Op den Inhalt sprangen

Mamendéieren

Vu Wikipedia
Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Mamendéieren
Verschidde Mamendéieren

Verschidde Mamendéieren
Verschidde Mamendéieren
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Ënnerstamm: Wierbeldéieren
Iwwerklass: Kifermünder
Wëssenschaftlechen Numm
Mammalia
Linné, 1758
Ënnerklassen

Urmamendéieren
Theria

D'Mamendéieren (Mammalia) sinn eng Klass aus dem Ënnerstamm vun de Wierbeldéieren (Vertebrata) mat ronn 6.600 rezenten Aarten[1]. Zu hire Charakteristike gehéieren d'Mëllechdrüsen, déi bei de Weibercher Mëllech produzéiere kënne fir hiren Nowuess ze nieren, an hire Pelz. Op Däitsch gi se Säugetiere an op Franséisch mammifères genannt.

Et gëtt grouss Ënnerscheeder bei der Gréisst a beim Kierperbau vun all Mamendéier. Déi meescht vun hinnen hunn Hoer um Kierper, e Mëllechgebëss a Mëllechdrüsen. All déi Kennzeeche feele bei all deenen anere Klasse vun Déieren.

Si leeë bis op e puer Ausnamen (Kloakendéieren) keng Eeër, mä si bréngen hir Jonk lieweg op d'Welt an niere se mat enger Flëssegkeet, der Mëllech, déi aus aus de Mëllechdrüse kënnt.

D'Mamendéiere si gläichwaarm, d. h. hir Kierpertemperatur bleift op bal konstantem Niveau, meeschtens wäit iwwer der Temperatur vun hirer Ëmwelt. Aner gläichwaarm Déiere sinn nëmmen nach d'Vigel.

Fortbeweegung

[änneren | Quelltext änneren]
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.
00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Systematik vun de Mamendéieren.

 Commons: Mamendéieren – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Amy Chernasky, Anna Motis; Connor Burgin (Ed.), 2023. All the Mammals of the World. Lynx Nature Books. ISBN 978-84-16728-66-4. An dësem Buch gi 6581 Aarte beschriwwen.