Wikipedia:Läschen/Archiv 2008/2009

Vu Wikipedia

Oktober 2008[Quelltext änneren]

Nico Walisch[Quelltext änneren]

  • "e lëtzebuergesche Gemengepolitiker an aktuell zweete Scheffen an der Gemeng Veianen ....... Hien ass vu Beruff Schoulmeeschter." : Kréie virun de Walen déi zweet Scheffen vun elo un en Artikel oder d'Schoulmeeschteren? Oder nëmmen déi, déi Harmonika spille kënnen? Virun enger Zàit gouf gemeutert, wéi en Artikel iwwer e Paschtouer sollt eragesat ginn. Déi wieren net "relevant". Gutt, mee wat huet dëst dann hei verluer? --Cornischong 00:18, 15. Okt 2008 (UTC) (kopéiert vun der Diskussiounssäit vum Artikel.)

fir d'Läschen[Quelltext änneren]

  • Näischt géint dee Mann, säi Beruff a säin Engagement, mee iergendwous muss eng Relevanz-Grenz gezu ginn. Schoulmeeschter a Gemengerot/2. Schäffen ass nun eemol zimmlech "kleesper" (aus Wiki-Siicht), do kéime mer séier op e puer Dausend potentiell Kandidaten. --Zinneke 08:26, 15. Okt 2008 (UTC) (deen de "Meuterer" géint de Paschtouer- Artikel - aus dem selweschte Grond - war :-)
  • Ech sinn do mam Zinneke enger Meenung. Et ass sécher e fäine Mon, mee dat eleng geet leider net duer. Wann elo nach derbäistoe kéim, dee Mon wier e regionaalt Original, e berühmten Harmonikasspiller, hätt bei enger historesch wichteger Ofstëmmung am Gemengerot d'Koar erëmgerappt oder soss eppes weider, da kéint en natierlech an der Wiki bleiwen. --Otets ♣ 17:20, 15. Okt 2008 (UTC)

dogéint[Quelltext änneren]

Kommentar[Quelltext änneren]

  • Sou laang wéi de Pastouer net geläscht gëtt, gesinn ech net an firwat datt déi aner solle gläscht ginn. Kuckt iech emol d'Argumentatioun an der Diskussioun:Marco Wehles un. Déi géif grad esou gutt op déi heiten Artikele passen. Les Meloures 08:54, 15. Okt 2008 (UTC)
Dann nach just eng perséinlech Meenung: Wéi wier mat Artikelen opfëllen, mer hunn eng Hällewull Eesaz an Zweesazartikelen ëm déi kee Mënsch sech bekëmmert, sougenannte Fouss an d'Dir-Artikelen, an déi wéi se fir de Moment, do stinn och net relevant sinn. Les Meloures 09:45, 15. Okt 2008 (UTC)
  • Mojen, ech stëmmen hei nët mat of a machen beim Cornischong (oder wéi en och ëmmer sech nennt) sengem Spill net mat. Fir wat soll een op eemol op hien a seng Bemierkungen agoen, wann hie guer näischt korrigéiert mais just meckert an dat an sengem gewinnten Toun, kuckt w.e.g. just mol wat hie de mojen op meng Diskussiounssäit geschriwwen huet. Ech hunn keng Loscht esou eppes ze liesen an op menger Diskussiounsàit stoe ze loossen. --PlayMistyForMe 10:07, 15. Okt 2008 (UTC)

Biller mat falscher oder kenger Lizenz[Quelltext änneren]

Hei ënnen drënner sti Biller déi eng falsch oder keng Lizenz hunn. D'Auteure kréien dozou och e Massage op hir Dikussiounssäit gesat mat all Kéiers dem Bild debäi. Ech proposéieren datt mer op d'mannst e Mount solle waarden éier d'Biller nodeems se hei an der Lëscht stoungen, an d'Lizenz net vum Auteur verbessert gouf, geläscht ginn. Les Meloures 16:21, 15. Okt 2008 (UTC)

Lëscht vum 15. Oktober[Quelltext änneren]

Bild:Ambulanz infekt.jpg Bild:Ambulanz bf.jpg Bild:Ambulanz naw.jpg Bild:Ambulanz sprinter.jpg

