Spelz
Triticum spelta | |
Wëssenschaftlech Klassifikatioun | |
---|---|
Räich | Planzeräich |
Iwwerofdeelung | Somplanzen |
Ofdeelung | Bléieplanzen |
Klass | Commelinidae |
Uerdnung | Poales |
Famill | Séissgrieser |
Gattung | Weess |
Wëssenschaftlechen Numm | |
Triticum spelta | |
L. | |
Spelz (Triticum spelta L.) ass eng Fruuchtaart, déi als Virleefer vum haitege Weess gëllt.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]Bis virun honnert Joer war de Spelz an Europa wäit verbreet a gouf dunn allerdéngs vum Weess ëmmer méi verdrängt an dat bis déi nei Naturkaschternierung erëm entdeckt gouf.
Spelz fënnt een dowéinst erëm méi op de Felder, wat absënns op Efforten an d'Richtung vum ekologeschen Akerbau zeréckzeféieren ass. Zu Lëtzebuerg ass et apaart d'Spelzgenossenschaft Naturpark Öewersauer, déi d'Virdeeler vum Spelz ze schätze weess.
Gebrauch
[änneren | Quelltext änneren]De Lëtzebuerger Spelz gëtt virun allem fir Brout, Béier an Deegwuere gebraucht. Spelz gëtt an der Vollwäertkichen erëm vill gebraucht an e kann als Zousaz fir Kniddelen, Zoppen a Gratin benotzt ginn.
D'Brauerei Simon vu Wolz braut zanter e puer Joer[Wéini ?] e Béier mam Numm Simon Dinkel bei deem een Drëttel vun der Maisch aus net vermalztem Spelz besteet.[1]
Eegenschaften
[änneren | Quelltext änneren]Spelz ass net exigent wat de Buedem ugeet, en ass robust an net besonnesch krankheetsufälleg. Dozou kënnt, datt Spelz net mat anere Fruuchtzorte gekräizt ginn ass, well e relativ schwéier ze verschaffen ass, an doduerch seng ursprénglech Eegenschafte behale konnt, deenen eng besser gesondheetlech Verdreeglechkeet zougeschriwwe gëtt. Spelz huet e wierzegen an nëssege Goût.
Inhaltsstoffer
[änneren | Quelltext änneren]Spelz enthält vill Magnesium, Eisen, Zénk a Mangan.
Gesondheetswäert
[änneren | Quelltext änneren]Spelz ass net glutenfräi, dofir solle Leit, déi mat Zöliakie geplot sinn, kee Spelz iessen.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Commons: Spelz – Biller, Videoen oder Audiodateien |