Eben Moglen

Vu Wikipedia
Eben Moglen

Den Eben Moglen, gebuer 1956, ass Professer an der Columbia Law School.

Hie beréit d'Free Software Foundation an ass ee vun de wichtegsten Auteure vun der GNU General Public License.

De Moglen vertrëtt d'Opfaassung, datt fräi Software eng wichteg Viraussetzung fir eng méi demokratesch a fräi Gesellschaft duerstellt, well mer vun techneschem Geschier ëmginn an ofhängeg sinn. Nëmme wann d'Kontroll op dës Technik duerch fräi Software alle Leit opsteet, sou de Moglen, dann ass och eng Verdeelung vun der Muecht méiglech.

Hien ass Grënner a President vum am Februar 2005 gegrënnte Software Freedom Law Center.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eben Moglen – Biller, Videoen oder Audiodateien