Op den Inhalt sprangen

Wikipedia:Läschen

Vu Wikipedia

Dëst ass d'Säit fir Läschdiskussiounen. Hei hutt Dir d'Méiglechkeet fir Säiten, déi solle geläscht ginn, erëmzefannen, selwer nei Säite fir d'Läschen ze proposéieren a wann néideg driwwer ze diskutéieren, ob d'Läsche wierklech ubruecht ass.

Am Fall wou eng Säit carrement nëmmen eng Übung vun engem Ufänger ass, se Affer vu Vandalismus gouf oder de Contenu op eng aner Säit geréckelt gouf, kann all Benotzer de komplette Contenu läschen an duerch d'Schabloun {{Läschen}} mam Grond fir d'Läschen ersetzen (z. B. {{Läschen|Gouf geréckelt}} oder {{Läschen|Vandalismus}}). Doduerch gëtt den Artikel automatesch an d'Kategorie:Läschen gesat. Beispiller fir Contenu, wou et ze schued gewiescht wier, en einfach ze läschen, sinn an eisem Schmunzeleck veréiwegt.

Am Fall wou et manner kloer ass, ob eng Säit geläscht soll ginn oder net, soll een de Contenu net läschen, mee just uewen an den Artikel {{Läschen}} setzen an de Grond fir d'Läschpropos uginn. Duerno kann op dëser Säit een neien Abschnitt ugeluecht ginn, wou iwwert d'Läsche vun deem Artikel ofgestëmmt ka ginn.

Et gëtt eng Woch laang ofgestëmmt, vum Dag vun der Läschpropos un. Dofir kann een déi follgend Symboler benotzen, optional eng Begrënnung derbäischreiwen a mat --~~~~ ënnerschreiwen:

  • Pro, wann ee fir d'Läschen ass.
  • Kontra, wann ee géint d'Läschen ass.
  • Neutral, wann een der Läschpropos géigeniwwer neutral ass, sech also an anere Wierder enthält.
  • Kommentar, wann een e Kommentar ofgi wëll, ouni datt dee Kommentar eng Positionéierung géigeniwwer der Läschpropos beinhalt.

Ofstëmme kënnen all ugemellt Benotzer, déi scho virun der Läschpropos aktiv waren. Aktiv bedeit, datt een op d'mannst 30 Ännerungen an de leschten 30 Deeg oder 50 Ännerungen am Ganzen op Artikele vun der Lëtzebuergescher Wikipedia gemaach huet.

Kuckt Iech wgl. virum Proposéieren a virum Ofstëmmen d'Relevanzkrittären vun der Lëtzebuergescher Wikipedia un.

Archivéiert Diskussioune fannt Dir am Archiv.

  • Pro idem --Les Meloures (Diskussioun) 17:06, 19. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]
  • <?> Hei hu mer en eppes spezielle Fall: En Nach-net-Buergermeeschter: Wann haut fest steet (sou verstinn ech dat op d'mannst) dass de Buergermeeschterposten tëscht zwou Koalitiounsparteie gedeelt gëtt, an se sech eens sinn, wéini wien 'drun' ass, ass dat fir mech 'stabil' genuch, dass de Relevanzcritère 'Buergermeeschter' hei ugewandt géif. Ech verstinn awer och d'Argument, einfach emol ofzewaarden, bis dat souwäit ass (dh an zwee Joer). --Zinneke (Diskussioun) 06:30, 20. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]
Fir mech e valabelt Argument, wann déi zwee Joer wéi erwaart oflafen. Ech sinn am Prinzip géint d'Zukunftsmusek well mer schonn ze dacks hu misse Saachen ännere goen, mengen awer och datt mer hei nuancéiere kënnen. Wéi d'Läschschabloun an den Artikel gesat gouf, war (wéinsten am Wikiartikel) d'Informatioun, iwwer d'Buergermeeschterei net do. --Les Meloures (Diskussioun) 07:21, 20. Jun. 2023 (UTC)[äntweren]

Schabloun:MediaWiki Newarticletext NS...

