Bluttkreeslaf

Vu Wikipedia
De mënschleche Kreeslafsystem (vereinfacht). Rout steet fir sauerstoffräicht Blutt, dat an den Arteerien transportéiert gëtt. Blo steet fir dat sauerstoffaarmt Blutt, dat an de Venen transportéiert gëtt. Kapillare verbannen d'Arteerien an d'Venen.

De Bluttkreeslaf, och nach Bluttzirkulatioun genannt, ass de Stréimungssystem vum Blutt am Kierper vum Mënsch an am Kierper vun de meeschten Déieren.

Zesumme bilden d'Häerz an de Bluttkreeslaf den Häerzkreeslafsystem oder de kardiovaskuläre System. En ass liewenswichteg fir de Mënsch a vill Déieren.

De Bluttkreeslaf transportéiert d'Blutt, Närstoffer, Sauerstoff an Offallproduiten zu a vun de verschiddenen Tissuen an Organer. D'Blutt stréimt vum Häerz aus iwwer d'Organer an nees zréck bei d'Häerz. E komplizéiert Netz vu Bluttgefäässer an Organer suergt fir e kontinuéierleche Bluttfloss, deen déi allgemeng Gesondheet an d'Gläichgewiicht vun de verschiddene Prozesser am Kierper oprechterhält.

Komponenten[änneren | Quelltext änneren]

D'Komponente vum Häerzkreeslafsystem sinn d'Häerz an d'Bluttgefäässer. D'Häerz ass dat zentral Organ am System. Et ass eng Pompel aus Muskelen déi fir den Transport vum Blutt duerch de Kierper verantwortlech ass. Et besteet aus zwou Kummeren (lat.: Ventriculus cordis an der Eenzuel) an zwéi Virhäff (Atrium an der Eenzuel). D'Virhäff huelen dat sauerstoffaarmt Blutt aus dem Kierper an dat sauerstoffräicht Blutt aus der Long op, wärend d'Kummeren d'Blutt an d'Longen an an de Kierper pompelen.

D'Bluttgefäässer bilden e wäit verzweigt Netz, dat Arteerien, Veenen a Kapillaren ëmfaasst. D'Arteerien transportéiere sauerstoffräicht Blutt vum Häerz fort, wärend Veene sauerstoffaarmt Blutt an d'Häerz zerécktransportéieren. D'Kapillare verbannen d'Arteerie mat de Veenen an erliichteren den Austausch vun Närstoffer an Offallprodukter tëscht dem Blutt an den Zellen.

Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

D'Funktioun vum Bluttkreeslaf ass den Transport an d'Reguléierung. D'Haaptfunktioun ass den Transport vu Sauerstoff, Närstoffer, Hormoner an Immunzellen an déi verschidden Tissuen an Organer. Gläichzäiteg gi Kuelendioxid an Offallprodukter oftransportéiert, wat zur Erhalung vun der allgemenger Gesondheet vum Kierper bäidréit.

De Bluttkreeslaf spillt och eng wichteg Roll bei der Reguléierung vun der Kierpertemparatur an dem pH-Gläichgewiicht. D'Duerchbluddung vun der Hautuewerfläch hëlleft, de Kierper ofzekillen, wärend d'Verdeelung vu Bikarbonat-Ionen derzou bäidréit, de pH-Wäert vum Blutt an engem limitéierte Beräich ze halen.

D'Blutt enthält nieft de rouden och e klengen Deel vu wäisse Bluttkierpercher, déi e weesentleche Bestanddeel vum Immunsystem sinn. Si hëllefen dem Kierper bei der Ofwier vun Infektiounen a Krankheeten, andeem se Krankheetserreeger erkennen an neutraliséieren.

Déi zwéi Kreesleef[änneren | Quelltext änneren]

De Bluttkreeslaf besteet aus zwéin Haaptkreesleef: dem groussen an dem klenge Kreeslaf.[1]

Am grousse Kreeslaf, och Kierperkreeslaf genannt, gëtt sauerstoffräicht Blutt aus der lénkser Häerzkummer an d'Aorta gepompelt, déi sech verzweigt, fir d'Blutt am ganze Kierper ze verdeelen. Wärend d'Blutt duerch d'Arteerien an d'Kapillare fléisst, versuergt et d'Zelle mat Sauerstoff an Närstoffer an hëlt gläichzäiteg d'Offallprodukter op. Duerno ass d'Blutt sauerstoffaarm an et gëtt an de Vene gesammelt. Et fléisst dann iwwer de rietse Virhaff an déi riets Häerzkummer.

Da fänkt dee klenge Kreeslaf un, och Longekreeslaf genannt. Déi riets Häerzkummer pompelt dat sauerstoffaarmt Blutt an d'Longenarteerie, déi sech an ëmmer méi kleng Arteerien a Kapillaren opdeelt. D'Kapillaren iwwerspane wéi e rengt Netz d'Longebleesercher (Alveoli), déi um Enn vun den Otemweeër leien. Do gëtt d'Blutt de Kuelendioxid of an hëlt frësche Sauerstoff op. De Kuelendioxid gëtt mat der Otemloft ausgeotemt, wärend dat sauerstoffräicht Blutt iwwer d'Longeveenen an iwwer de lénkse Virhaff an déi lénks Kummer fléisst.

Mat dem nächsten Häerzschlag fänkt de Kierperkreeslaf vu vir un.

Krankheeten a Stéierungen[änneren | Quelltext änneren]

Verschidde Krankheeten a Stéierungen kënnen de Bluttkreeslaf beanträchtegen, dorënner Atherosklerose, Blutthéichdrock an Häerzerkrankungen. Facteure vum Liewensstil wéi d'Ernierung, Beweegung a Stressbewältegung kënne sech staark op d'Gesondheet vum Bluttkreeslaf beim Mënsch auswierken.

Déieren ouni Bluttkreeslaf[änneren | Quelltext änneren]

Schwämm si Liewewiesen ouni Bluttkreeslaf

D'Déieregruppe vun de Schwämm, den Nesseldéieren, de Fuedemwierm an de Plattwierm kënnen och ouni Kreeslafsystem e Flëssegkeetsstroum kreéieren. Zu den Déieren, déi kee Kreeslaf hunn, zielen ënner anerem d'Bluttsëffer a verschidden Aarte vu Kriibsen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Kardiovaskuläre System – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. gesundheitsinformation.de: Wie funktioniert der Kreislauf?