Schabloun:Wéini?

Vu Wikipedia

[Wéini ?]

Dokumentatioun vun der Schabloun:Wéini? Dokumentatioun änneren

D'Dokumentatioun fir dës Schabloun steet hei ënnendrënner an ass vun der Säit Schabloun:Wéini?/doc hei agebonne ginn. All Froe sollen och op där hirer Diskussiounssäit gestallt ginn. Kuckt och: Hëllef:Schablounen. D'Schabloun Wéini ? an engem Text weist drop hin, datt do eng genee Zäitindikatioun hëllefräich ass.

Allgemeng sollen Aussoe wéi "haut", "aktuell", "am Moment", "a leschter Zäit", "zanter kuerzem" asw. evitéiert ginn, well déi spéitstens e puer Joer nodeems se geschriwwe goufen, hir Ausso verluer hunn, jo falsch Tatsaache suggeréieren. An deem Fall ass eng Indikatioun a Klameren (Stand: Mäerz 2024) oder en direkte Bezuch am Text ubruecht, wéi z. B."Bis 2024 huet hien an iwwer 30 Filmer matgespillt." - "Si huet 14 Goler (Tëschestand Enn Saison 2020-21) geschoss." - "Déi héchst Punktzuel louch, bis Enn 2024, bei 456."