Wikipedia:Lizenzschabloune fir Biller

Vu Wikipedia

Lizenzschabloune fir Biller ginn ugeroden, fir d'Kennzeechnung fir de rechtleche Status bei der Benotzung vu Biller an der lëtzebuergescher Wikipedia. Et kann een och d'Biller direkt op Commons eroplueden. Informatiounen dozou fannt Der op Wikimedia Commons.

Op Hëllef:Schablounen ass erkläert, wéi d'Textbausteng technesch funktionéieren, a wéi si an den Artikel agebaut kënne ginn.

Op Wikipedia:Lizenzéierung fir Ufänger fannt Der Schrëtt fir Schrëtt erkläert, wéi ee mat Lizenzen ëmgeet, an eng Äntwert op typesch Ufängerfroen zu de Lizenzen.

Informatiounen zu de Biller[Quelltext änneren]

D'Virlage fir d'Lizenz vun engem Bild kënnt Der direkt beim Eropluede vum Bild selwer an d'Textfeld aginn. Verschidde gängeg Lizenze kënnen och direkt iwwer de Menü ausgewielt ginn. Domat erschénge se automatesch op der Bildbeschreiwungssäit. Natierlech kann d'Beschreiwung vun engem Bild och nach nodréiglech verännert ginn (wann een zum Beispill - wat jo alt emol virkënnt - vergiess huet eng Lizenz unzeginn).

Follgend Bausteng solle bei der Beschreiwung vun de Biller benotzt ginn, fir datt alles eenheetlech gehalen ass.

Zousätzlech zu der Lizenz kënnen - a sollen - och weider Informatiounen do stoen, sou zum Beispill wou d'Bild hierkënnt.

Am Idealfall steet also ënner engem Bild follgenden Text:

* Sujet: Wat ass um Bild ze gesinn
* Source: Wou kënnt d'Bild hier ? (vun enger anerer Wikipedia, selwer gemaach etc.)
* Autorisatioun: Wann d'Bild ënner engem Copyright steet, kann een uginn, wisou een et benotzen däerf.

Lizenzschablounen[Quelltext änneren]

Natierlech ass et och méiglech, e Bild ënner méi wéi enger Lizenz ze verëffentlechen. Déi meescht vun dëse Lizenze si scho ganz speziell an Der wäert se och net sou dacks op der Wikipedia begéinen.

CC-Lizenzen[Quelltext änneren]

Bausteen an Erklärung Beispill
{{Bild-CC-by-sa/3.0/lu}}

Creative Commons - Attribution-ShareAlike 3.0 Lëtzebuerg

w:lb:Creative Commons
Attributioun ënner deselwechte Bedingunge weiderginn
Dëse Fichier ass ënner der Creative Commons Attribution-Share Alike 3.0 Luxembourg Lizenz disponibel.
Dir kënnt:
  • D'Wierk deelen – kopéieren, verdeelen a weiderginn
  • D'Wierk kombinéieren – adaptéieren
Ënner dëse Konditiounen:
  • Attributioun – Dir musst appropriéiert Informatiounen iwwer den Auteur uginn, e Link op d'Lizenz maachen, an uginn ob Ännerunge gemaach goufen. Dës Informatioune kënnen op eng räsonabel Manéier gi ginn, awer ouni datt den Androck entsteet datt deen deen d'Lizenz ginn huet Iech oder Är Benotzung approuvéiert oder ënnerstëtzt.
  • ënner deselwechte Bedingunge weiderginn – Wann Dir dëst Wierk ännert, transforméiert oder dorop opbaut, dierft Dir dat Wierk, dat doraus entsteet, nëmmen ënner der selwechter oder enger kompatibeler Lizenz, verbreeden.


