Schläimhaut

Vu Wikipedia
D'Moschläimhaut

D'Schläimhaut (lat.: tunica mucosa oder mucus) ass eng dënn Kusch biologeschen Tissu, déi de Banneraum vun den huelen Organer auskleet.

Lokalisatioun[änneren | Quelltext änneren]

Eng Schläimhaut fënnt een un de Wänn vum Verdauungsapparat, also vun der Mondhiel iwwer de Mo an Daarm bis hin zum Anus. Och am Otmungsapparat (Nues, Strass, Oesophage, Longen, etc.) an am Harn- a Geschlechtsapparat (Nier, Blos, Geschlechtsorganer, etc.) gëtt et Schläimhait.

Opbau[änneren | Quelltext änneren]

Schläimhait zeechne sech doduerch aus, datt se sech duerch Sekretioun selwer fiicht halen. Am Géigesaz zur baussenzeger Haut huet d'Schläimhaut keng Hornschicht a keng Hoer. Jee no Organ, déi d'Schläimhaut auskleet, huet s'ënnerschiddlech Charakteristiken. Am Allgemengen awer sinn all d'Schläimhait d'selwecht opgebaut a bestinn aus dräi Schichten:

  • D'lamina epithelialis mucosae ass eng Epithelschicht, déi un d'Funktioun vum Organ ugepasst ass. Si läit no baussen, also am wäitste vun der Organwand ewech. Si kann aus just enger Kusch bestoen, zum Beispill am Daarm, mä kann awer och méischichteg sinn, wéi zum Beispill an der Mondhiel.
  • D'lamina propria mucosaell ass déi mëttelst Kusch a besteet aus labberem Bindegeweebe. An hir sinn d'Drüsen, déi de Schläim sekretéieren a sou derfir suergen, datt d'Schläimhaut ëmmer fiicht bleift. An e puer Organer, wéi dem Vagin, si keng Drüsen an där Schicht an d'Schläimproduktioun gëtt vun aneren Organer iwwerholl.
  • D'lamina muscularis mucosae ass eng dënn Schicht aus glate Muskelzellen. Si ass charakteristesch fir d'Schläimhaut am Mo-Daarm-Trakt.

Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Schläimhaut huet eng Rei Funktiounen. Op der enger Säit ass si eng Schutzbarrière géigeniwwer der Uewerfläch vum Organ, déi hëlleft Krankheetserreeger wéi Bakteerien oder Virussen ofzewieren. Onerwënscht Friemstoffer kënne sou nëmme schwéier duerch déi schläimeg Uewerfläch an de Kierper kommen. Op der anerer Säit hält d'Schläimhaut och e spezifesche pH-Milieu oprecht. De pH-Wäert variéiert deels staark tëscht de Kierperregiounen. Am Mo ass en zum Beispill sauer, well e bei der Verdauung hëlleft. Den Daarm dogéint ass éischter basesch. Well de pH-Wäert bei der Ofwier vu Keimen eng grouss Roll spillt, ass et besonnesch wichteg, dee konstant ze halen.

Donieft hu vill Schläimhait och nach Transportproteinnen, déi hinnen hëllefe Moleküller a bestëmmt Richtungen ze beweegen, fir Resorptiouns- a Sekretiounsprozesser z'erméiglechen. Dat bedeit, datt d'Schläimhaut och eng Transportfunktioun kann hunn.

Schlussendlech produzéieren d'Schläimhait och Immunglobulinnen, déi e wichtege Bestanddeel vum Immunsystem sinn. D'Schläimhaut ka se dann, besonnesch den Immunoglobulin A, plazeweis ofsënneren a schützt esou viru Krankheetserreeger.

Erkrankungen[änneren | Quelltext änneren]

Wann d'Schläimhaut net méi intakt oder funktiounsfäeg ass, da kënne Krankheete entstoen. De Schnapp (Rhinite) an d'Gastritt si geleefeg Krankheeten, bei deenen d'Nueseschläimhaut, respektiv d'Moschläimhaut entzünt ass. Eng Bronchite ass eng Entzündung vun der Schläimhaut vun de Bronchien.

Quellen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Schläimhaut – Biller, Videoen oder Audiodateien