Op den Inhalt sprangen

Verdauungsapparat

Vu Wikipedia
En Deel vum Verdaauungssystem vun engem Schof: de Mo.

D'Begrëffer Verdauungssystem, Verdauungsapparat, Verdauungstrakt oder Verdauungskanal (lat.: Canalis alimentarius) bezeechnen d'Organer am Kierper vum Mënsch an de meeschten Déieren, déi bei der Opnam, dem Klengmaachen an dem Weidertransport vun der Narung déngen, fir se ze verdauen a fir d'Närstoffer, déi dra sinn, fir de Kierper verwäertbar ze maachen.

Den Haaptdeel vum Verdauungssystem, dee bei de Wierbeldéieren am Bauch läit a vum Oesophage bis bei den Anus geet, gëtt och nach Mo-Daarm-Trakt, Mo-Daarm-Kanal oder Gastrointestinaltrakt genannt.[1],[2]

De Verdauungssystem beim Déier

[änneren | Quelltext änneren]

Heterotroph Liewewiese sinn Organismussen, déi hir Narung net selwer produzéiere kënnen an Energie aus organescher Narung brauchen. Si brauchen Energie zum Beispill aus Kuelenhydrater, Fetten oder Eewäiss. Fir déi Energie kënnen opzehuele brauche si e Verdauungsystem, deen et hinnen erlaabt, d'Narung opzehuelen, ze verdauen, ze resorbéieren an ofzetransportéieren. All Reschter vun deene Stoffwiesselprozesser ginn als Exkrement aus dem Organismus gescheet.[3]

D'Organismussen hunn hir Ernierungsmanéier am Laf vun der Evolutioun ugepasst. Bei den Eenzeller spille sech déi Verdauungs- a Resorptiounsprozesser nach am Zytoplasma of. Méi wäit entwéckelt Liewewiesen hu spezialiséiert Kierperhuelraim gebilt, an deenen d'Verdauung stattfënnt.[3]

Wierm, Spannen, Insekten a Schleeken a Wierbeldéieren hunn e Mo-Daarm-Trakt, dee mam Mond ufänkt an um Anus ophält. Do dertëscht lafen d'Prozesser vun der Narungsopnam, der Verdauung, der Resorptioun an der Ausscheedung grondsätzlech d'selwecht of, och wa si sech bestëmmte Faktoren upassen. D'Schnëss an d'Zänn, respektiv d'Geschier, mat deem geknat an d'Iesse kleng gemaach gëtt, variéiert. Och de Verdauungstrakt ass bei ënnerschiddlechen Déieren anescht agedeelt an ënnerschiddlech laang. Bei der Verdauung gi Makromoleküler an der Narung vun Enzymer zerluecht. Déi zerluechten Deeler gi bei der Resorptioun an de Kierper opgeholl. Dat, wat net verdaut ka ginn, gëtt duerno ausgescheet.[4]

E Parasit, wéi zum Beispill e Bandwuerm, léisst sech ernieren, andeem en déi scho verdaut Narung vun aneren Organismen ophëlt. Mä déi aner Déieren erniere sech, andeem si selwer entweder Planzen oder aner Déieren iessen. Bei de Wierbeldéieren ënnerscheet een tëscht de Planzefrësser (den Herbivoren), déi sech vu Planzen, Champignonen, Algen oder Bakteerien ernieren; de Fleeschfrësser (Carnivoren), déi aner Déiere friessen, an den Allesfrësser (Omnivoren), déi sech herbivor a carnivor ernieren.[3]

Planzefrësser sinn zum Beispill Kéi, Kanéngercher, Termiten, Beien a Koalaen; Fleeschfrësser sinn ënner anerem Tigeren, Léiwen, Kazen, Geieren, Schlaangen, Waler; an Allesfrësser sinn nieft dem Mënsch beispillsweis nach Schwäin, Raten, Goldfësch an déi meescht Bieren.