{{Bild-CC-by-sa/3.0}}

Creative Commons - Attribution-ShareAlike 3.0

w:lb:Creative Commons
Attributioun ënner deselwechte Bedingunge weiderginn
Dëse Fichier ass ënner der Creative Commons Attribution-Share Alike 3.0 Unported Lizenz disponibel.
Dir kënnt:
  • D'Wierk deelen – kopéieren, verdeelen a weiderginn
  • D'Wierk kombinéieren – adaptéieren
Ënner dëse Konditiounen:
  • Attributioun – Dir musst appropriéiert Informatiounen iwwer den Auteur uginn, e Link op d'Lizenz maachen, an uginn ob Ännerunge gemaach goufen. Dës Informatioune kënnen op eng räsonabel Manéier gi ginn, awer ouni datt den Androck entsteet datt deen deen d'Lizenz ginn huet Iech oder Är Benotzung approuvéiert oder ënnerstëtzt.
  • ënner deselwechte Bedingunge weiderginn – Wann Dir dëst Wierk ännert, transforméiert oder dorop opbaut, dierft Dir dat Wierk, dat doraus entsteet, nëmmen ënner der selwechter oder enger kompatibeler Lizenz, verbreeden.


{{Bild-CC-by-sa/2.0}}

Creative Commons - Attribution-ShareAlike 2.0

w:lb:Creative Commons
Attributioun ënner deselwechte Bedingunge weiderginn
Dëse Fichier ass ënner der Creative Commons Attribution-Share Alike 2.0 Generic Lizenz disponibel.
Dir kënnt:
  • D'Wierk deelen – kopéieren, verdeelen a weiderginn
  • D'Wierk kombinéieren – adaptéieren
Ënner dëse Konditiounen:
  • Attributioun – Dir musst appropriéiert Informatiounen iwwer den Auteur uginn, e Link op d'Lizenz maachen, an uginn ob Ännerunge gemaach goufen. Dës Informatioune kënnen op eng räsonabel Manéier gi ginn, awer ouni datt den Androck entsteet datt deen deen d'Lizenz ginn huet Iech oder Är Benotzung approuvéiert oder ënnerstëtzt.
  • ënner deselwechte Bedingunge weiderginn – Wann Dir dëst Wierk ännert, transforméiert oder dorop opbaut, dierft Dir dat Wierk, dat doraus entsteet, nëmmen ënner der selwechter oder enger kompatibeler Lizenz, verbreeden.


Domaine-Public-Lizenzen[Quelltext änneren]

Bausteen an Erklärung Beispill
{{Bild-PD}}

Domaine public

Notiz: Dës Lizenzschabloun ass net méi aktuell - ersetzt se wgl. mat enger méi spezifescher:

Dëst Bild gehéiert zum Domaine public, well:

  • seng Schutzdauer ofgelaf ass; oder
  • et net déi néideg Schëpfungshéicht erreecht fir geschützt ze sinn; oder
  • et vu sengem Auteur zu onageschränkter Benotzung fräigi gouf an deem Ëmfang wéi et am jeeweilegen nationale Recht erlaabt ass; oder
  • et duerch seng speziell Natur oder Origine per se net geschützt ass.


{{Bild-PD-al}}

Domaine public - Schutzdauer ass ofgelaf

Dëst Bild ass an den Domaine public gefall, well de Copyright ausgelaf ass.
No EU-Recht muss een nom Doud vum Auteur nach 70 Joer waarde bis datt d'Wierk net méi protegéiert ass.


{{Bild-PD-Schëpfungshéicht}}

Domaine public - Schëpfungshéicht feelt.

Dëst Bild erreecht net déi néideg Schëpfungshéicht fir en auteursrechtleche Schutz an ass domat am Domaine public.


{{Bild-PD-Auteur}}

Eegent Domaine public-Bild (+Gemengfräiheet)
Ass zu Lëtzebuerg net rechtswierksam

Ech, den Auteur vun dësem Bild, setze mäi Wierk an den Domaine public. Dat gëllt weltwäit.

oder, am Fall wou dat net rechtswierksam méiglech ass,
Ech, den Auteur vun dësem Wierk, garantéieren en onbeschränkt Benotzerrecht ouni Bedingungen, an deem Ëmfang, dee gesetzlech méiglech ass.