Ech proposéieren all déi follgend Kategorien ze läschen:

Ech denken, datt dës Schablounen 2005 ugeluecht goufe fir d'Messagen ze definéieren, déi ugewise ginn, wann een op eng Säit geréit, déi et nach net gëtt. Aktuell ginn dës Schablounen awer néierens méi gebraucht an dat wat bei Säiten, déi et net gëtt, ugewise gëtt, gëtt och net méi iwwer Schablounen definéiert. --Volvox (Diskussioun) 20:43, 1. Mee 2025 (UTC)[äntweren]

Pro Wa se net gebraucht ginn, da kënne se fort. | GilPe (Diskussioun) 21:11, 1. Mee 2025 (UTC)[äntweren]
Pro --Les Meloures (Diskussioun) 08:05, 2. Mee 2025 (UTC)[äntweren]
Pro --Mobby 12 (Diskussioun) 17:50, 2. Mee 2025 (UTC)[äntweren]

Schablounen, déi kënne geläscht ginn

Ginn net méi gebraucht; e puer goufen duerch aner Infoboxen ersat. -- Mobby 12 (Diskussioun) 11:05, 18. Mee 2025 (UTC)[äntweren]

Léierpersonal

Vum·Vun der 2A02:A03F:A199:6C00:6182:6DDD:C562:45AD proposéiert mat der Begrënnung: „Grond: Schlechte Redirect - et gëtt och nach anert Léierpersonal.“

Well „dës Säit sou gespaart gouf, datt nëmme ugemellt Benotzer s'ännere kënnen“, gouf d'Läschpropos heihi kopéiert vum GilPe (Diskussioun) 14:42, 12. Jun. 2025 (UTC)[äntweren]

  • Kontra: "Léierpersonal" ass am Lëtzebuergeschen déi allgemeng gebräichlech (an déi geschlechtsneutral) Bezeechnung fir Schoulmeeschteren a Léierinnen.
Den LOD iwwersetzt Léierpersonal mat personnel enseignant respektiv Lehrerschaft an op der de.wiki gëtt och Lehrpersonal op Lehrer virugeleet. Do dernieft ass mir perséinlech och keng aner Bedeitung fir „Léierpersonal“ geleefeg. GilPe (Diskussioun) 14:53, 12. Jun. 2025 (UTC)[äntweren]
  • Pro ausser et géif en Artikel draus gemaach ginn, awer nëmmen e Redirect op Schoulmeeschteren a Léierinnen ass schlecht. Professeren, Chargés de cours, oder aner pedagogesch Beruffer gehéieren och zum Léierpersonal. Am Däitsche gëtt de Lehrer och anescht definéiert a beschränkt sech net op d'Schoulmeeschteren a Léierinnen déi bei ons nëmmen an der Grondschoul, Schoul halen:
Ein Lehrer oder eine Lehrerin ist eine Person, die andere auf einem Gebiet weiterbildet, auf dem sie selber einen Vorsprung an Können, Wissen oder Erfahrung hat. Da es sich um keine geschützte Bezeichnung handelt, kann sich grundsätzlich jede Person so nennen, die sich in einer Phase der Vermittlung von Wissen, Können, Lebensweisheit, Ausbildung oder Bildung befindet. „Lehrer“ kann in der Umgangssprache als Berufsbezeichnung oder als Ehrentitel sehr unterschiedliche Bedeutung annehmen und ist eine Sammelbezeichnung für alle Arten von Lehrenden; diese lassen sich durch eine entsprechende Wortverbindung jeweils näher kennzeichnen, etwa Schullehrer, Hauslehrer, Tanzlehrer oder Segellehrer. Vor allem in der modernen Amtssprache findet sich die geschlechtsneutrale Bezeichnung Lehrkraft.
--Les Meloures (Diskussioun) 15:15, 12. Jun. 2025 (UTC)[äntweren]
  • Kontra: -- wéi de Benotzer GilPe et uewe scho schreift. --Bdx (Diskussioun) 07:52, 13. Jun. 2025 (UTC)[äntweren]
  • Pro: Mat "Léierpersonal" ass definitiv net nëmmen de Schoulmeeschter/Joffer/... gemengt am Primaire mä och am Secondaire an och anert Personal dat Coursë gëtt. --Soued031 (Diskussioun) 09:27, 15. Jun. 2025 (UTC)[äntweren]
  • Kommentar: D'Situatioun ass een Duercherneen. Am Artikel Schoulmeeschter a Léierin steet Léierpersonal als geschlechtsneutral Bezeechnung. An deemselwechten Artikel gëtt sech awer och spezifesch op d'Primär-/Grondschoul bezunn. Am verbonnene Eikidata-Element Schoulmeeschter (Q2251335) ass awer rieds vu primary or secondary school. Wa Léierpersonal sech net nëmmen op Grondschoulléierpersonal bezitt – an dovunner ginn ech aus –, gesinn ech zwou Méiglechkeeten:
  1. Den Artikel Schoulmeeschter a Léierin behält säi Scope, gëtt mat Schoulmeeschter (Q10509151) verbonnen, d'Ernimmung vu Léierpersonal gëtt gestrach (oder modifizéiert, datt kloer ass, datt et eng Iwwerklass ass) an de Redirect gëtt geläscht (oder zu engem separaten Artikel ausgebaut).
  2. De genannten Artikel gëtt am Scope erweidert a misst deemno unhaltlech erweidert ginn, awer fir de Resch bräicht sech näischt ze änneren (ausser eventuell nach méi een allgemengt Wikidata-Element).
Ech perséinlech si fir déi éischt Optioun, well de Schoulmeeschter am Lemma reng op Grondschoule bezéibar ass. --Volvox (Diskussioun) 06:47, 19. Jun. 2025 (UTC)[äntweren]
Merci dem Volvox fir seng Analys; ech ënnerstëtze seng 1. Alternativ. | GilPe (Diskussioun) 15:51, 23. Jun. 2025 (UTC)[äntweren]
fir déi 1. Alternativ. --Zinneke (Diskussioun) 13:49, 2. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]
Kommentar 1. Optioun ass ëmgesat. --Volvox (Diskussioun) 14:09, 2. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Buergermeeschter-Schabloune fir fréier Gemenge läschen

