Spautdrüs

Vu Wikipedia
Déi grouss Spautdrüse vum Mënsch: 1. Ouerespautdrüs
2. Spautdrüs vum ënneschte Gebéck
3. Spautdrüs ënnert der Zong

Eng Spautdrüs oder Speicheldrüs (lat.: glandula salivaria) ass eng exokrin Drüs bei ville Wierbeldéieren. Si produzéiert de Spaut.

D'Mamendéieren, dorënner de Mënsch, hunn dräi grouss Spautdrüsen, déi et jee zweemol gëtt:

  • d'Ouerespautdrüs (glandula parotidea oder glandula parotis),
  • d'Spautdrüs vum ënneschte Gebéck (glandula submandibularis beim Mënsch a glandula mandibularis bei den Déieren),
  • an d'Spautdrüs ënnert der Zong (glandula sublingualis).

Déi grouss Spautdrüse sinn eegestänneg Organer mat eegener Begrenzung.[1]

Donieft ginn nach vill kleng Spautdrüsen, déi reegelméisseg iwwer d'Schläimhaut vun der Mondhiel an der Strass verdeelt sinn. De Mënsch huet där jee no Quell tëscht 500 an 1.000.[2],[3] Si ginn no hirer Lag bezeechent, zum Beispill d'Lëpsendrüsen (glandulae labiales) oder d'Drüse vum Gomm (glandulae palatinae).[1]

Verschidden Aarte vun Erkrankunge betreffen d'Speicheldrüsen: eng Feelfunktioun, Spautdrüsesteng, Infektiounen a Schwellungen. Faktoren, déi dozou féieren, sinn ënner anerem rheumatoid Arthritt, HIV, Lupus, an d'Anhuele vu Medikamenter wéi Antidepressiva, Antihistaminiquen, Antipsychotika, Medikamenter géint d'Parkinson-Krankheet a Berouegungsmëttel. Och eng Chemotherapie, d'Bestralung vum Kapp an Hals oder Radiotherapie bei Schilddrüsekriibs kann zu enger reduzéierter Spautproduktioun féieren[4].

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Spautdrüsen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 DocCheck Flexikon: Speicheldrüse
  2. Universitätsklinikum Jena: Klinik für Hals-, Nasen- und Ohrenheilkunde / Schlagwörter / Speicheldrüsentumoren / Speicheldrüsen
  3. Medizinische Hochschule Hannover: Kopfspeicheldrüsen
  4. MDS Manuals: Erkrankungen der Speicheldrüsen vum Alan G. Cheng (Iwwerpréift: Mee 2022)