Bluttgefääss

Vu Wikipedia
Diagramm vun enger Arteerie (lénks), enger Kapillar (Mëtt uewen) an enger Veen (riets).
Duerstellung aus dem spéiden 19. Joerhonnert mat de Bluttgefäässer am mënschleche Kierper.

E Bluttgefääss (lat.: vas sanguineum), geleefeg och Oder genannt, ass am mënschleche Kierper an am Kierper vum Déier eng Struktur a Form vun engem Schlauch, an där Blutt transportéiert gëtt. All d'Oderen zesummegeholl mam Häerz als Pompelorgan bilden de Bluttkreeslaf. Intakt Bluttgefäässer sinn eng Konditioun fir den effektiven Transport vum Blutt bis an d'Peripherie vum Kierper a fir den ongestéierte Bluttfloss zeréck an d'Häerz.

Alles dat, wat d'Bluttgefäässer betrëfft, gëtt och nach als vaskulär bezeechent. Alles dat, wat an den Odere geschitt, gëtt endovaskulär genannt. D'Gebitt an der Medezin, déi sech mat de Bluttgefäässer an hiren Erkrankunge befaasst, ass d'Angiologie.

Andeelung[änneren | Quelltext änneren]

  • D'Schlagoderen oder d'Arteerie sinn d'Bluttgefäässer, déi direkt vum Häerz ofzweige fir en Organ mat Blutt ze versuergen. Duerch d'Pompele vum Häerz ass den Drock an den Arteerie ruckaarteg (de Bols). Et kann een d'Blutt an de Schlagodere pulséiere fillen, zum Beispill un der Handgelenksarteerie (arteria radialis). Bis op zwou Ausnamen transportéieren Arteerie sauerstoffräicht Blutt. Zwou Schlagoderen transportéiere sauerstoffaarmt Blutt: d'Longeschlagoder (arteria pulmonales), déi vum Häerz an d'Longe verleeft, an d'Nuebelarteerie beim Fötus (arteria umbilicales). Déi gréisst Schlagoder ass d'Haaptschlagoder (Aorta).
  • Arteriole si kleng Bluttgefäässer mat Schléissmuskelen un der Wand, déi sech zesummenzéien an entspane kënnen. Déi Muskele reguléieren d'Verengung an d'Ausdeenung vun de Gefäässer a bestëmmen d'Bluttquantitéit, déi vun den Arteeriolen an déi arteeriell Kapillare gepresst gëtt.
  • D'Kapillare sinn an der Anatomie déi klengst Gefäässer beim Mënsch a beim Déier. Si si ganz dënn an drénge bis déif an d'Kierpergeweebe an. Si kréien hiert d'Blutt aus den Arteeriolen. Vun de Kapillaren aus fënnt iwwer hir porös Gefäässwand den Austausch vu Sauerstoff, Närstoffer an Offallproduite mat den Zellen an de verschiddenen Tissuen an Organer statt. Dat sauerstoffaarmt Blutt fléisst zesumme mat den Offallproduiten aus de Kapillaren an déi kleng Veenen.
  • Aus de Venolen oder klenge Veene fléisst d'Blutt zeréck bei d'Häerz a sammelt sech weider an de Veenen.
  • Veene suerge fir dat weidert Zeréckfléisse vum Blutt aus den Organer zum Häerz. Hei gëtt d'Blutt net méi pulséierend no vir gedriwwen, mee et fléisst gläichméisseg zeréck an d'Häerz. D'Veenen hu Réckschlagventiller, déi verhënneren, datt d'Blutt an déi falsch Richtung fléisst. Mat Ausnam vun de Longeveenen (vena pulmonalis) an der Nuebelveen (vena umbilicalis) transportéiere si sauerstoffaarmt Blutt.

Anatomeschen Opbau[änneren | Quelltext änneren]

D'Wand vun engem méi grousse Bluttgefääss besteet prinzipiell aus dräi Schichten. D'Tunica interna, och nach Tunica intima genannt, ass déi bannenzegst Schicht vun der Gefäässwand vun den Arteerien, de Veenen an de Lymphgefäässer. Si besteet aus Zellen, déi dem Austausch tëscht dem Blutt an dem Tissu, dee ronderëm läit, déngt. D'Tunica media besteet, jee no Gefäässtyp, aus enger méi oder wéineger ausgepräägter Muskelschicht, déi op béide Säite vun enger Faserlamell aus elasteschem Bindegeweebe begrenzt gëtt. D'Tunica adventitia ass d'Bindegeweebe, dat déi aner Schichte labber ëmgëtt an d'Bluttgefääss a senger Ëmgéigend verankert an abett.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Bluttgefäässer – Biller, Videoen oder Audiodateien