Ech denken, datt et kee Sënn méi huet, d'Buergermeeschterschabloune fir fréier Gemengen ze halen. Déi ginn normalerweis benotzt fir de jeeweils aktuelle Buergermeeschter an engem Artikel (meeschtens an enger Infobox) unzeweisen. Dat wieren ze läschen:

--Volvox (Diskussioun) 12:28, 2. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Fazit: goufe geläscht. --Zinneke (Diskussioun) 08:55, 8. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Lager Gruben

Deen Artikel ass iwwer ee (vun am Ganzen ennger aacht) Gefaangenelager fir sougenannt "Ostarbeiter", d.h. vun den Nazien agesaten Zwangsaarbechter aus Osteuropa). Dës Lager sollen am Artikel "Ostarbeiter" - Kapitel "Ostarbeiter zu Lëtzebuerg", am beschten an enger Tabell (mat e puer Donnéeeën - wou genee, wéini, wéivill Gefannagener,...) all opgezielt ginn. Eegen Artikelen, wou net méi dra stéing wéi an enger Zeil Tabell, hu mMn net vill Sënn (kuckt och Diskussiounssäit zum Artikel). -- Zinneke (Diskussioun) 08:48, 8. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Conclusioun: gouf geläscht. | GilPe (Diskussioun) 15:42, 17. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Fondatioun ouni Gewënnzweck (Lëtzebuerg)

D'Situatioun vun de Fondatiounen zu Lëtzebuerg ass am Artikel Stëftung erkläert; et ass mMn en Doublon a gouf schonn 2012 proposéiert fir ze läschen. Kuckt d'Diskussioun dozou. | GilPe (Diskussioun) 15:38, 17. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Conclusioun: gouf geläscht. | GilPe (Diskussioun) 08:27, 27. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Veräiner an Organismen