Les Meloures 16:21, 15. Okt 2008 (UTC)

Up and Down Zeitung[Quelltext änneren]

Fir d'Läschen:

Bild:Lockheed P-38.jpg[Quelltext änneren]

Sorry for posting this in English. This image was just deleted on de.wikipedia for missing source and does not have a source at the Commons, either. Thus I think it should be deleted on this project as well. Best regards!
Für die, die besser deutsch als englisch können: Dieses Bild wurde gerade auf der deutschsprachigen Wikipedia gelöscht, weil die Quellangabe fehlte. Auch die Kopie auf den Commons hat keine Quellangabe und die Kopie hier auch nicht. Daher schlage ich vor, das Bild zu löschen. Beste Grüße, --ChrisiPK 18:41, 18. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Do wäerte mer dann emol ofwaarde wat op de Commons geschitt, bis elo ass et jo do nach net geläscht. Les Meloures 22:26, 18. Nov. 2008 (UTC)[äntweren]

Ech hunn d'Bild am Artikel duerch en anert vu Commons ersat (an a besserer Qualitéit) ersat. Ka menger wärreg geläscht ginn. --Zinneke 09:47, 22. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Harmonie Eischen[Quelltext änneren]

Dofir

Dezember 2008[Quelltext änneren]

Karate[Quelltext änneren]

Januar 2009[Quelltext änneren]

  • Fichier:Uergel Ettelbréck.jpg

D'Bild ass kommplett onschaarf, an d'Persoun ëm déi et soll goen ass net z'erkennen. Les Meloures 16:05, 21. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

  • Fir d'Läschen:

Les Meloures 16:05, 21. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

--Pecalux 16:50, 21. Jan. 2009 (UTC) Awer net well et onschaarf ass. De Fotograf huet versicht e kënschtlereschen Effet ze erreechen, wat em awer nëmmen deelweis gelongen ass. Ech géng et läschen well et näischt ausseet an doduerch fir d'Illustratioun vum Artikel net ze gebrauchen ass. Ausserdeem ass duerch d'Lizenz de Numm vum Auteur (Fotograf) erfuerdert. Dee feelt awer.[äntweren]

Och derfir. Allgemeng gëllt: Net nëmmen d'Artikelen, och Fotoe sollen dem "enzyklopedeschen" Usproch entspriechen, d.h. op eng neutral, vollstänneg, allgemeng- an onmëssverständlech Aart a Weis eng (Tat)saach beschreiwen. Kënschtlerech Effekter (ob gelongen oder net, soll hei net diskutéiert ginn), sollten dofir ënnerlooss sinn. D'Fro bei enger Foto ass: "beschreift" déi méiglegst präzis, wéi d'Uergel zu Ettelbréck ausgesäit? A meng Äntwert ass: leider net. --Zinneke 09:59, 22. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]
Och fir d'Läschen. Aus deene Grënn déi hei driwwer stinn. --Cayambe 13:44, 22. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]
  • Géint d'Läschen:

Läschpropose vum 26. Januar 2009[Quelltext änneren]

  • Fichier:AMZALKIE 01.jpg
Bemierkung vum Auteur aus der Fichier Diskussioun:AMZALKIE 01.jpg Diskussionssäit vum Bild
Läschen ..... bis dat mat de Lizenze gekläert ass. --Cornischong 10:24, 26. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]
  • Fichier:AMZALKIE 02.jpg
Bemierkung vum Auteur aus der [Fichier Diskussioun:AMZALKIE 02.jpg Diskussionssäit vum Bild
Läschen ..... bis dat mat de Lizenze gekläert ass. --Cornischong 10:25, 26. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Fichier:DAIZALKIE 01.jpg[Quelltext änneren]

Bemierkung vum Auteur aus der Fichier Diskussioun:DAIZALKIE 01.jpg|Diskussionssäit vum Bild
Läschen ..... bis dat mat de Lizenze gekläert ass. --Cornischong 10:26, 26. Jan. 2009 (UTC)[äntweren]

Februar 2009[Quelltext änneren]

Wikipedia:Schmunzeleck[Quelltext änneren]

