Hëllef:Schablounen/Froen

Vu Wikipedia

Dës Säit soll et erméiglechen, Froen iwwer d'Ausgesinn an d'Fonktionnéiere vu Schablounen, Textbausteng, Këschten asw. ze stellen, oder awer ze diskutéieren, wéi bestëmmt Këschte sollen ausgesinn, wat fir Informatiounen dra solle sinn, asw., wat och Froen zum Abanne vu Wikidata-Elementer (wat a wéi) betreffe géif.



D'Majoritéit vun den neie Schabloune wäerten op d'Date vu Wikidata zougräifen. Ech invitéieren d'Wikipedianer déi ze fëllen, et kann een de Wikidata zougräifen andeems een op de Barcode vun der Schabloun klickt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ier ech iwwer Wikidata schwätzen fänken ech mat enger Erklärung vun der Geschicht vu sengem "Papp" Freebase. Freebase ass eng Datekollektioun vu Wëssen, an de Bësetzer (Metaweb) gouf vu Google am Joer 2010 opkaaft. Déi eeler Infoboxen déi op Google ze gesi waren, waren deelweis vun den Donnéeën aus Freebase entstanen. 16. Dezember 2014 gouf annoncéiert datt Freebase agestallt gëtt an d'Donnéeën op Wikidata geréckelt ginn. Wikidata ass den 30. Oktober 2012 lancéiert ginn. De Projet gouf erstallt vu Wikimedia Deutschland a gesponsort vun Allen Institute for Artificial Intelligence, Gordon and Betty Moore Foundation a Google.

Impakt[änneren | Quelltext änneren]

D'Wikidata impaktéiert sou gutt wéi all Sichmaschinnen. Bing Maps (Microsoft) huet z. B. Melbourne falsch placéiert well d'Geokoordinaten vu Melbourne op Wikidata falsch waren[1]. Mer kënnen och "einfach behaapten" datt Google déi Donnéeën och benotzt soss géif d'Firma net hir Datebank a Wikidata integréieren an de Projet finanzéieren. D'"Voice Assistents" (Siri, Google Assistent, Alexa, ...) benotze sécher déi Donnéeë well se sou kënne se genee op d'Froen äntweren. Persounen déi e "komplette" Wikidata hu ginn op Google riets als Këscht ugewisen. Beispill: Peter Gilles oder Batty Weber. Wann ee mam Smartphone/Tablet op der Wikipedia zougräift mierkt een datt e "Kuckt och" automatesch ënnen op der Säit generéiert gëtt, fir déi ze generéiere ginn d'Donnéeë vu Wikidata an d'Zougrëffsunzuel gekuckt.

Wéi wäit geet dat?[änneren | Quelltext änneren]

Et geet sou wäit datt een och de Facebook, Twitter

Firwat solle mer dat maachen?[änneren | Quelltext änneren]

E Wikidata vun enger Persoun déi gutt gemaach ass placéiert e virrangeg.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Bing Maps weist op der Kaart Melbourne falsch

Infobox Biographie[änneren | Quelltext änneren]

(eriwwerkopéiert vum Zinneke senger Diskussiounssät)

Gudde Moien Zinneke, Wéi ech mierke stéiert der de Fotoapparat geneesou vill wéi de Les Meloures an ech. Hues du eng Propos wéi ee "weise" soll datt Persounen/Uertschaften kee Bild an der Schabloun hunn? (Mer hunn immens vill Lëtzebuerger Uertschaften ouni Fotoen an der Schabloun). Déi eenzeg Iddi déi ech hunn ass datt mer op der Haaptsäit soe kéinten datt eis Fotoe feelen. (Ech fannen déi Iddi awer net immens) --Soued031 (Diskussioun)

Moien, @Soued, mech huet éischter d'Foto vun engem konkrete Fotosapparat gestéiert. A mengen Ae passt do éischter e Piktogramm hin: Vun engem Fotosapparat (wéi bei de Fransousen), oder awer eng Silhouet vun enger Persoun (bei Persounen).
Ech profitéiern vun der Geleeënheet, ze proposéieren, eng allgemeng Diskussiounssäit anzeriichte fir allfälleg Froen oder Commentairen zu Këschten. Dat giff d'Saach fir jidderee méi einfach maachen. Z.B. eng Ënnersäit vun Hëllef:Schablounen: Hëllef:Schablounen/Froen.--Zinneke (Diskussioun) 09:18, 23. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]
Dat wier definitiv besser wéi um Staminee diskutéiert ze ginn. Da kéint ech sou wéi bei "git" eng Säit voll tässele mat Saachen déi een nach muss flécken oder Proposen. Ech wier fir op der Hëllefssäit e Link op der Diskussiounssäit vun der Schabloun wou do dran d'Propose/Bugs sinn. Dat mam Piktogramm: du kanns et bei den Uertschaften testen (réckel einfach op déi al Versioun ;)). Dat mam Piktogramm ass eng "cool" Iddi gesäit awer praktesch e bësse falsch op der Plaz aus fannen ech. --Soued031 (Diskussioun)
(nom Eriwwerkopéieren) Wat heimat geschitt ass. --Zinneke (Diskussioun) 10:16, 23. Okt. 2017 (UTC)[äntweren]