Fair use

Vu Wikipedia
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!

Als Fair Use (Gerecht Benotzung) bezeechent een eng Rechtsdoktrin am angloamerikanesche Copyright-System, déi eng bestëmmt net autoriséiert Benotzung vu geschütztem Material erlaabt, soulaang et der ëffentlecher Bildung an der Ureegung vu geeschteger Produktioun dingt; si erfëllt eng vergläichbar Funktioun wéi d'Schrankebestëmmunge vum kontinentaleuropäesche Copyright.

Am US-amerikanesche Rechtsraum erlaabt Fair Use zum Beispill eng Parodie op e geschützt Wierk, mä keng Satire. Eng Parodie als sollech muss mam Original verknëppt sinn, soss fält et ënner eng "net erlaabt Satir".

Verschidden US-amerikanesch Rechtsexperten (z. B. den Tom W. Bell) gesinn an der Fair-Use-Doktrin nëmmen e Mechanismus, fir e Versoe vum Maart ze reparéieren. Anerer (z. B. d'Julie Cohen) gesinn doran e positiivt Recht, wat souguer dann a Kraaft trëtt, wann de Proprietär vun den Auteursrechter säi Wierk duerch en technescht Rechterkontrollsystem schützt.