Dofir --Zinneke 16:24, 6. Feb. 2009 (UTC) Ech war de Mëtten net derzou komm, meng Propos ze begrënnen: Well déi Säit net zu Projet bäidréit, mee héchstens dervunner oflenkt; well se fir Familljen- oder soss therapeutesch (?) Zwecker muss duerhalen an se hiren Zweck iwwer 4 1/2 Joer nëmme ganz sielen erfëllt huet. Kuerz: Net néideg. --Zinneke 22:48, 6. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

-- oc dofir. Robby 21:34, 6. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

-- Och dofir. Cayambe 09:33, 7. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

-- d'accord fir d'Läschen. --Pecalux 10:12, 7. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Moien,

An anere Sprooche gëtt et esou eppes wéi eng Onzyklopedie. Brenge mer dat net fäerdeg op lëtzebuergesch? Ech hu bis elo geduecht, dat hei wier alt esou e provisoreschen Ersatz dofir. Les Meloures 10:16, 7. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Op Lëtzebuergesch gëtt et wuel eng "Kengenzyklopedia", allerdéngs bezitt den Numm sech zënter hirer Grënnung och op den Inhalt.--Zinneke 22:16, 11. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Géint d'Läschen, déi Säit gëtt et op 33 Wikien an ass do als Kuriosum vum Projet etabléiert. Et ka kee fir déi Säit schreiwen, dofir soll een och frou sinn datt se an deene leschte Joren net méi solicitéiert gouf. Et ass e lëschtege "Clin d'oeil" un d'Geschicht vun der Wiki, wéi de Fransous géif soen, et gëtt ebe Saachen, déi hunn näischt op der Wiki verluer, mee et wier awer ze schued wann deen Aspekt vum Projet an de Vergiess géif geroden. Dat war de Grond firwat d'Säit geschaf gouf, Abusë gouf et bis ewell keng, firwat solle mär als eenzeg Wiki déi Säit dann elo nees ofschafen? --Otets ♣ 22:46, 15. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Géint d'Läschen. Wann déi "renoméiert Wikien" och esou e "Bêtisier" hu, firwat soll et net och e Schmunzeleck op lëtzebuergesch ginn? Et kann e jo net soen datt et vill Aarbecht ass fir de Schmunzeleck z'ënnerhalen an datt esou vill wäertvoll Zäit domat verluere geet.--Fliedermaus 08:42, 16. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

François Valentiny[Quelltext änneren]

Den Här Valentiny ass net averstane mat dem Artikel dee bei eis op der Wikipedia steet. Hien ass allerdéngs och net domat averstanen fir den Artikel no Wikipedia-Kritären ëmzeänneren a wëll den Artikel, ënnert anerem, op däitsch/englesch drastoen hunn. Well et säi gudd Recht ass net domat averstanen ze sinn, an hien ausserdem preziséiert huet, datt an Däitschland scho Leit Problemer kruten duerch Plainten déi gefouert goufen, proposéieren ech den Artikel ganz ze läschen.

Dofir --Alexandra 18:44, 11. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Ëm wat geet et???[Quelltext änneren]

