Klass (Biologie)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Klass (lat. classis) ass an der Biologie eng systematesch Kategorie, déi déi verschidden Uerdnungen zu enger Grupp zesummefaassen.

D'Klass kann een nach an: Iwwerklass, Ënnerklass an Infraklass andeelen. D'Infraklass gëtt haaptsächlech benotzt wann tëscht der Ënnerklass an der Iwweruerdnung nach eng Andeelung gebraucht gëtt.

E Beispill ass:

  • Iwwerklass: Gnathostomata
    • Klass: Mamendéieren
      • Ënnerklass: Theria
        • Infraklass:Héijer Mamendéieren

D'Kategorie iwwer der Klass ass de Stamm.