Am Artikel ass allerhand Duercherneen (gouf och schonn diskutéiert). A mengen Aen wär et besser den Artikel Veräin op Club weiderzeleeden an do dran den Ënnerscheed tëscht De-facto-Associatioun, ASBL an Netregierungsorganisatioun ze maachen. Wéi och schonn ernimmt, steet Organismen am Lemma, gëtt awer am Artikel net ernimmt. | GilPe (Diskussioun) 13:38, 19. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Kommentar Déi dozougehéiereg Kategorie: Veräiner an Organismen sollt a mengen Aen op Kategorie:Organisatiounen ëmbenannt ginn, déi bei eis nach keen Haaptartikel hunn. Vun Organisatioun wieren da Veräin a Club Ënnerklassen. Mee ech wéisst lo net, wéi ech Veräin a Club a Relatioun zuenee setze géif, ob dat Synonymmer sinn – wéi dem GilPe säi Virschlag noleet – oder dat eent e Spezialfall vum aneren ass oder et awer zwee ënnerschiddlech Konzepter (mat méiglecher Iwwerlappung) sinn. --Volvox (Diskussioun) 18:22, 19. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Merci Volvox, jo dat mat der Kategorie gesinn ech och esou. Wat Club a Veräin ugeet, sou sinn dat fir mech effektiv Synonymmer. Eis Kolleegen op der de.wiki gesinn dat och esou. | GilPe (Diskussioun) 20:27, 19. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Ech setze mech drun d'Kategorien ëmzestrukturéieren.
Wat Veräin a Club ugeet: Wann s de ënner Club den Ënnerscheed tëscht association de fait, ASBL an Netregierungsorganisatioun maache wëlls an ech mer d'Lëscht vun den ASBLen an Netregierungsorganisatiounen ukucken, da géif ech mech bei verschiddenen awer dorunner stoussen se als Club ze bezeechnen, wougéint Veräin awer ëmmer eenegermoosse passt. Club wierkt méi informell, méi wéi een Zesummesi vu Leit, wougéint Veräin a mengem Kapp och bei Organisatioune passt, déi engem bestëmmten Zweck déngen ouni Gesellegkeet. Mee dat si just vag Gedanke mengersäits... --Volvox (Diskussioun) 20:53, 19. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]
Conclusioun: gouf geläscht. | GilPe (Diskussioun) 09:04, 29. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Tripticon+

Wéinst Relevanzcritère schonn am Joer 2023 proposéiert gi fir geläscht ze ginn (cf Diskussioun). | GilPe (Diskussioun) 11:16, 26. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]

Pro läschen | GilPe (Diskussioun) 11:16, 26. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro | Mobby 12 (Diskussioun) 13:54, 27. Okt. 2025 (UTC)[äntweren]
Conclusioun: gouf geläscht. | GilPe (Diskussioun) 17:05, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]

Safet Alili

Den Artikel sollt wéinst de Relevanzkrittäre geläscht ginn; et geet haaptsächlech ëm d'ASBL LëtzCare, déi elo en eegenen Artikel huet. | GilPe (Diskussioun) 17:01, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]

Pro läschen | GilPe (Diskussioun) 17:01, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro --Les Meloures (Diskussioun) 18:15, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro --Zinneke (Diskussioun) 19:25, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro --Mobby 12 (Diskussioun) 20:00, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Conclusioun: gouf geläscht. | GilPe (Diskussioun) 09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]

Artikelen déi schonn eng Zäit laang vegetéieren…

Centre d'Incendie et de Secours Kehlen

Läschpropos vum 17. Mee 2024, Grond: minimalistesch.

Pro läschen | GilPe (Diskussioun) 17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro Kaum enzyklopedesch Relevanz a kaum Informatiounen. --Volvox (Diskussioun) 15:11, 22. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Conclusioun: gouf geläscht. | GilPe (Diskussioun) 09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]

Läschpropos vum 14. Sep. 2022, Grond: keng Relevanz, eege Recherchen ouni weider Quellen.

Kontra läschen; et feele just Quellen | GilPe (Diskussioun) 17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Kommentar Muss doriwwer eraus og jidde Fall iwwerschafft ginn: Vill ze ausféierlech iwwer kleng perséinlech Detailer vum Liewen, kaum eppes iwwer seng Kënschtleraktivitéit (Ausbildung, Austellungen, Quellen, Katalogen, ... Stil ass och net wéi e soll sinn ("Den Alphonse ...") --Zinneke (Diskussioun) 10:37, 5. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]

Jean-Baptiste Sanfourche

Läschpropos vum 23. Dez. 2021, Grond: Maschinneniwwersetzung; näischt dran ausser Foussnouten, nom Motto 'sicht dach selwer iwwer deen Onbekannten no', deen ausser enger Gare net vill Relevantes opweises huet.

