Uerdnung (Biologie)

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

D'Uerdnung (lat. Ordo) ass an der Biologie eng héich systematesch Kategorie, déi verschidde Familljen zu enger Grupp zesummefaasst.

D'Uerdnunge ginn agedeelt an: Iwweruerdnung, Uerdnung an Ënneruerdnung.

E Beispill ass:

  • Iwweruerdnung: Euarchontoglires
    • Uerdnung: Primaten
      • Ënneruerdnung: Afe mat dréchenen Nuesen

D'Kategorie iwwer der Uerdnung ass d'Klass.

Op Latäin halen d'Uerdnungsnimm an der Botanik ëmmer mat „-ales“ op.