Et gëtt a leschter Zäit méi geläscht wéi geschriwwen. Ech hätt emol erwaart, mer krite gesot, mat wat den Här Valentiny net averstanen ass. " preziséiert huet, datt an Däitschland scho Leit Problemer kruten duerch Plainten déi gefouert goufen,": Ech verstinn dee Saz iwwerhaapt net. Wien huet wou wat fir Plainte gefouert géint wien? Doriwwer eraus verstinn ech iwwerhaapt net, datt haut (!) ee Biller, déi vum Här Valentiny stamen, eropluet an eis dann zielt hie proposéiert, de ganzen (!!) Artikel ze läschen. A wann ech et sollt verstanen hunn, dann hätt den Här Valentiny gär, säin Artikel, mat deem hien net averstanen ass, sollt op "däitsch/englesch" an der lb-Wikipedia stoen. "proposéieren ech den Artikel ganz ze läschen. ": Dat ass wuel e Witz?! Merci, datt ee mer dat op Lëtzebuergesch/Däitsch/Franséisch/Englesch erkläert. --Cornischong 20:54, 11. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Ech muss soen ech vertinn och net, firwat deen Artikel geläscht sollt ginn. Ass en net relevant? En international renomméierten Architekt huet sécher en Artikel 'verdéngt'. Ass déi Informatioun falsch? Se ass, souwäit ech gesinn, aus ëffentlech zougänglechen an (sou dierf ee wuel unhuelen) 'approuvéierte' Quellen: dem Website vun deem Mann (Link ënnen). Falls eppes falsch wier, sollt et natierlech verbessert ginn. Ass e vollstänneg? Warscheinlech net, mee dat ka jo ausgebaut ginn. Verletzt e Perséinlechkeetsrechter? Kuckt uewen: et steet, no séierem Driwwerkucken, näischt do, wat net och soss enzwësch scho stéing. Ass en op Lëtzebuergesch geschriwwen? Jo, mee dat ass an enger lëtzebuergeschsproocheger Wikipedia, dierf ech hoffen, "normal". Et gëtt keen dru gehënnert, Artikelen an der franséischsproocheger, däitsch- oder engleschsproocheger Wikipedia z schreiwen (et ginn iwwer 250 Sproochen). Et dierf een esouguer d'Artikelen, déi hei stinn, iwwersetzen. Dat eenzeg, wat ech kläre géif, sinn d'Fotoen. An dass den Här Valentiny dat selwer net ännere wëll, wat do steet, ass nëmmen an der Rei: Artikele sollen net autobiografesch sinn, do feelt jidderengem déi néideg Distanz, fir "neutral" ze sinn. --Zinneke 22:50, 11. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]


Ok, dann erklären ech dat Ganzt méi genee. Ech krut e Mail vun engem aus dem Büro vum Här Valentiny, ech sollt mech do mellen, et giff ëm säin Artikel goen a si hätten aner Informatiounen fir an den Artikel. Ech hunn dat dunn och gemacht an ech krut eng CD mat Donnéeën. Et ass en Text deen op Däitsch an Englesch geschriwwen ass, eng Aart Autobiographie mat all den Auszeechnungen an all de Projetën hannendrunn déi den Här Valentiny gemacht huet. Dëst sollt esou an d'Wiki iwwerdroe ginn an dat wat am Artikel drasteet sollt geläscht ginn, laut dem Här Valentiny. Ausserdeem sollt et direkt gemacht ginn. Ech hunn dorobber hinn dem Büro matgedeelt, datt dat net direkt giff goen, well dat Ganzt misst iwwersat ginn an och anescht opgebaut, fir dat et de Wiki-Regelen entsprécht. D'Äntwert war, dat mir kéinten eng Ausnahm machen, well den Här Valentiny international en ugesinnenen Architekt wier, an den Artikel dofir net nëmmen op Lëtzebuergesch kéint do stoen. Den Text misst esou iwwerhollt ginn wéi ech e geschékt krut. Et stong ausserdem dëse Saz dobäi: Veuillez noter qu’en Allemagne, les juristes débattent de ce genre de problème, car beaucoup de personnes lésées ont déjà porté plainte. Wéi wou wat genee domat gemengt ass, kann ech just roden. Eng Kopie vun dem Mail ass ausserdem un den Avekot vum Här Valentiny gaangen.
@ Zinneke: Ech hunn dat Ganzt och un all Adminne weidergemailt.
Dofir hunn ech proposéiert den Artikel ze läschen. Den Här Valentiny ass esou wéi den Artikel do steet net averstanen. An esou wéi hien e gäer hätt kënne mir en net dra setzen. Ech hat schonn ugefangen d'Saachen ze änneren a beizefügen, mä nodeems ech dës Mail krut, hunn ech dëst erëm zeréckgesat, idem fir d'Fotoen.
Ech wëll och nach eng Kéier préziséieren datt net ech et sinn deen deen Artikel gäer geläscht hätt, mä den Här Valentiny selwer. Ech ginn dem Zinneke och honnertprozenteg Recht mat dem wat hie geschriwwen huet --Alexandra 08:33, 12. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Den Text iwwer de Valentiny-Artikel gouf op Wikipedia:De Stamminet geréckelt; duerfir HEI näischt méi derbäisetzen. Merci --Cornischong 09:01, 12. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

