Veen

Vu Wikipedia
Eng Veen, déi gutt siichtbar um Auder vun enger Kou ass.

Eng Veen (lat.: vena) ass e Bluttgefääss am mënschleche Kierper an am Kierper vu villen Déieren, an deem d'Blutt Richtung Häerz fléisst.

Bei engem erwuessene Mënsch transportéieren d'Veenen all Dag ronn 7.000 Liter Blutt zeréck bei d'Häerz. Dobäi musse si d'Blutt géint d'Schwéierkraaft befërderen. D'Bluttgefäässer, déi d'Blutt vum Häerz fort transportéiere sinn d'Arteerien. Déi meescht Veene verlafe parallel zu den Arteerien.

Mat Ausnam vun de Veenen an de Longen transportéieren d'Veene sauerstoffaarmt Blutt. Si sinn Deel vum kardiovaskuläre System.

Sauerstoffaarmt Blutt ass méi däischter wéi dat sauerstoffräicht. Veene gesäit ee bei ville Leit ënnert der Haut a se gesinn deelweis blo aus, obwuel d'Blutt an de Veenen och rout ass. Dat hänkt mat der Reflektioun vum Liicht an der Perceptioun duerch d'mënschlecht An zesummen.[1],[2]

Veene sinn en idealen Zougank fir Blutt ofzehuelen a fir dem Kierper Flëssegkeet a Medikamenter zouzeféieren.

D'Deelgebitt vun der Medezin, déi sech mat de Veenen an hire Krankheetsbiller beschäftegt, ass d'Phlebologie. Geleefeg Erkrankunge vun de Veene sinn d'Veenenentzündung, d'Veenenthrombos an d'Varicen (Krampoderen).[3]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Veenen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. spektrum.de: Wieso schimmern die Adern blau durch die Haut, obwohl Blut doch rot ist? vum Mark Benecke (18. Oktober 2022)
  2. wdr.de: Warum sehen Adern blau aus? vum Frank Krieger (20. Abrëll 2023)
  3. "Vene" op flexikon.doccheck.com