Pro läschen | GilPe (Diskussioun) 17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Conclusioun: gouf geläscht. | GilPe (Diskussioun) 09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]

Läschufro vum Auteur Benotzer:Charel Schiltz vun der Säit vum 25. Okt. 2025, Grond: Eegenen Artikel, net relevant am Senn vun de Wikipedia-Relevanzkrittären. Ech bieden em d'Laeschen.

Pro läschen | GilPe (Diskussioun) 17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]

De Benotzer:Charel Schiltz ass gefrot ginn, fir seng Läschdemande selwer hei mat Argumenter ze presentéieren. | GilPe (Diskussioun) 13:33, 6. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]

Benotzer Diskussioun:Lệ Xuân

Läschpropos vum 24. Jun. 2022, Grond: Vandalismus gouf et scho virun 2 Joer eng Kéier op méi Wikien.

Pro läschen | GilPe (Diskussioun) 17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Kommentar Déi Säit huet d'Krittäre vum Direkt Läschen erfëllt, wëll se laut Google Translate voller Obszönitéite war an deemno ënner Vandalismus fält. --Volvox (Diskussioun) 15:09, 22. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]

Schabloun:Liste horizontale

Läschpropos vum 30. Jun. 2025, Grond: Ausser Déngscht.

Pro läschen | GilPe (Diskussioun) 17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro --Volvox (Diskussioun) 15:05, 22. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro | Mobby 12 (Diskussioun) 20:36, 22. Nov. 2025
Conclusioun: gouf geläscht. | GilPe (Diskussioun) 09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]

Schabloun:Metanavigatioun

idem

Pro läschen | GilPe (Diskussioun) 17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro --Volvox (Diskussioun) 15:05, 22. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro | Mobby 12 (Diskussioun) 20:35, 22. Nov. 2025
Conclusioun: gouf geläscht. | GilPe (Diskussioun) 09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]

Benotzer:RoudeLéiwHuelSe

Läschpropos vum 24. Feb. 2023, Grond: Test page.

Pro läschen | GilPe (Diskussioun) 17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro --Volvox (Diskussioun) 15:04, 22. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro | Mobby 12 (Diskussioun) 20:35, 22. Nov. 2025
Conclusioun: gouf geläscht. | GilPe (Diskussioun) 09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]

San Amaro (Burgos)

Läschpropos vum 26. Mee 2023, Grond: Maschinneniwwersetzung vun engem deen d'Sprooch net kann.

Pro läschen | GilPe (Diskussioun) 17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro | Mobby 12 (Diskussioun) 20:34, 22. Nov. 2025
Conclusioun: gouf geläscht. | GilPe (Diskussioun) 09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]

Tinkoff (2012) an Tinkoff (2013)

Läschpropos vum 6. Mäe. 2023, Grond: Dës Säit ass onnéideg, well se just eng Schabloun enthält, déi lo am Haaptartikel vun Tinkoff steet.

Pro läschen | GilPe (Diskussioun) 17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro Am Artikel Tinkoff enthalen. Domat kann och d'Kategorie:Tinkoff fort. --Volvox (Diskussioun) 13:21, 22. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro | Mobby 12 (Diskussioun) 20:34, 22. Nov. 2025
Conclusioun: gouf geläscht. | GilPe (Diskussioun) 09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]

Läschpropos vum 7. Jan. 2025, Grond: et schéngt kee sou e Lieu-dit ze ginn, op de Koordinaten déi ugi sinn ass näischt ze fannen.

