Wikipedia:EDP

Vu Wikipedia

Et gëtt keen automatescht Recht fir net-fräi Fichieren op d'Wikipedia eropzelueden. Sou net-fräi Fichiere kënne just am Aklang mat dëse Richtlinne fir d'Applikatioun vun der Ausnamsdoktrin (op Englesch Exemption Doctrine Policy, "EDP" ofgekierzt) an Artikelen oder an anere Wikipediasäite gebraucht ginn. Allen aacht vun de follgende Critèrë mussen dofir respektéiert ginn:

  1. Kee fräit Equivalent. Net-fräi Fichiere gi just benotzt wa kee fräit Equivalent disponibel ass dat an deemselwechten enzyklopädesche But gebraucht ka ginn. Wann ëmmer et méiglech ass sollen dowéinst fräi Fichiere gebraucht ginn an onfräier deemenstpriechend ersat ginn, virausgesat déi méi fräi Alternativ ass vun enger acceptabeler a comparabler Qualitéit. Als klengen Test kann ee sech froen, ob mat engem fräie Fichier net genee deeselwechten Effet (an der Qualitéit an an deem wat a wéi et gewise gëtt) kann erreecht ginn.
  2. Respektéire vum kommerzielle Gebrauch. En net-fräie Fichier däerf net op eng Aart a Weis benotzt ginn, déi déi ursprénglech Maartroll vum Original ersetze géif. Dowéinst ass just e minimale Gebrauch erlaabt:
    1. Eng Abberzuel net-fräi Fichiere ginn net benotzt wa just een net-fräie Fichier duergoe ka fir equivalent bedeitsam Informatioune weiderzeginn.
    2. E ganzt Wierk gëtt net benotzt wann en Ausschnëtt doraus duergoe géif.
    3. Et ass besser, en net-fräie Fichier an enger méi klenger Dimensioun oder mat enger méi klenger Resolutioun ze gebrauche wéi d'Original, am Fall wou eng reell Gefor besteet, datt eng Wikipediakopie an den Originaldimensiounen a -resolutioun vun Drëtte fir Auteursrechter-Violatioune mëssbraucht gëtt.
  3. Prealabel Verëffentlechung. En net-fräie Fichier muss schonn eng Kéier verëffentlecht oder ëffentlech gewise gi sinn ier en op d'Wikipedia däerf eropgeluede ginn, ausser d'Eropluede géif duerch den Auteur oder Besëtzer vun den Auteursrechter selwer geschéien.
  4. Formelle Contenu. En net-fräie Fichier muss op d'mannst de generelle Wikipediastandard erreechen an enzyklopädesch sinn.
  5. Medierichtlinnen. D'Fichiere mussen der Wikipedia hir Medierichtlinne respektéiren, an däerfen also z. B. keng exorbitant Gréisst hunn déi d'Serveren an d'Gette goe kënne loossen.
  6. Minimal Benotzung. En net-fräie Fichier muss op d'mannst op enger Wikipediasäit représentéiert oder verlinkt sinn. En onbenotzten net-fräie Fichier kann no 15 Deeg ouni Ofstëmmung geläscht ginn.
  7. Kontextuell Bedeitung. En net-fräie Fichier muss e Méiwäert fir d'Wikipedia duerstellen. Seng Präsenz muss susceptibel si fir dem Lieser e bessert Versteestemech vun engem Sujet ze ginn an d'Ewechloosse kéint riskéire fir deem Versteestemech ze schueden.
  8. Bildbeschreiwungssäit. D'Beschreiwungssäit vum Fichier muss follgend Informatiounen enthalen:
    1. D'Source vum Fichier (wa méiglech mat Identifikatioun vum Auteur, Editeur a Besëtzer vun den Auteursrechter).
    2. Indicatioun vun der Richtlinn déi de Gebrauch vum net-fräie Fichier erlaabt (dat kann z. B. si "Promotiounsmaterial", "verstuerwe Persoun, fräi Foto onméiglech nozehuelen", "kee fräit Equivalent", "net-fräie Gebrauch vum Auteur autoriséiert").
    3. D'Schabloun Bild-FU (oder je nodeem eng aner applicabel Schabloun fir net-fräi Fichieren).