GNU Free Documentation License

Vu Wikipedia

D'GNU Free Documentation License (Kuerzform: GFDL oder GNU-FDL) ass eng Lizenz, där hiren Text vun der Free Software Foundation ausgeschafft ginn ass. Dës Lizenz huet als Zil, d'Verbreedung vu fräiem Contenu z'ënnerstëtzen. D'Texter op Wikipedia ginn ënner der GFDL verëffentlecht.

Opgepasst: fräie Contenu ass keen Domaine public.

Et kann een also net mat engem Wierk ënner GFDL alles maachen, wat ee wëllt. Et kann ee sou e Wierk zwar fräi benotzen an och fräi veränneren, mä all dat just ënner der Konditioun, datt d'Wierk, souguer ënner senger verännerter Form, ëmmer nach ënner der GFDL bleift.

Dofir muss ee bei all Reproduktioun oder Representatioun vun engem Wierk ënner GFDL däitlech uginn, datt dat Wierk, souguer ënner senger verännerter Form, ënner der GFDL steet, an et muss een dann och den integralen engleschen Original-Text vun der GFDL derbäisetzen. Natierlech ass et ubruecht, zu Lëtzebuerg och eng Iwwersetzung op Däitsch, Franséisch oder Lëtzebuergesch vun der GFDL nach derbäizesetzen. Den engleschen Text ass awer bei Iwwersetzungsënnerscheeder deen eenzeg verbindlechen. Dir kënnt den integralen englesche GFDL-Text kamoud iwwer dëse Link kucke goen, déi däitsch a franséisch onverbindlech Iwwersetzunge fannt Dir um Spaweck.

Déi verschidde Mataarbechter un engem Wierk ënner GFDL bleiwen d'Auteure vun hire Säiten oder Biller. Si mussen also bei all Reproduktioun an/oder Representatioun vun deem Wierk, souguer ënner enger verännerter Form, mat hirem vollen Numm ernimmt ginn. Dëst geschitt bei Wikipedia-Artikelen duerch d'Historique-Säit, déi bei all Artikel iwwer e Reider z'erreechen ass, a bei Wikipedia-Biller duerch Bildbeschreiwungssäit, déi bei all Bild duerch d'Uklicke vum Bild z'erreechen ass.

Wa mer zesummefaasse wëllen, dann ass dee groussen Ënnerscheed tëschent Domaine Public a GFDL also, datt een, wann een e Wierk, wat ënner den Domaine public gefall ass, op eng originell Aart a Weis verännert, op déi Verännerung Auteursrechter kréie kann. Mä wann een e Wierk ënner GFDL verännert, da kann een ni Auteursrechter op déi Verännerung kréien, dat verännert Wierk bleift ëmmer nach ënner GFDL a ka vu jidderengem benotzt a weiderverännert ginn. Wien domat net averstanen ass, dee kritt vun der GFDL carrément iwwerhaapt net d'Recht, dat GFDL-Wierk ze benotzen oder ze veränneren.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]