Dünger

Vu Wikipedia

Dünger ass eng Substanz, déi dem Buedem déi Nierstoffer ersetzt, déi em duerch d'Notzplanzen entzu gi sinn. Duerch den Zousaz vun der richteger Quantitéit Dünger (grad souvill wéi déi betraffe Planzegattung brauch) kann den Ertrag vum Buedem also gesteigert ginn; de Buedem bleift deemno fruchtbar a muss net brooch leie fir sech ze regeneréieren.

Et ënnerscheet een tëscht natierlechem Dünger (wéi Mëscht, Piff a Kompost) an dem kënschtlechen Dünger (wéi Stéckstoff-, Kali-, Phosphorsaier- a Kallek­dünger).

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Dünger – Biller, Videoen oder Audiodateien