Mayago[Quelltext änneren]

Mayago ass evt. en intressanten Internet-Site, mee als Artikel op der lb:Wiki ass et soss näischt wéi Publizitéit. Wa mer deen Artikel toleréieren da musse mer all aner Internet-Siten och toleréieren a lemmatiséieren. Awer da sinn d'Wiki-Serveren bestëmmt geschwënn iwwerlaascht a maache net méi mat. Ech proposéieren fir den Artikel ze läschen. --Pecalux 08:33, 22. Feb. 2009 (UTC)[äntweren]

fir d'Läschen[Quelltext änneren]

Staudt Jill[Quelltext änneren]

Fir d'Läschen

Géint d'Läschen

Battlefield 2[Quelltext änneren]

BattleFright[Quelltext änneren]

  • Fir d'Läschen

-Les Meloures 08:46, 22. Mee 2009 (UTC) Enzyklopesch net relevant.[äntweren]

WIN A SONY PORTABLE DVD PLAYER ; 5 TO BE WON PLUS 3 FAMILY DVDs[Quelltext änneren]

  • De Spam do ass ze läschen w.e.g.

Wolz (Stad)[Quelltext änneren]

  • Wolz (Stad) ka geläscht ginn. Well den Text vum Artikel sech op d'Uertschaft Wolz an net op d'Stad Wolz (Ville de Wiltz) bezitt, gouf de Lemma vu "Wolz (Stad)" op "Wolz (Uertschaft)" geréckelt.--Fliedermaus 16:14, 29. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Gudde Moien,

Ech gesinn datt fläisseg hin an hier geréckelt gëtt, awer ëm d'Linke mécht kee sech Gedanken. Wann ech kucken wouhinner datt d'Homonymie Wolz iwwerall hilinkt da kréien ech gro Hoer. Les Meloures 16:29, 29. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Zu menger Läschufro: Mam "Redirect" vu "Wolz (Stad)" op "Wolz (Gemeng)" kann ech och liewen.--Fliedermaus 17:06, 29. Mee 2009 (UTC)[äntweren]

Fir d'Läschen:

Géint d'Läschen

  • --Fliedermaus 15:17, 10. Jun. 2009 (UTC) Den Artikel misst awer iwwerschafft ginn, an dat an deem Sënn datt sech den Text vum Artikel net op eng lëtzebuergesch Piratepartei bezitt déi et nach net gëtt. Fir dat ze maachen kéint een sech un dësem Artikel orientéieren: Piratenpartei[äntweren]
Déi Iddi ass u sech net schlecht, mee wéi den Artikel elo do steet ass een net valabel. Vu datt aner Länner an deem Sënn jo Succèsen ze verbuchen hunn misst dat global hei korrekt opgefouert ginn. Wann et zu lëtzbuerg konkret Virstellungen dozou gëtt, sollen déi kloer gemaach ginn, wa méiglech mat den Nimm vun den Initiateuren.
Les Meloures 15:51, 10. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]
Gitt dem CRIS eng Chance, hie probéiert den Artikel nom Fliedermaus senge Virstellungen emzebauen. Wann en dann de Relevanzkritèren nach nët gerecht gët, dierf e gär geläscht ginn. --Clausekwis 18:11, 10. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]
Do huet sech jo eppes an deem Sënn gedo. D'Läschschëld gëtt ewechgeholl. Les Meloures 06:41, 11. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Schlabäizchen[Quelltext änneren]

Ech sinn derfir, dass deen Artikel geläscht soll ginn, well et e Lemma fir en Dictionnaire/Wierderbuch ass (et gëtt e Wuert erkläert), awer net fir an eng Enzyklopedie (déi Konzepter, Saachen, Realitéiten,... beschreift. --Zinneke 09:20, 19. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Dat Argument kléngt iwwerzeegent, ech hat mech och selwer gefrot, ob et heihinner passt oder net. Du sinn ech awer op Lëtzebuergesch Wierder, déi an de Vergiess koumen gestouss a hu gemengt, eng Schlabäizchen géif heizou gehéieren. --Sultan Edijingo 14:16, 19. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Lëtzebuergesch Wierder, déi an de Vergiess koumen[Quelltext änneren]