Bei Wierbeldéiere kënnen eng Rei Probleemer bei der Verdauung optrieden, dorënner Duerchfall, Verstopfung, Erbriechen, Modréinungen, Entzündunge vun der Moschläimhaut (Gastritis), Moschwier, oder Mokriibs.[5]

De Verdauungssystem beim Mënsch

[änneren | Quelltext änneren]

Beim Mënsch ziele follgend Kierperdeeler zum Verdauungsystem:

1. Mondhiel (cavum oris)
2. Gomm (palatum)
3. Zäppchen (uvula palatina)
4. Zong (lingua)
5. Zänn (dentes)
6. Spautdrüsen (glandulae salivariae)
7. Spautdrüs ënner der Zong (glandula sublingualis)
8. Ënnergebécksspautdrüs (glandula submandibularis)
9. Ouerspautdrüs (glandula parotidea)
10. Strass (pharynx)
11. Oesophage (oesophagus)
12. Liewer (iecur)
13. Galeblos (vesica fellea oder Vesica biliaris)
14. Haaptgallengank (ductus choledochus oder ductus biliaris[1])
15. Mo (ventriculus)
16. Bauchspeicheldrüs (pancreas)
17. Bauchspautdrüsekanal (ductus pancreaticus)
18. Dënndaarm (intestinum tenue)
19. Zwieleffangerdaarm (duodenum)
20. Jejunum (jejunum)
21. Ileum (ileum)
22. Wuermwutz (appendix vermiformis; dat wat de "Volleksmond" Blinddaarm nennt)
23. Déckdaarm (intestinum crassum oder colon)
24. Transversen Déckdaarm (colon transversum)
25. Aszendenten Déckdaarm (colon ascendens)
26. Blinddaarm (caecum)
27. Deszendenten Déckdaarm (colon descendens)
29. Rektum (rectum intestinum)
30. Anus (anus)

De Verdauungsprozess

[änneren | Quelltext änneren]
Opbau vum Verdauungsapparat (op Franséisch).

Och beim Mënsch sinn d'Haaptetappe vum Verdauungsprozess d'Zerklengere vun der Narung, d'Splécke vun de Bestanddeeler vun der Narung duerch Enzymer an d'Ophuele vun deene Bestanddeeler am Blutt. De Mo-Daarm-Trakt gëtt vun engem speziellen Nervesystem gesteiert, deen d'Produktioun vum Mosaaft an d'Organbeweegunge leet.[6]

De Verdauungsprozess fänkt am Mond un, an deem d'Iesse mat den Zänn méi kleng gemaach gëtt. D'Knae reegt d'Speicheldrüsen am Mond un, déi de Spaut produzéieren. De Spaut enthält Enzymer, déi iwwer eng cheemesch Verbindung d'Stäerkt an d'Fetter splécken an esou hir Verdauung a Gang setzt. E mécht d'Narung och fiicht, fir datt se besser duerch d'Speiseröre erof an de Mo rutsche kann. D'Zong hëlleft bei der mechanescher Virverdauung, andeem si den Iessensbräi ëmmer erëm duerch d'Zänn transportéiert an a klenge Portiounen a Richtung Oesophage dréckt. De mëllen Deel vum Gumm (palatum molle) verhënnert, datt beim Schlécken eppes an de Raum vun der Nues an der Strass (nasopharynx) kënnt. Beim Schlécke geet och een Deckel vum Keelkapp zou, fir dat kee Liewensmëttel oder Gedrénks an d'Luftröre fléisst.[7]

De Mo (op Englesch).

Duerch d'Knaen an de Goût vum Iesse léisst de Kierper schonn den nächste Schrëtt aus: D'Drüsen am Mo produzéieren de Mosaaft an de Mo bereet sech op d'Ukomme vum Iessensbräi vir. Dee Bräi kënnt vum Mond iwwer den Oesophage an de Mo, wou en tëschegelagert gëtt. Do spillt de Mosaaft eng wichteg Roll. D'Mosaier déit Mikroben of an Enzymer setzen d'Eewäiss- an d'Fettverdauung fort. D'Narung bleift tëscht enger a sechs Stonnen am Mo. Fettegt Iesse brauch méi laang, fir säi Wee duerch de Mo ze maachen.[7]

