Schliissmuskel

Vu Wikipedia
Diagramm vum Rektum an dem Anus mat dem bannenzegen ("interior") a baussenzegen ("exterior") Schliissmuskel ("sphincter")

E Schliissmuskel oder Sphinkter (lat. sphincter, vum gr.: sfingo, "dréck zesummen") ass e Muskel am Kierper vun engem Liewewiesen, deen eppes zoumécht oder -hält.

An der Anatomie vun de Wierbeldéieren huet en d'Form vun engem Rank an den Zweck, en huelt Organ komplett ofzedichten. Doduerch gëtt e Weider- oder Zeréckfléisse vu Kierperflëssegkeete verhënnert. Zum richtegen Zäitpunkt geet en dann op fir dat Weiderfléissen ze erméiglechen. Bei den Déieren ouni Wierbelen (Evertebrata) ass de Schliissmuskel e Muskel, deen d'Haischen oder eppes Änleches zoumécht. Bei enger Muschel zum Beispill zitt de Schlissmuskel déi zwou Muschelhallschenten zesummen.[1]

Zu de Schliissmuskele beim Mënsch zielen déi vum Ureter a vum Anus, déi sécherstellen, datt den Urin an de Kot net einfach aus dem Kierper lafen; de Pylorus um Enn vum Mo a virum Iwwergank an den Daarm; an de Sphinkter vun der Iris, deen dofir verantwortlech ass, datt d'Pupill méi grouss oder kleng gëtt.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. spektrum.de: Muscheln
  2. DocCheck Flexicon: Schließmuskel