Wëssenschaftlechen Numm

Vu Wikipedia

De wëssenschaftlechen Numm vun de Liewewiesen ass en eendeitegen, laténgeschen Numm, dee gewéinlech aus zwee Wierder besteet an no bestëmmte Reegele gebilt gëtt. Dës binominal Nomenklatur gouf 1753 vum Carl von Linné agefouert.

De wëssenschaftlechen Numm fir eng Aart vun engem Liewewiese setzt sech aus dem Numm vun der Gattung an engem Aart-Epitheton (en Adjektiv dat d'Aart beschreift) zesummen. Den éischte Buschtaf vun der Gattung gëtt heibäi grouss geschriwwen. Béid Wierder si Latäin a gi kursiv geschriwwen.

Bannent enger Gattung muss all Aart en aneren Numm hunn. Deeselwechten Aart-Epitheton kann et awer bei verschiddene Gattunge ginn.

Bei den Déiere kann den Numm vun der Gattung an dee vum Aart-Epitethon d'selwecht sinn.

D'Nimm vun der Gattungs- an der Aartgrupp ginn dacks duerch e bestëmmt Kennzeechen (z. B. Faarf, Gréisst, Verhalen), aus der Uertschaft vun der Entdeckung oder aus engem Numm vun enger Persoun ofgeleet.

Beispiller:

  • 2 Aarten an enger Gattung (op d'mannst éier se den Numm geännert hunn [1]):
  • 2 Aarten aus veschiddene Gattungen mam selwechten Aart-Epitheton:
    • Epilobium montanum ⇔ Biergwéideréischen
    • Trifolium montanum ⇔ Biergkléi

Et gëtt awer och verschidden Erweiderunge vun dësem System, wéi z. B. bei enger Ënneraart, bei Zuuchtformen oder Hybriden. Do gëllt d'Reegel och, datt laténgesch Wierder kursiv geschwriwwe ginn, mais all Tëschewierder sinn an normaler Schrëft. Den Auteursnumm, dee gewéinlech um Schluss steet, ass an normaler Schrëft oder a Kapitälche geschriwwen.

Beispiller:

  • Cladonia fimbriata (L.) Fr. (Trompetteflecht → einfach Aart mat Auteursnimm)
  • Anguis fragilis Linnaeus, 1758 (Blannschlécher → einfach Aart mat Auteursnumm a Joer vun der Publikatioun)
  • Triticum aestivum ssp. spelta (L.) Thell. (Spelz; "ssp." = "subspecies" = Ënneraart)
  • Centaurea cyanus var. alba (Variant vun der Karblumm mat wäisse Bléien; "var." = "varietas" = Variant)
  • Lychnis flos-cuculi L. f. pleniflora Schur (Form vun der Fleeschblumm mat gefëllte Bléien, "f." = "forma" = Form)