Oesophage

Vu Wikipedia
Iwwersiicht vum mënschleche Verdauungstrakt. D'Speiseröre ass rout ervirgehuewen.

Den Oesophage, och nach Speiseröre oder Speiseröhre, ass e muskuléise Schlauch am mënschleche Kierper an am Kierper vu villen Déieren, ronderëm dee Bindegeweebe läit an dee vu banne mat enger Schläimhaut ausgekleet ass. En ass Deel vum Verdauungsystem an transportéiert nom Ofschlécken d'Narung vun der Strass an de Mo.

Beim erwuessene Mënsch ass d'Speiseröre ronn 25 Zentimeter laang an huet op der enkster Passage en Duerchmiesser vun ongeféier 1,5 Zentimeter. Si fänkt op der Héicht vum Keelkapp un, zitt sech dann tëscht der Luftröre an dem Réckstrank am Broschtkuerf erof, wou si enk beim lénkse Virhaff vum Häerz läit an dann duerch e Schlitz am Munnefell am Mo ukënnt.

Den ënneschte Wutz vum Oesophage ass an der Rouphas zou, esou datt de sauere Contenu vum Mo net an den Oesophage zeréck ka fléissen. Beim Soud ass d'Speiseröre net richteg zou.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Oesophagen – Biller, Videoen oder Audiodateien