Klamer

Vu Wikipedia

Eng Klamer ass en Zeechen oder e Symbol, wat fir d'Beschreiwung vun enger Klamerung benotzt gëtt.

()
[]
{}
<>

An der Schrëftsprooch dénge Klameren als Sazzeeche fir d'Glidderung vun der syntaktescher Form. A munneche Sprooche wéi am Däitsche gehéiert et net zum gudde Stil fir heefeg Klameren anzesetzen, an anere Sprooche wéi am Engleschen ass et dogéint geleefeg.

An der Mathematik gi Klameren d'Prioritéit vu Rechenoperatiounen un. Akkoladen, eckeg a spatz Klameren hunn an der Mathematik meeschtens eng speziell Bedeitung.

A Programméiersprooche gi Programmelementer mat Klamere gruppéiert.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]