Hëllef:Schablounen

Vu Wikipedia

Eng Schabloun ass eng Säit, déi duerch Transklusioun spezifesch Inhalter aus enger Säit an eng aner Säit asetzt. Am Prinzip kann all Säit "transkludéiert" ginn, mä Schabloune si speziell fir deen Zweck entworf ginn, normalerweis fir repetitive Contenu a villen Artikelen oder Säiten anzesetzen, wéi z. B. Standardtext, Textbausteng, Warnungen, Umierkungen, Infoboxen, Navigatiounsboxen an änlech Bausteng.

Hutt Dir Froen a Remarken zu de Schablounen, z.B. wéi s'ausgesinn oder wéi se fonktionnéieren, gitt op Hëllef:Schablounen/Froen.


Benotze vu Schablounen[änneren | Quelltext änneren]

Akoladen
Akoladen

Den Opruff vun enger Schabloun gëtt ëmmer tëscht duebel Akkoladen {{}} geschriwwen. Do wou den Opruff steet gëtt dee friemen Inhalt och agesat.

Schablounesäiten abannen[änneren | Quelltext änneren]

Beispill: d'Schabloun {{Source?}} gëtt no enger Ausso gesat, déi speziell genuch ass, fir duerch eng Quell musse beluecht ginn.

Dës Ausso muss duerch eng Quell oder en Zitat beluecht ginn.{{Source?}}
Dës Ausso muss duerch eng Quell oder en Zitat beluecht ginn.[Source?]

D'MediaWiki-Software ersetzt an deem Beispill de Schablounecode {{Source?}} duerch den aktive Code vun der Schabloun "Source?". Gëtt d'Schabloun geännert, ännert och den entspriechenden Text an all den Artikelen, an deenen dës Schabloun agesat gouf.

Gewéinlech Säiten abannen[änneren | Quelltext änneren]

Normal Säite bzw. Artikele kënnen och als Schabloun benotzt ginn. Zum Beispill géif {{Wikipedia:Hëllef}} d'Säit Wikipedia:Hëllef als Schabloun abannen. Wéilt een eng Artikel-Säit mat abannen, muss een en Doppelpunkt virun den Numm setzen: {{:Akkolad}} bënnt beispillsweis den Artikel Akkolad (Typographie) als Schabloun an, sou a follgendem Ofschnëtt, dee mam Tag <blockquote> ageréckt a gro hannerluecht ass:

Eng Akkolad ass an der Typographie eng Zort vu Klamer, déi seele benotzt gëtt. Akkolade gi meeschtens als Koppel agesat: déi éischt mécht d'Klamerung op { an déi zweet mécht se nees zou }.

Op Franséisch heesche s'accolades, op Däitsch geschweifte Klammern oder geschwungene Klammern, op Englesch braces oder curly brackets

Akkolade ginn z. B. agesat, fir e puer Zeilen zesummenzefaassen, z. B. an der Musek. An Dictionnairen hu si dacks eng speziell Bedeitung. An der Mathematik gi se gebraucht fir Ensembelen duerzestellen, oder als Rechenzeechen.

Akkoladen
Akkoladen

Op der Wikipedia gi se duebel agesat fir Schablounen ze kennzeechnen (Kuck hei).

Speziell Beräicher (Tags)[änneren | Quelltext änneren]

Dës Tags sollten nëmmen a Säite benotzt ginn, déi als Schabloun agebonne ginn:

<includeonly>
Alles, wat an enger Schabloun bannent den Tags <includeonly></includeonly> steet, gëtt nëmmen dann ugewissen, wann d'Schabloun op enger anerer Säit agebonne gëtt. Mat <includeonly> loosse sech all Säiten, déi eng bestëmmte Schabloun hunn, enger Kategorie bäisetzen.
<noinclude>
Alles, wat an enger Schabloun bannent den Tags <noinclude></noinclude> steet, gëtt nëmmen dann ugewissen, wann d'Schabloun direkt gekuckt gëtt. Mat <noinclude> loosse sech sou d'Schablounen an eng Kategorie setzen, oder eng Dokumentatioun bäisetzen, déi als Schabloun {{Dokumentatioun}} agesat gëtt.
<onlyinclude>
Wann d'Schabloun direkt gekukt gëtt, huet d'Tag-Puer <onlyinclude></onlyinclude> keng Wierkung op dat wat dertëscht steet. Wann d'Schabloun op enger anerer Säit agebonne gëtt, gëtt just dat ugewissen, wat dertëscht steet.

Kopéiervirlag fir eng nei Schabloun[änneren | Quelltext änneren]

<includeonly>CODE VUN DER SCHABLOUN</includeonly><noinclude>{{Dokumentatioun}}</noinclude>

Dokumentatioun vu Schablounen[änneren | Quelltext änneren]

Schabloune solle prinzipiell all dokumentéiert ginn, an zwar an enger Dokumentatiounssäit, déi dann am <noinclude>-Beräich vun der Schabloun mat Hëllef vun der Schabloun {{Dokumentatioun}} agebonne gëtt. Op déi Dokumentatiounssäit kommen dann och d'Kategorië stoen.

Am einfachste setzt een de Code <noinclude>{{Dokumentatioun}}</noinclude> an eng Schabloun, da kritt een déi néideg Linken op déi entspriechend Dokumentatiounssäit ugebueden.

Kopéiervirlag fir eng Dokumentatiounssäit vun enger Schabloun[änneren | Quelltext änneren]

==Beschreiwung==

==Parameter==

==Beispiller==

==Kopéiervirlag==

==Kuckt och==

<!-- KATEGORIEN wgl. hei drënner setzen -->

Kategoriséieren[änneren | Quelltext änneren]

All Schabloun soll an eng passend thematesch Ënnerkategorie an d'Kategorie:Schablounen gesat ginn.

D'Kategorië gi prinzipiell an d'Dokumentatiounssäit gesat. An d'Schabloun selwer däerfe si nëmme bannent den Tags <noinclude></noinclude> gesat ginn, sou datt nëmmen d'Schabloun an d'Kategorie gesat gëtt, an net all déi Säiten, an deenen d'Schabloun benotzt gëtt, ausser dat wier gewënscht.

Zorte vu Schablounen op der lëtzebuergescher Wikipedia[änneren | Quelltext änneren]