Pro läschen | GilPe (Diskussioun) 17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Kommentar Op data.public.lu fënnt een allerdéngs eng „Veianerstrooss“ fir „Hosingen“ an der Lëscht vun de Lieuxdits (Link op den Datesaz); dat ass awer och bal dat eenzegt. @Zinneke Wourop has du dech baséiert, wou s de den Artikel ugeluecht hues? --Volvox (Diskussioun) 13:18, 22. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Moien, se war am Artikel Gemeng Housen ënner "Häff a Lieu-diten" opgezielt, sou dass ech unhuelen, dass ech do virun 13 Joer eng Kéier op dee roude Link geklickt an den Artikel nom Schema x ugeluecht hunn. Allerdings ass do d'Schreifweis ewell liicht anescht. --Zinneke (Diskussioun) 19:22, 22. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Moien, am Artikel Housen war och iwwregens uginn wou den Numm géif hierkommen, e war allerdéngs am Ufank falsch geschriwwen (warscheinlech souguer mäi Feeler). Dësen Artikel gouf lo op déi richteg Schreifweis geréckelt, aner Schreifweisen an den Artikele goufe verbessert an d'Referenze goufen och an dësen Artikel derbäigesat, sou datt lo menger Meenung no kee Läschgrond méi besteet. Ech hunn och dofir d'Läschschabloun aus dem Artikel erausgeholl. --Les Meloures (Diskussioun) 13:06, 5. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]

Benotzer:YxLizxy

Läschpropos vum 10. Mee 2025, Grond: Spillsäit vun engem Benotzer dee soss nach guer näischt opweises huet.

Pro läschen | GilPe (Diskussioun) 17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro | Mobby 12 (Diskussioun) 20:32, 22. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Conclusioun: gouf geläscht. | GilPe (Diskussioun) 09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]

Benotzer:Ⲩ.Ⲅ./Lorentzwues

Läschufro vum 28. Dez. 2020 vum Auteur Benotzer:Ⲩ.Ⲅ.

Pro läschen | GilPe (Diskussioun) 17:38, 20. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro --Volvox (Diskussioun) 13:01, 22. Nov. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro | Mobby 12 (Diskussioun) 20:33, 22. Nov. 2025
Conclusioun: gouf geläscht. | GilPe (Diskussioun) 09:13, 4. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]

Haaptsächlech Doublon mat dem Artikel Un der Atert; kuckt weider Infoen an der Këscht vum Artikel.

  • Pro läschen | GilPe (Diskussioun) 07:30, 5. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]
  • Kontra: Ass en eegestännegt, wäit bekannt Lidd/Melodie, dat duerchaus en eegenen Artikel verdingt (et gëtt en an enger halwer Dose Sproochen). Un der Atert ass eng "speziell" Adaptatioun, a well se zu Lëtzebuerg och wäit bekannt ass, kann déi och en Artikel hunn, an deem all dat besschriwwen ass. Allerdings soll deen hei ënner dem Originaltitel Lemmatiséiert sinn (net ënner enger kaum bis net genotzter Iwwersetzung). Ech réckelen en emol. --Zinneke (Diskussioun) 10:42, 5. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]
Artikel gouf iwwerschafft; d'Bäibehale vum Artikel ass berechtegt. | GilPe (Diskussioun) 22:02, 11. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Jonah Blumenfeld

Den Artikel erfëllt d'Relevanzkrittären net. Mobby 12 (Diskussioun) 12:00, 7. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]