@Sultan: Gutt, dass de op deen 'Artikel' hiweis. Do gëllt natierlech dat selwecht. Also nach eng Kéier: Dat ass eppes fir Dictionnairesmécher oder Rout-Lëschte-Redakteuren, mee net fir an eng Enzyklopedie. --Zinneke 14:31, 19. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Dat iwwerzeegt mech, duerfir sinn ech och fir d'Läschen vun allen "Dictionärs"-Artikelen.
Fir Dictionnairen awer ëmmer bei Hand ze hunn, hunn ech d'Lëtzebuergesch Dictionnairen an der Schabloun:WikipediaLU derbäi gesat, op déi ee jo iwwer Wikipedia:Eis_Schreifweis kënnt. --Sultan Edijingo 12:35, 21. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Lëscht vu bekannten Europadeputéierten[Quelltext änneren]

Fir d'Läschen; kuckt d'Diskussiounssäit. --Zinneke 09:31, 29. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Do stoung


Ech fannen déi "Lëscht" hei zimmlech selektiv a subjektiv. Menger Meenung no giff eng Kategorie "Europa-Deputéiert" duer goen, fir déi Leit beieneen ze hunn an erëmzefannen. Anescht misst een, wa schonn, eng Lëscht vun allen Europadeputéierten (an dat wieren der e puer Dausend!) maachen; "bekannt" waren se jo all op iergend eng Manéier, soss wieren se net gewielt ginn.

An anere Wiereder: ech proposéieren, dës Säit ze läschen. --Zinneke 08:45, 26 Oktober 2006 (UTC)

D'accord fir ze läschen. --Pecalux 10:23, 29. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]

Esou mécht dës Lëscht kee Sënn: all oder keen --> läschen --Sultan Edijingo 11:38, 29. Jun. 2009 (UTC)[äntweren]


Ass geschitt (3 fir d'Läschen, keen dergéint).--Zinneke 12:21, 17. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Neiduerfer Autobunnsbrécken[Quelltext änneren]

Fir d'Läschen:

--Pecalux 09:30, 17. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Och derfir, ausser natierlech, den Artikel géif ausgebaut. An och geläscht ass e jo séier nees ugeluecht, wann et misst sinn. --Zinneke

Och fir d'Läschen an der Form vun haut.--Cayambe 13:19, 17. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]
Och fir d'Läschen. Kuckt einfach déi topeg Diskussioun, da wësst der och firwat datt ech keng Loscht méi hat an och weider net méi hunn fir un deem Artikel weider ze fueren. Knapps 20 Minutten nodeems den Artikel ugefaange gouf, war schonns eng Komplett awer wierklech Komplett am Karree iwwerflësseg Diskussioun lancéiert. -- Les Meloures 19:57, 17. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]
Leider net déi eenzeg. Gouf geläscht (mat der Dikussiounssäit). --Zinneke 19:43, 19. Jul. 2009 (UTC)[äntweren]

Yannick Zenner[Quelltext änneren]

Moreno spano[Quelltext änneren]

Läschen!Wikipedia ass kee Facebook.--Fliedermaus 14:50, 17. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

Pascal Daman[Quelltext änneren]

