Aaspel

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps kuickshow.png Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Aaspel
Aaspel

Aaspel
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzeräich
Ofdeelung: Bléieplanzen
Klass: Magnoliopsida
Uerdnung: Rosales
Famill: Rouseplanzen
Ënnerfamill: Kärenuebstplanzen
Aart: Aaspel
Wëssenschaftlechen Numm
Mespilus germanica
L“.

D'Aaspel, Mespilus germanica, ass eng Planzenaart aus der Ënnerfamill vum Kärenuebst (Maloideae), déi zu der Famill vun de Rouseplanzen (Rosaceae) gehéiert.
Se sief net verwiesselt mat der Mëspel, op Däitsch Mistel.

Bléi a Laf vun der Aaspel.

Et si kleng Beem, oder grouss Traisch, déi an der fräier Natur a Bëscher an an Hecken, a Bierggéigenden a Süd-Ost-Europa, an a Südwestasien doheem sinn.

D'Aaspel gëtt haaptsächlech wéinst hirer breeder Form an de schéinen Hierschtfaarwe geplanzt. Si kënnen aus dem Som gezillt ginn, deen am beschten am Oktober geséit gëtt. Et kann een se awer och duerch Praffe fortplanzen.

D'Aaspel wiisst gutt op nierstoffräichen, gutt drainéierte Biedem, an der voller Sonn, si verdréit och liichte Schiet.

D'Blieder sinn 10 bis 15 cm laang, am Summer donkelgréng, a brong-giel am Hierscht. Hir Bléi kënnt Mëtt Mee bis Juni, an déi wäiss Blummen, heiansdo met Rosa dran, sinn 2–5 cm grouss.

D'Friichte kënnen no engem Frascht giess ginn, wa se dee sinn.

Den Numm[änneren | Quelltext änneren]

D'Aaspel huet an der Ëmgankssprooch eng sëllechen Nimm:

  • Aasper
  • Heespel
  • Heispel
  • Hondsa
  • Hondsaarsch, en Ausdrock, deen an der Form "Hundsärsch" am Wörterbuch der deutsch-lothringischen Mundarten" vun 1909 ze fannen ass.
  • Knëspel

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mespilus germanica – Biller, Videoen oder Audiodateien