Pro - Mobby 12 (Diskussioun) 12:00, 7. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro, en huet och a soss kenger Wikipedia en Artikel, a e gëtt an der en-Wiki just eng Kéier ernimmt. -Puscas (Diskussioun) 12:23, 7. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro | GilPe (Diskussioun) 16:39, 7. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]
Conclusioun: gouf geläscht. | GilPe (Diskussioun) 21:26, 18. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro Ass eng Viruleedung mat falschem Lemma an néirens méi verlinkt --Puscas (Diskussioun) 12:17, 15. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro - Mobby 12 (Diskussioun) 20:38, 18. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]
Kontra - D'Fedil nennt sech zënter 2018 The Voice of Luxembourg's Industry, virdru war et Business Federation Luxembourg. D'Viruleedung mécht deemno Sënn, et gouf just en Tippfeeler an der Viruleedungssäit (ech hunn e verbessert) | GilPe (Diskussioun) 21:24, 18. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]
@ Benotzer:GilPe: Se huet just ni Business Federation Luxembourg geheescht, souwäit wéi ech erausfonnt hunn. De Lemma gouf jo dowéinst scho ganz am Ufank geréckelt. Kuckt iech vläicht d'Vesioune vum Artikel un. Do steet och derbäi firwat.--Puscas (Diskussioun) 21:36, 18. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]
Moien @Puscas. Ech hat net an de Versioune gekuckt, mä am Kapitel Numm vum Artikel selwer. Do steet, datt d'Fedil sech vun 2008 bis 2018 Business Federation Luxembourg genannt huet. An dat geet och aus de Statutenännerungen ervir, déi als Referenz ugi sinn. | GilPe (Diskussioun) 09:14, 19. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]
Remoien GilPe. Dann hat do vläicht deen een oder aneren net opgepasst. Aus dësem Dokument an och aus dësem gett kloer ervir dat den Numm Fedil - Business Federation Luxembourg war an net einfach Business Federation Luxembourg --Puscas (Diskussioun) 18:21, 19. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]
Okee, da läit de Feeler an dëser Diskussioun vläicht bei mir; ech hat net verstanen, datt „mat falschem Lemma“ sech just op de Prefix „Fedil -“ bezéie géif, dee virun „Business Federation Luxembourg“ feelt. Jo, an deem Fall kann déi Säit mMn (eng Woch no der Läschpropos) geläscht ginn. | GilPe (Diskussioun) 21:11, 19. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]
Pro - cf hei driwwer. | GilPe (Diskussioun) 21:13, 19. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]
Conclusioun: gouf geläscht. | GilPe (Diskussioun) 17:13, 24. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]

Geschäftsleitskategorien

Ënner Kategorie Diskussioun:US-amerikanesch Geschäftsleit gouf knapp diskutéiert, datt d'Kategorien ënner Kategorie:Geschäftsleit no Länner eventuell redundant wieren, well mer schonn Kategorie:Entrepreneren hunn. Wann dat de Fall wier, wieren

op déi entspriechend „Entreprener“-Versioun ze leeën an ze läschen.

Allerdéngs sinn ech mer beim optimale Begrëff net sécher: „Entreprener“ kléngt e bëssen no Bausecteur an „Geschäftsleit“ kéint un de Commerce denke loossen. Mee op éigendee Begrëff muss ee sech jo eenegen... --Volvox (Diskussioun) 18:27, 29. Dez. 2025 (UTC)[äntweren]