GFDL-Lizenzen[Quelltext änneren]

Caution: The GNU Free Documentation License is a bad license for images, because (in contrast to the Creative Commons licenses) it does not allow easy use, but hinders it.

Bausteen an Erklärung Beispill
{{GFDL}}

GNU Free Documentation License

GNU head Et ass erlaabt, dëse Fichier ënner de Bedingunge vun der GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun, an der Versioun 1.2 oder enger spéiderer Versioun, verëffentlecht vun der Free Software Foundation, ze kopéieren, ze verbreeden an/oder zu modifizéieren, ouni onverännerlech Abschnitter, Ëmschlagtext virdrun, Ëmschlagtext hannendrun. De kompletten Text vun der Lizenz ass am Kapitel GNU-Lizenz fir fräi Dokumentatioun ze gesinn.


Weider Lizenzen[Quelltext änneren]

Bausteen an Erklärung Beispill
{{Bild-by}}
Copyrighted Dëst Bild ass duerch den Droit d'auteur geschützt. Den Auteur erlaabt jiddwerengem, och baussent an onofhängeg vu Wikipedia, all Benotzung, sou wäit wéi dat am gesetzleche Kader méiglech ass. Dat gëllt weltwäit an ass zäitlech onbegrenzt. Den Numm vum Auteur muss genannt ginn.


Ausnamen[Quelltext änneren]

Bausteen an Erklärung Beispill
{{Bild-WikimediaCopyright}}

Vu Wikimedia urheberrechtlech geschützte Logoen.

Dëst Bild oder Bestanddeeler dovun, gehéieren zum offizielle Logo vun der Wikimedia Foundation oder zu engem vun hire Projeten a si marken- oder auteursrechtlech geschützt an ënnerleien net der GNU-FDL.
{{Bild-Euromënz}}

De Layout vun den Euromënzen ass Eegentum vun der EZB.

Copyright Dëst Bild stellt eng Mënz vun der Europäescher Gemeinschaftswährung Euro duer. Op den Design vun dëse Mënzen huet d'Europäesch Zentralbank d'Auteursrecht.

De Status vun dëse Biller an der Lëtzebuerger Wikipedia ass ongewëss.


Kuckt Wikipedia:EDP.

{{Bild-Logo}}

E gezeechente Logo, deen net nëmmen duerch d'Droits d'Auteur mee och duerch d'Markerecht geschützt ka sinn.

Copyright Dëst ass e Logo oder en Objet mat bal de selwechte Charakteristiken. Säi Gebrauch an niddreger Opléisung op der Wikipedia déngt exklusiv engem enzyklopedeschen Zil: de Logo soll Artikelen illustréiere mat engem Theema dat enk an Zesummenhank mam Logo selwer steet. Et kéint sech deemno op Fair use beruff ginn (d'Servere vun der Wikimedia Foundation stinn an den USA). Mä och am Fall wou dëse Logo ënner enger fräier Lizenz steet oder net duerch Auteursrechter geschützt ass, ka säi Gebrauch nach duerch aner rechtlech Bestëmmunge limitéiert sinn, wéi z. B. dem Markerecht. De Gebrauch vum Logo an engem aneren, wéi engem ofgesécherte Kontext, ass deemno net ze recommandéieren.

Kuckt Wikipedia:EDP.

{{Bild-FU-3D}}

Biller vun 3D Konscht- oder Architekturwierker

Copyright Dëst ass eng zweedimensional Representatioun vun enger Skulptur, Statu oder engem aneren dräidimensionale Konschtwierk, wat duerch Auteursrechter geschützt ass. Als sollech ass dës Representatioun en derivéiert Wierk an nom US Copyright Act vun 1976, § 106(2) ka just déi Persoun déi d'Auteursrecht um Original-Konschtwierk huet sou derivéiert Wierker autoriséieren. Dowéinst a wéinst der restriktiver Interpretatioun vun der Panoramafräiheet zu Lëtzebuerg ass et net méiglech, en adequat fräit Bild vum gewisenen dräidimensionale Konschtwierk ze maachen.

