Hëllef:Menüpunkten

Vu Wikipedia

Hei gëtt erkläert wat sech hanner de Linken vun de Wikipedia-Säite verstoppt. Zu de verlinkte Begrëffer gëtt et jeeweils méi ausféierlech Erklärungen.

Haaptsäit: féiert Iech op déi éischt Säit vun der Lëtzebuergescher Wikipedia.
Communautéitssäit: alles iwwer, fir a vun der Gemeinschaft vun de Wikipedianer.
Themeportaler: sinn Aféierungssäite vu verschiddenen Themegebidder.
Rezent Ännerungen: ass eng automatesch Lëscht vun den Artikelen, déi fir d'lescht geännert goufen.
Zoufallssäit: weist nom Zoufallsprinzip ee vun de(n) 63.202 Artikelen an dëser Wikipedia.
Hëllef: bitt allméiglech Hëllefen un.
Maacht en Don: féiert op d'Websäit vun der Wikimedia Foundation mat der Méiglechkeet fir de Betrib vun der Wikipedia en Don ze maachen.
Fréier Menüpunkten
Aktualitéit: eng Zort Chronologie vun allem wat dee Moment grad aktuell war.

Fir no engem Artikel ze sichen, gitt einfach äert Stéchwuert riets uewen an d'Sichkëscht an, an dréckt Enter oder klickt op d'Lupp.

Wann et den Artikel no deem Der gesicht hutt nach net gëtt, mécht d'Wikipedia automatesch eng Volltextsich.

Weider Tuyaue fir effektiv ze siche fannt der op: Hëllef:Sichen.

Geschirkëscht[änneren | Quelltext änneren]

  • Linken op dës Säit: zielt all Linke vun anere Wikipedia-Säiten op, déi op d'aktuell Säit déi Dir op hutt, hiweisen.
  • Ännerungen op verlinkte Säiten: weist déi lescht Ännerungen un Artikelen, déi op d'aktuell Säit déi Dir op hutt, gemaach goufen - praktesch fir en Themegebitt am Ae ze behalen.
  • rss atom: Link zu RSS bzw. Atom-Feeds (nëmmen op der Säit mam Historique vun den Artikelen)
  • Eroplueden: féiert zu enger Méiglechkeet, fir Biller an Dateien eropzelueden. Biller sollen awer wa méiglech op de sproocheniwwergräifende Projet Wikimedia Commons eropgeluede ginn, wou se alle Sproochen zu gutt kommen. Méi doriwwer am Billertutorial.
  • Spezialsäiten: erméiglechen den Zougrëff op verschidde besonnesch Funktiounen, ë. a. d'Uweise vun alle Benotzer oder och vu Weesenartikelen op déi kee Link hiweist.
  • Printversioun: erméiglecht eng drockgerecht Formatéierung vun der Säit
  • Zitéierfäege Link: Zitéierhëllef fir d'Zitéieren aus der Wikipedia.

Umellen/Astellungen[änneren | Quelltext änneren]

Wann Der net ugemellt sidd:

Umellen: hei geet et zum Login; Leit déi nach net ugemellt sinn, kënne sech hei och e Benotzerkont opmaachen.

Wann Der ugemellt sidd:

Benotzernumm: féiert op déi eege Benotzersäit.
Meng Diskussioun: féiert op déi eegen Diskussiounssäit.
Meng Astellungen: féiert zu der perséinlecher Astellung vun der Software, wou een ë. a. säi Passwuert ännere kann.
Meng Suivi-Lëscht: Hei ginn all d'Ännerungen op de Säiten, déi Der an Ärem Suivi hutt, ugewisen.
Meng Kontributiounen: eng Lëscht vun allen eegene Bäiträg zu der Wikipedia.
Ausloggen: oofmelle vum System.

Artikel, ... Historique[änneren | Quelltext änneren]

Fir jiddwereen:

Artikel/Modell/Kategorie/Portal/Hëllef/Projetssäit/Benotzersäit: féiert op déi aktuell Säit.
Diskussioun: féiert op d'Diskussiounssäit vum Artikel. Hei kënne Froe gestallt ginn, a Bemierkungen hannerlooss ginn.
Änneren: Domat kann een den Inhalt vum aktuellen Artikel änneren.
Versioune weisen: weist eeler Versioune vum Artikel a wien alles dru geschafft huet.

Zousätzlech fir déi, déi ugemellt sinn:

Réckelen: Domat kann een den Artikel ëmbenennen. Gläichzäiteg gëtt eng Viruleedung vum alen op den neien Numm ugeluecht.
Iwwerwaachen/Net méi iwwerwaachen: Domat kann een den aktuellen Artikel op d'Suivi-Lëscht setzen, oder nees erofhuelen.

Zousätzlech fir d'Administrateuren:

Protegéieren: Domat ka keen ausser d'Administrateure selwer um Artikel eppes änneren.
Läschen: läscht den Artikel aus der Datebank.