Kierper (Biologie)

Vu Wikipedia
De mënschleche Kierper mat de Kierperdeeler op Englesch.

E Kierper (lat.: Corpus) ass, am biologesche Sënn, déi materiell Form vun engem Liewewiesen. De Begrëff gëtt nëmme fir Liewewiese benotzt, déi an engem Deel oder als Ganzt existéieren. Et gëtt Liewewiesen, déi sech aus eenzelen Zellen zu engem ganzen Organismus entwéckelen, zum Beispill Schläimchampignonen (Mycetozoa oder Eumycetozoa). Fir si géif de Begrëff Kierper de méizellege Stadium bezeechnen.

De Kierper vun engem doudege Mënsch gëtt Läich genannt, dee vun engem Déier Kadaver. D'Léier vum Kierper ass d'Anatomie. D'Léier vun der Funktiounsweis vum Kierper ass d'Physiologie.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kierper – Biller, Videoen oder Audiodateien