Mënschleche Kierper

Vu Wikipedia
De mënschleche Kierper: eng erwuesse Fra an en erwuessene Mann vu vir a vun hannen

De mënschleche Kierper ass déi physesch Struktur vum Mënsch an ëmfaasst all anatomesch Komponenten, déi fir seng Funktioun an Existenz néideg sinn.

De Skelett bilt d'Gerëscht vum Kierper a besteet aus Schanken, déi Beweegung erméiglechen a liewenswichteg Organer schützen. D'Muskulatur ass verantwortlech fir déi Beweegung, well si op Nervesignaler reagéiert a Kontraktioune produzéiert.

D'Häerz, e Muskelorgan, pompelt Blutt duerch de Kreeslafsystem, versuergt d'Geweebe mat Sauerstoff an Närstoffer an transportéiert Offallproduiten zur Ausscheedung. D'Longen erméiglechen de Gasaustausch, bei deem Sauerstoff opgeholl a Kuelendioxid ausgestouss gëtt.

De Verdauungssystem fänkt am Mond un, wou Narung kleng gemaach a mat Enzymer vermëscht gëtt. De Mo an den Daarm fuere mam Verdauungsprozess virun an erméiglechen d'Ophuele vun den Närstoffer an d'Blutt.

Den Nervesystem besteet aus dem Gehier, dem Réckemuerch an den Nerven, déi Signaler iwwerdroen a Kierperreaktioune steieren. Den endokrine System produzéiert Hormoner, déi d'Regulatioun vu Stoffwiessel, Wuesstem a Reproduktioun steieren.

D'Haut, als gréisst mënschlecht Organ, schützt de Kierper virun Aflëss vu baussen a regléiert d'Kierpertemperatur. Den Immunsystem verdeedegt de Kierper géint Krankheetserreeger an ënnerstëtz d'Heele vu Verletzungen.

D'Fortplanzungsorganer si verantwortlech fir déi sexuell Reproduktioun an d'Weidergi vu geneteschen Informatiounen.

De mënschleche Kierper ass ufälleg fir Krankheeten, Verletzungen an Alterung. D'Oprechterhale vun der Gesondheet erfuerdert eng equilibréiert Ernierung, genuch Beweegung a Schutz viru schiedlechen Ëmweltfacteuren.

De Kierper zeechent sech duerch e puer Eegenaarten aus. Am Verglach mat de meeschten anere Mamendéieren huet e wéineg Hoer; een am Verglach mat der Kierpergréisst grousst Gehier; an en oprechte Gang. Duerch den oprechte Gang hu sech déi viischt Been (déi iewescht Extremitéiten) zu Äerm (iewescht Extremitéiten) entwéckelt, déi net méi direkt bei der Fortbeweegung hëllefen, mee fir eppes unzepaken an ze gräifen, an domat der verbesserter Fäegkeet, Objeten ze transportéierten a Geschier (z.B. Handwierksgeschier) ze gebrauchen, wat erëm handwierklecht Agéieren erméiglecht.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mënschleche Kierper – Biller, Videoen oder Audiodateien