Rektum

Vu Wikipedia
Diagramm vun engem Rektum (op Däitsch).

De Rektum (lat.: intestinum rectum), op Lëtzebuergesch och nach Aarschdaarm, ass en Deel vum Verdauungsapparat vum Mënsch an anere Mamendéieren. Et ass de leschten Deel vum Daarm, a méi prezis vum Déckdaarm.

Beim erwuessene Mënsch ass de Rektum jee no Definitioun duerchschnëttlech 12 bis 19 Zentimeter laang[1],[2],[3] a läit am Becken. E gëtt op sengem Enn bei de Schliissmuskelen (musculi sphincteres ani internus a musculi sphincteres ani externus) an den Anuskanal iwwer. Deen ass déi lescht Ëffnung vum Verdauungstrakt. Dräi Schlagodere versuergen de Rektum mat Blutt: d'arteria rectalis superior, arteria rectalis media, an arteria rectalis inferior.[2]

Am Géigesaz zu dem Rektum senge Schliissmuskelen huet de Rektum selwer keng Nozizeptoren, also Nervenenn, déi Péng detektéieren.

De Rektum funktionéiert als Tëschespäicher vun den onverdauleche Rechter vun der Narung, dem Kot. Aus dem Rektum gi si da mat Hëllef vun engem Reflex kontrolléiert ausgescheet. Beim Mënsch gëtt dee Prozess "Stullgang" genannt.

De mënschleche Rektum ka vun enger Rei Krankheete befall sinn, dorënner d'Hämorrhoideleiden, akut oder chronesch Entzündungen wéi Morbus Crohn, oder béisaarteg Krankheete wéi Daarmkriibs.[4] Bei enger Rektumprolaps hänkt een Deel vum Rektum duerch den Anus siichtbar aus dem Kierper no baussen.

Wéinst der Proximitéit vun der Wand vum Rektum zum Vagin bei de Fraen, beispillsweis zur Prostatt bei de Männer, an de gemeinsamen Nerven, kann eng rektal Stimuléierung oder Penetratioun (Analverkéier) zu sexueller Erreegung féieren.

Commons: Rektum – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Jakub Kenig, Piotr Richter: Definition of the rectum and level of the peritoneal reflection – still a matter of debate?, Wideochir Inne Tech Maloinwazyjne. 2013 Sep; 8(3): 183–186.
  2. 2,0 2,1 DocCheck Flexikon: Rektum
  3. Yun Hwa W. Wang; Jeffrey Wiseman.: Anatomy, Abdomen and Pelvis, Rectum (25. Juli 2023)
  4. uniklinikum-dresden.de: Mastdarm (Rektum)