D'Benotze vu Biller an niddreger Opléisung fir den Artikel z'illustréieren, deen zum Bild gehéiert, fält awer am US-amerikanesche Recht ënner Fair use. Op dës Lizenz ka sech hei beruff ginn, well d'Servere vun der Wikimedia Foundation an den USA stinn.

All aner Benotzunge vun dësem Bild kënnen eng Verletzung vun den Auteursrechter sinn. Kommerzielle Gebrauch vun dësem Bild ass och net ouni Weideres méiglech.


Kuckt Wikipedia:EDP.

{{Bild-FU}}

Mat Auteursrecht geschützt Biller, déi d'Justificatiounscritère fir de Gebrauch ënner der Fair Use Lizenz erfëllen.

Copyright Dëst Bild ass duerch Auteursrechter geschützt. D'Benotze vu Biller an niddreger Opléisung fir den Artikel z'illustréieren, deen zum Bild gehéiert, fält am amerikanesche Recht ënner Fair use. Op dës Lizenz ka sech beruff ginn, well d'Servere vun der Wikimedia Foundation an den USA stinn.

All aner Benotzunge vun dësem Bild kënnen eng Verletzung vun den Auteursrechter sinn. Kommerzielle Gebrauch vun dësem Bild ass och net ouni Weideres méiglech.


Kuckt Wikipedia:EDP.

{{Bild-Wopen Italien}}

Domaine public - Wopen a.ä. vun enger italieenescher Kierperschaft vum ëffentleche Recht (z. B. Stied oder Gemengen). D'Benotzung ënnerläit awer ënner Ëmstänn zousätzleche gesetzleche Beschränkungen.

Copyright Dëse Fichier weist en italieenesche Wopen. Och wann sou e Wopen ë. Ë. ënner enger fräier Lizenz steet oder net duerch d'Auteursrechter geschützt ass, sou kann de Gebrauch dovun trotzdeem duerch aner rechtlech Bestëmmungen (ouns d'Auteursrechter) limitéiert sinn.

Kuckt Wikipedia:EDP.

Wa Lizenze feelen[Quelltext änneren]

Bausteen an Erklärung Beispil
{{Bild-Lizenz-onbekannt}}

Et gouf keng Lizenz uginn, oder wou d'Bild hirkënnt

Fir dëse Fichier (Bild / Toundatei) feelen déi néideg korrekt Informatiounen iwwer d'Source, den Auteur an/oder d'Lizenz, ënner där de Fichier verëffentlecht gouf. Wann déi Informatiounen net  vollstänneg an novollzéibar nogereecht ginn, da muss dëse Fichier leider geläscht ginn. Dofir biede mer deen, deen d'Bild eropgelueden huet, dat sou séier wéi méiglech ze maachen.
Soulaang déi noutwenneg Informatioune feelen, däerf d'Bild net an Artikele benotzt ginn.

De Free Image Search Tool kann zweckméisseg Biller op Flickr an op anere Websäite sichen.


Bemierkungen[Quelltext änneren]

  • Biller, déi a keng vun de genannte Kategorië falen, sollen aus der Wikipedia geläscht ginn. Wa méiglech soll ee sech awer virdrun no engem "erlaabten" Ersatz ëmkucken.
  • D'Hiweiser bezéien sech op déi neist Versioune vun de Lizenzen (3.0 bei CC-Lizenzen) bzw. déi neist oder spéider Lizenzen (1.2 oder spéider bei GFDL).
  • Vill vun dëse Lizenze sinn extrem prezis a wäerten net sou heefeg op der Wikipedia opdauchen. De Bausteen besteet awer natierlech, fir de Fall wou ee sou e Bild vun enger anerer Wikipedia eriwwerhëlt, an domat déi selwecht Lizenz kann uginn.