Vum Mo aus fléisst de Bräi weider an den Daarm. Den éischten Deel vum Daarm ass den Dënndaarm. Am Dënndaarm kommen d'Gal an de Sekreet vun der Bauchspeicheldrüs dobäi. D'Gal gëtt an der Liewer produzéiert an an der Galeblos gespäichert, bis datt se bei der Fettverdauung am Dënndaarm gebraucht gëtt. D'Bauchspeicheldrüs produzéiert e Sekreet, dat och am Dënndaarm ofgi gëtt. Et neutraliséiert d'Mosaier a schützt esou den Daarm.[6]

Enzymer zerleeën d'Kuelenhydrater, d'Eewäisser an d'Fetter weider. Hei hëlt de Kierper déi meescht Vitaminnen, Närstoffer a Mineralstoffer op. Si kommen iwwer d'Wand vum Dënndaarm an d'Blutt a vun do aus iwwerall dohi, wou se gebraucht ginn. Wärend der Verdauung gëtt den Dënndaarm eng Rei Hormoner of, déi ënner anerem d'Produktioun vun der Gal a vum Sekreet aus der Bauchspeicheldrüs fërderen. Wann eng bestëmmt Quantitéit erreecht ass, schécke si dem Gehier e Signal, dat e Sättegungsgefill ausléisst an esou erlaabt, den Appetit ze kontrolléieren.[6]

De Rektum (op Däitsch).

Am Déckdaarm gëtt den Bräi, deen iwwreg bliwwen ass, duerch Waasserentzuch méi fest gemaach. Déi meescht Inhaltsstoffer vun der Narung goufe schonn iwwer den Dënndaarm ofgeholl, mee am Déckdaarm ginn nach Salzer an Elektrolyte resorbéiert. Zousätzlech ënnerstëtzt d'Daarmflora den Ofbau vun de Ballaststoffer. Et kënnt och Schläim bei de Bräi, fir e mëllen Oftransport ze garantéieren. Den déckflëssege Stull bleif am Rektum, bis e beim nächste Stullgank ausgescheet gëtt. Dat geschitt duerch reflexaarteg Kontraktiounen um Enn vum Daarm, bei där gläichzäiteg de Schliissmuskel sech labber mécht, deen dat ganz soss am Daarm hält. E Pressen am Bauch ënnerstëtzt dee Prozess an de Contenu vum Daarm gëtt duerch den Anus evakuéiert. Deen ass d'Ëffnung um Enn vum Verdauungskanal a besteet zum Deel aus Haut an zum Deel aus Daarmschichten.[7]

Lien mam Gehier

[änneren | Quelltext änneren]

Et gëtt eng staark Verbindung tëscht dem mënschleche Verdauungssystem an dem Gehier. Psychologesch Faktore beaflosse staark d'Funktioune vun der Verdauung, zum Beispill d'Kontraktioune vum Daarm an d'Ausschëdde vu Verdauungsenzymer. Och d'Ufällegkeet fir Infektiounen, déi zu Erkrankungen am Verdauungstrakt féiere kënnen, gi vum Gehier beaflosst. Mee och de Verdauungsapparat huet en Afloss op d'Gehier. Esou wierke sech chronesch Krankheeten a Krankheeten, déi ëmmer erëm kommen, negativ op d'Gefiller, d'Behuelen an d'Bewältegung vum alldeegleche Liewen aus.[2]

Commons: Verdauungsapparat – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. flexikon.doccheck.com: Gastrointestinaltrakt
  2. 2,0 2,1 msdmanuals.com: Übersicht über das Verdauungssystem vum Michael Bartel (Oktober 2022)
  3. 3,0 3,1 3,2 lernhelfer.de: Verdauungs- und Nahrungsresorption (net datéiert)
  4. wissen.de: Verdauungssysteme (net datéiert)
  5. herzenstier.com: Verdauungssystem vum Dominique Graf (9. September 2022)
  6. 6,0 6,1 6,2 aok.de: Wie genau funktioniert die Verdauung? (5. November 2022)
  7. 7,0 7,1 7,2 planet-wissen.de: Anatomie des Menschen: Verdauen vum Bärbel Heidenreich (lescht Aktualiséierung: 3. November 2020)