  • Dergéint: Wann ech mer d'Homepage ukucken, an déi Artikelen wéi z.B op der de Wiki Kundtsches Staubrohr, déi a Relatioun si mat den Experimenter déi e mécht, schéngt dee Mann net grad esou vun der Heck gepléckt ze sinn. Ech weess datt ausbauen net ëmmer evident ass. Mee mer hu jo Zäit, a vläicht bréngt een eis mat der Zäit déi néideg Informatiounen iwwer de Mann. Wa mer läschen verschwënnt en am Pabéierkuerf an et kënnt ni een op d'Iddi datt kann eppes bäigefléckt ginn. Et ass menger Meenung och méi einfach Informatiounen iwwer e Liewegen ze kréien wéi sech mat den Doudegen erëmzeploen. Wann d'Schoul erëm unn ass misst do eppes dra sinn. Les Meloures 10:09, 22. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]
  • Dergéint: Niewt dem Les Meloures sengen Argumenter huet de Pascal Daman och un der Editioun vun engem Schoulbuch mattgeschafft: "Physique. Edition Luxembourg 2. Schülerbuch: Mecanique 2, Chaleur 2, Electricite, Acoustique, Physique nucleaire (Taschenbuch)". --Pecalux 10:37, 22. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]
  • Dergéint: Tjo, a senger aktueller Fassung huet deen Artikel net mei vill Sënn. Ech wees awer net fierwat d'Referenz un den Kundtschen Staubrohr geläscht ginn ass. Mier ass et virun allem drem gaangen dass den Pascal Daman 1995 eng Verbesserung vun deem Rouer entworf huet, dei haut sou an der ganzer Welt benotzt gett. Nemmen e klenge Beitrag zu de Wessenschaften, awer emmerhin. --Jean Beurlet
  • Dergéint: (awer iwwerpréiwen)

Et schéngt jo ze stëmmen datt am LGL e verbesserte Modell vum Kundtschen Staubrohr (vum Pascal Daman?) entwéckelt gouf. Ob de Modell elo weltwäit agesat gëtt, ass eng Aner Fro. De Jamcelsus kéint eis jo matdeelen wat senger Meenung am Artikel net gestëmmt huet.--Fliedermaus 11:17, 24. Aug. 2009 (UTC)[äntweren]

  • Ech hu grad ewéi den Zinneke gemengt, dat wier eng Spiicht vun engem Schüler: 1. well all verwäertbar lexikalesch Donnéeë feelen; 2. déi eppes naiv Formuléierung, datt seng Verbesserung vum Tube vum Kundt weltwäit benotzt géif. Dat klengt, wéi eng Nobelpräis verdächteg Erfindung, dobäi handelt et sech ëm een einfachen Dispositif fir een Experiment an der Schoul. An deem Kontext ass dem Pascal Daman seng Verbesserung jo interessant, awer déi dithyrambesch Formuléierung huet mir esou geschéngt, wéi wann do ee säi Physiksprofesser op den Aarm huele wëllt. Dat schéngt jo net d'Intentioun gewiescht ze sinn. Mä da miisst een aus deem enge Saz e richtegen Artikel maachen, wou dem Pascal Daman seng pädagogesch Aarbecht an de richtege Kontext gesat gëtt an och déi néideg biographesch Donnéeë bruecht ginn.
Wat den "Tube de Kundt" (de "Rouer vum Kundt" klengt komesch an zweedäiteg!) an de Pascal Daman ubelaangt, kann een emol dat heite liesen:
Un projet européen 2003 pour enseignants
Une troisième édition du programme européen Physics on Stage a été organisée par ESO, ESA, CERN et EAAE dans le cadre de la Semaine européenne de la Science et des Technologies 2003. Ce programme a culminé dans un grand Festival des Sciences au siège ESTEC de l’ESA à Noordwijk où 300 enseignants de la physique provenant de 23 pays européens étaient invités pour présenter leurs réalisations, expériences et démarches, afin de mieux motiver les élèves pour l’enseignement de la physique.
Une série d’expériences réalisée par M. Pascal Daman, un des participants luxembourgeois, est présentée lors de la séance de remise des prix du 22 mars 2004. Un résumé bref de cette présentation, intitulée: « Quand la physique devient musique » se trouve ci dessous.
Dévoiler le mystère du son, de sa propagation et de son émission: voilà ce que propose cette présentation expérimentale qui s’adresse aux novices aussi bien qu’aux pédagogues avertis.
De l’expérience classique aux nouvelles technologies, tout est mis en oeuvre pour montrer au spectateur comment le son naît dans les instruments à vent. Un dispositif inédit permet de visualiser de façon spectaculaire les vibrations de l’air dans les tuyaux sonores. Ce procédé, basé sur l’expérience historique du tube de Kundt, a connu un vif succès lors le ‘Physics On Stage’ à Noordwijk aux Pays Bas en automne 2003. Par delà le phénomène physique à proprement parler, c’est à la musique qu’on s’intéresse. Partant de l’expérience de Kundt, on pourra découvrir les origines de la gamme naturelle et percer certains secrets de la musique. [1]
--Jamcelsus 07:42, 7. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Green-boys[Quelltext änneren]

