Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Biller

Vu Wikipedia

Grondreegelen

[Quelltext änneren]

Hei fannt dir eng kleng Lëscht, wat dir beuechte sollt, wann dir Biller op d'Wikipedia eropluet:

  • All Bild, dat eropgeluede gëtt, muss eng valabel Lizenz hunn; Biller ouni valabel Lizenz gi geläscht!
  • Dir musst e registréierte User sinn, fir Biller/Fichieren eropzelueden.
  • Virum Eroplueden, liest den Text op der Eropluedsäit oder am Eropluedassistent an haalt Iech wgl. drun!
  • Benotzt d'Descriptiounssäit vum Bild fir Informatiounen iwwer d'Source an zum Copyright ze notéieren.
  • D'Bild muss e kloer formuléierten Numm hunn, fir datt et net verwiesselt gëtt (zum Beispill "Marienkirche_Hintertupfing.jpg" amplaz "Bild 1.jpg").

Biller eroplueden

[Quelltext änneren]

Fir Biller eropzelueden, benotzt wgl. d'Spezialsäit Eroplueden oder direkt den Assistent fir s'op Wikimedia Commons eropzelueden

Hëllef iwwer Wikimedia Commons fannt Dir op (en) How to use Commons


Fotoe sollten d'JPEG-Format hunn; Iconen, Zeechnungen, Kaarten, Fändelen d'PNG-Format. GIF-Biller sollten a PNG konvertéiert ginn, ausser Animated GIFs. Wa méiglech, sollen Diagrammer a Grafiken am SVG-Format eropgelueden ginn, well et do keng Qualitéitsverloschter gëtt.


Biller an den Artikel abauen

[Quelltext änneren]

Originalgréisst ouni Rumm

[Quelltext änneren]

Biller gi mat [[Fichier:Numm|Beschreiwung]] an den Artikel agebaut. D'Bild gëtt dann an Originalgréisst op der lénker Säit ugewisen. Biller an der Originalgréisst sinn awer dacks ze grouss fir datt s'anstänneg an der Säit ugewise ginn; et ass besser sougenannt Thumbnails ze benotzen.

Syntax Resultat
[[Fichier:Prism rainbow schema.png|Prisma]]

Prisma

Originalgréisst mat Rumm

[Quelltext änneren]

Mat der Optioun "framed", z. B. [[Fichier:Numm|framed|Beschreiwung]] bleift d'Bild a senger Originalgréisst, mä et gëtt agerummt.

Syntax Resultat
[[Fichier:Prism rainbow schema.png|framed|E [[Prisma]] an enger Rumm]]
E Prisma an enger Rumm

Thumbnails

[Quelltext änneren]
Beschreiwung

Fir d'Bild als Thumbnail (Miniaturbild) ze weisen, musst dir thumb tëscht den Numm an d'Beschreiwung setzen, zum Beispill:

[[Fichier:Prism rainbow schema.png|thumb|Beschreiwung]].


Biller skaléieren

[Quelltext änneren]
Beschreiwung

Mat [[Fichier:Prisma.png|thumb|100px|Beschreiwung]] kann een d'Gréisst vum Thumbnail op 100 Pixel festleeën (Standard, wann een näischt agëtt, sinn 180 Pixel).


Lénks, riets oder an der Mëtt

[Quelltext änneren]

D'Optioune left, right an center bestëmmen op d'Bild lénks, riets oder an der Mëtt ugewise gëtt. Prizipiell soll all Bild als Miniaturbild op der rietser Säit agesat ginn.

Syntax Resultat
[[Fichier:Lachen.png|left|E Smiley]]
E '''Smiley''' ass virun allem am Chat e 
beléiften Emoticon. 
E Smiley
E Smiley

E Smiley ass virun allem am Chat e beléiften Emoticon.

[[Fichier:Lachen.png|right|E Smiley]]
E '''Smiley''' ass virun allem am Chat e 
beléiften Emoticon. 
Ein Smiley
Ein Smiley

E Smiley ass virun allem am Chat e beléiften Emoticon.

[[Fichier:Pilzkorb.jpg|thumb|center|100px|E Kuerf voller Champignonen]]

E Kuerf voller Champignonen

Recommandéiert Lizenzen

[Quelltext änneren]

Luet wgl. nëmme Biller erop déi entweder aus dem Domaine public sinn oder ënner enger Creative Commons Lizenz stinn. Zu all Bild muss eng Source an eng Lizenz op der Descriptiounssäit gespäichert sinn.

Wann Dir selwer den Auteur vun enger eropgeluedener Foto sidd, da kënnt der fräi bestëmmen, ënner wat fir eng Lizenz der Äert Bild gäre setzt. Generell setzen d'Wikipedianer hir Biller ënner d'Creative Commons Lizenz BY-SA 4.0 (dt. Namensnennung-Share Alike 4.0 International), dat bedeit, datt all Gebrauch (Deelen, Editéiren, …) vun ärem Bild erlaabt ass (mat ë. a. der Oplag Iech als Auteur unzeginn).

Wann dir gären e Bild géift abauen, mä dir hutt awer keent dat passt, luusst emol bei Commons.

Um Spaweck

[Quelltext änneren]