Eidel Kategorie fir Gebuer/Gestuerwen

Ech proposéieren, e puer dausend Kategorien ze läschen – 4780, fir genau ze sinn – nämlech all Kategorie fir „Gebuer“ oder „Gestuerwen“, déi eidel ass. Weem dat ze extreem ass: Zumindest all déi Kategorië mat „v. Chr.“ brénge kengem eppes. Déi huele just Plaz wech a spammen d'Spezial:Net benotzt Kategorien zou. Sot beim Ofstëmme villäicht, ob der se all ewech wëllt hunn, just déi v. Chr. oder guer keng. --Volvox (Diskussioun) 21:47, 1. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Moien, ech géif s'och all bis d'Joer 1 läschen; nei Artikelen iwwer Leit aus der Antikitéit si rar, a wann, ass d'Kategorie séier nees ugeluecht.
--Zinneke (Diskussioun) 22:52, 1. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Moien, Pro läschen: alles virun Chr. an eventuell esouguer bis d'Joer 1000 duerno. | GilPe (Diskussioun) 08:17, 2. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Pro läschen | Mobby 12 (Diskussioun) 10:14, 2. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Moien, ech verstinn de Problem mat der Plaz net richteg. Wou huele se Plaz ewech? --Les Meloures (Diskussioun) 10:50, 2. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Ech hu mech salopp ausgedréckt mat der Plaz. Späicherplaz op Serveren oder Änleches ass wuel kaum relevant, dat hunn ech net gemengt. Mee déi Kategorien erfëllen – wéi déi meeschten eidel Kategorien – keen Zweck an tauchen awer op Spezialsäiten, am AWB oder a Requêten etc. op a „begruewen“ do jee nodeems relevant Resultater, virun allem well et der Dausende sinn. --Volvox (Diskussioun) 11:14, 2. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Moien, Pro alles wat eidel ass bis d'Joer 1000. Robby (Diskussioun) 13:05, 2. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Kommentar: Nodeems eng Woch vergaangen ass, schéngt et Konsens déi onbenotzt Gebuer- a Gestuerwesäiten v. Chr. ze läschen an eventuell bis 1000, wann den @Zinneke net „just bis d'Joer 1“, mee „mindestens bis d'Joer 1“ gemengt huet.
Ech hu mech mam @Soued031 amüséiert erauszefannen an ze testen, wéi een de pywikibot (mw:Manual:Pywikibot/delete.py) benotze kann, fir déi dausende Kategorien op ee Schlag ze läschen. Well een dofir awer Adminrechter brauch, kann ech déi Ännerungen net mat mengem Bot-Account maachen, mee ech muss mäin Haaptaccount benotzen. A well ech doduerch d'Rezent Ännerunge komplett zouschëdden, loossen ech dat Ganzt dës Nuecht lafen, wou warscheinlech kee méi ënnerwee ass.
--Volvox (Diskussioun) 17:01, 10. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]
Fir datt ech och an Zukunft nach weess, wéi mer et gemaach hunn:
  1. Aus de Kategorien:Gebuer (n. Joerhonnert) einfach d'Lëscht vun all de Kategorien an eng Textdatei kopéieren.
  2. Mat find-replace „ (eidel)“ ewech maachen, da mam Regex „([^\(\)\n\r]+\([^\(\)]+\))“ all Zeil wou nach Klammeren (an deemno forcément „(… S)“ fir eng Säitenzuel an der Kategorie) stinn läschen, „\r\n\r\n“ duerch „\r\n“ sou oft ersetze bis keng eidel Zeile méi do sinn an dann „Kategorie:“ prefixéieren. Dat geet natierlech alles zefouss, wat méi einfach ass, mee bei dausend Zeilen e bësse méi laang dauert. D'Haaptsaach herno sti just nach d'Kategorien, déi geläscht solle ginn, am Fichier, mat Nummraum an eng pro Zeil.
  3. Mam pywikibot an der Kommandozeil de Befeel
    python pwb.py delete -file:"C:\…\Gestuerwen-Kategorien-viru-Christus.txt" -always -summary:"Wéi ënner [[Wikipedia:Läschen#Eidel Kategorie fir Gebuer/Gestuerwen]] diskutéiert"
    ausféieren, woubäi C:\…\ duerch de Pad bis op de Fichier z'ersetzen ass. Virdru muss een natierlech de pywikibot mat allem drum un dran installéieren a sech ee Botpasswuert fir säi Kont generéiert an an d'Konfiguratioun vum pywikibot gepak a sech ageloggt hunn.
  4. D'Exekutioun vum pywikibot ass op ronn 8 Sekonne fir eng Aktioun gedrosselt. Doduerch muss en hei e puer Stonne lafen. Wann ee sech mat engem Kont ouni Adminrechter ageloggt huet, gëtt just d'Läschschabloun op d'Säit gesat, wann de Kont Adminrechter huet (an ee beim Generéiere vum Botpasswuert opgepasst huet, datt och d'Läschrechter iwwerdroe ginn), da ginn d'Säite geläscht.
Volvox (Diskussioun) 10:42, 11. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Nina Krajnik

Läschpropos; Grond: „pam. crosswiki self promotion, machine translation abuse“ | GilPe (Diskussioun) 15:28, 7. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Conclusioun: gouf geläscht. | GilPe (Diskussioun) 07:59, 21. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Rebecca Shoichet

Läschpropos; Grond: „1-Saz-Artikel voller Feeler an ouni Quellen; Relevanz net ginn“ | GilPe (Diskussioun) 15:47, 18. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Pro Keng Relevanz | GilPe (Diskussioun) 15:47, 18. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Gouf scho geläscht well: „Resurectiounsartikel war schonn eng Kéier geläscht ginn“ | GilPe (Diskussioun) 17:00, 18. Jan. 2026 (UTC)[äntweren]

Dës Schabloun gouf scho viru laanger Zäit vun der Parserfunktioun #switch ofgeléist an ass och net méi am Asaz, nodeems ech se op de leschte Plazen ersat hunn.