exkrement

Vu Wikipedia
Exkrementer (Kot) vun engem Iesel.
Méck mat Méckeschëss

Exkrementer (lat.: excrementum) sinn natierlech Stoffer, déi de Mënsch oder en Déier a fester oder a flësseger Form ausscheet. Generell Bezeechnunge sinn de Kot an den Urin, zwee Offallproduite vum Stoffwiessel.

An der Natur düngen Exkrementer de Buedem. An der Landwirtschaft gi si an der Form vun Dünger, zum Beispill als Mëscht oder Piff, agesat. Exkrementer vu Vullen, déi Fësch friessen, ginn als Guano ofgebaut an och als phosphaträichen Dünger gebraucht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Exkrementer – Biller, Videoen oder Audiodateien