Hybrid

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Disambig.svg Dës Säit beschäftegt sech mat dem Planzen - Hybrid. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Hybrid (Homonymie).

Als Hybride gi bei de Planzen déi Nokomme betruecht deenen hir Elteren zu verschiddenen taxonomesche Gruppe gehéieren. Je no Grad vun der Familljerelatioun vun den Eltere ginn dräi Gruppen ënnerscheet.

Infraspezifesch Hybriden[änneren | Quelltext änneren]

Infraspezifesch Hybride si Kräizunge vu Planze vun der renger Aart mat enger Ënneraart oder Varietéiten oder och Kräizunge vun de Leschgenannten. En infraspezifeschen Hybrid ass z. B. d'Sudetemëläs, eng Kräizung tëscht der Polnescher Mëläs an der typescher europäescher Mëläs aus den Alpen. Sou Hybriden ënnerscheede sech am Habitus bal net vun den Elteren well se sech nëmmen an onbedeitenden Eegenaarten ënnerscheeden. Sou Kräizunge si besonnesch intressant fir méi leeschtungsfäeg Holzaarten ze zillen.

Interspezifesch Hybriden[änneren | Quelltext änneren]

Eng Larix × czekanowskii op enger Insel am Baikalséi

Interspezifesch Hybriden enststi bei Kräizunge vun zwou Aarten aus der selwechter Gattung, wéi z. B. d'Spuenesch Eech wat eng Kräizung tëscht der Tierkescher Eech an der Korkeech ass. D'Nimm vun den Hybriden déi vun zwou Aarten hierkommen erkennt een um × dee virum Aartennumm steet, z. B. Larix × eurolepis (Henry) a Larix × czekanowskii (Szafer)

Gattungs- oder intergeneresch Hybriden[änneren | Quelltext änneren]

Sou Hybriden entsti bei Kräizunge vun Aarten aus verschiddenen Gattungen, a sinn deemno ganz rar. D'Aarten u sech musse sech awer gläichen well soss brengen d'Somzellen et net fäerdeg fir sech zu engem liewensfäegen Organismus ze verbannen. E bekannte Fall bei Beem ass d'Leyland-Zypress. Dobäi hanndelt et sech ëm Hybriden bei deem déi zwéin Elterndeeler d'Roll sou gutt vum Papp wéi vun der Mamm iwwwerholl hunn. Sou entstoung och net nëmmen en eenzelen Hybrid mä eng ganz Grupp. Sou Hybride kréien en neie Gattungsnumm deen aus dem Numm vun den zwou Elteregattungen zesummegesat ass, wat bei der Leyland-Zypress hirem wëssenschaftlechen Numm × Cupressocyparis leylandii en zesummegesaten Numm vu Cupressus a Chamaecyparis ass. Den × weist datt et en Hybridegattungsnumm ass. Aner Gattungshybride fënnt ee besonnesch bei Rosaceaen wéi z. B. bei der Aaspel, dem Hodar an der Vullekiischt.

Hybriden an der Zuucht[änneren | Quelltext änneren]

An der Planzenzuucht si besonnesch interspezifesch Hybriden (Aarthybriden oder Aartbaaschterten) intressant. Se hu gewéinlech mei e staarke Wuesstem wéi d'Elteren an dat ëmsou méi wat d'Eltere manner Famill matenee sinn. Déi Iwwerleeënheet gëllt awer net nëmme fir de Wuesstem (d.h Héicht a Vitess), mä d'Bildung vu Bléien a Friichten ass och dacks méi grouss. Dee Phenomeen ass als Heterosis bekannt. Graff kann ee soen dat eng Kräizung vun enger Aart mat ville klenge Friichten mat enger Aart mat wéinegen awer grousse Friichten en Hybrid ka ginn, dee vill grouss Friichten dréit. Déi Eegenschafte sinn awer dacks nëmmen an der éischter Generatioun dominant. Si bleiwe bei vegetativer Reproduktioun déi selwecht, wärend fir Generatiounen déi aus Hybridesom entstinn, d'F2, d. h. déi zweet Generatioun, d'Heterosis méi schwaach ass a bei de Generatiounen duerno gant verschwënnt. Sou Heterosis-Wierkungen trieden awer net bei all Kräitung op, et sinn éischter Glécksfäll. Et muss een och nach soen datt interspezifesch Baaschterten heiansdo steril sinn, also kee keimfäege Som hunn. Dat ass awer net d'Reegel, am Géigesaz zum Déiereräich wou et ëmmer de Fall ass, wéi z. B. beim Mauldéier a Mauliesel, a bei den Zebroiden an anerer.