Näischt géint déi Leit, mee Fräizäitclipp fale m.M. no duerch de Relevanz-Sifft. Wat mengt d'Vollek? --Zinneke 15:03, 15. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Fir d'Läschen. --Cayambe 15:23, 15. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]
idem Les Meloures 15:36, 15. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]
Sorry fir d'Green-boys: och fir d'Läschen--Fliedermaus 16:56, 15. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]
idem Jean Beurlet
idem --Pecalux 06:36, 16. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]

Dësen Artikel ass e Copy/Paste vun dëser Websäit. Ech proposéieren dofir en ze läschen.

  • Géint d'Läschen: Ech proposéieren de franséischen Text provisoresch ze verstoppen an en Artikel op lëtzebuergesch doraus ze maachen.--Fliedermaus 07:45, 18. Sep. 2009 (UTC)[äntweren]
  • Géint d'Läschen d'Fliedermaus huet en Ufank op Lëtzebuergesch gemaach.
  • Steet elo als Skizz do. Op se wuel ausgebaut gëtt?

FSV Killtuerm[Quelltext änneren]

Ech stellen zur Diskussioun, a wéiwät Fräizäitfussballveräiner hei eegen Artikele sollen/kënnen hunn. A wat fir enger Divisioun spillt deen? Och, fannen ech, passe Fussballsveräin a Killtuerm net zesummen an een Artikel. Dass dee Killtuerm en eegenen Artikel kréich, kéint ee mMn domat justiféieren, dass en eng gewëss Bekanntheet krut, wéi e "falsch" ëmgefall ass. An deem Fall bräichte mer awer e méi geneeën Numm fir de Lemma. --Zinneke 17:06, 3. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Ech sinn am Prinzip net dergéint dass Fräizäitfoussballveräiner hei en Artikel sollen hunn, awer ënnert de Konditiounen dass:
de Veräin och als solchen bei enger Gemengeverwaltung enregistréiert ass,
de Veräin e Minimum un enzyklopedescher Relevanz opzeweisen huet.
Den FSV Killtuerm erfëllt dës Konditioune net.
Ech froe mech op, an ähnlechen Artikelen, all eenzelnen an onbekannten Acteur muss opgezielt ginn? Ech ginn dervun aus dass déi méi séier wiesselen wéi e Wiki-Auteur nokënnt fir den Artikel à jour ze halen.
--Pecalux 07:41, 4. Mäe. 2009 (UTC)[äntweren]

Zwee ergéint, keen dervir. Ass geläscht. --Zinneke 20:37, 12. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Luigi De Stephanis[Quelltext änneren]

scho geschitt. --Zinneke 20:54, 12. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

luigi de stephanis[Quelltext änneren]

Dass "de luigi" e Journalist ass, ass schéin a gutt, dat geet awer net duer, fir hei ze stoen a fällt an d'Kategorie "de jos ass cantonnier bei de ponts-etchuassées"-Artikelen. Fir d'läschen. --Zinneke 09:02, 13. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Nee, mee et schuet net, wann den Auteur vun engem geläschten Artikel noliese kann, datt dat net eng Spontanaktioun vun engem Eenzege war, op déi hin den Artikel geläscht gouf, mee eng konsensuell an argumentéiert Begrënnung huet. Gouf geläscht. --Zinneke 10:26, 13. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Patrick Védie / Pyramid Pictures[Quelltext änneren]

Himmelsdéierchen, fléi![Quelltext änneren]

Text vum Willy Goergen, dee Mann ass 1942 gestuerwen, deemno ass den Text ënner Copyright. Mee och wann net: Ech war nach ëmmer der Meenung, dass Gedichter, Lidder, Prosa, Rezepter, asw., och wa copyright-fräi, nëmmen an Ausnamfäll an eng Enzyklopedie gehéieren. --Zinneke 14:12, 22. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

D'Säit gouf adaptéiert, da loosse mer s'emol stoen. Z.

Blummennimm[Quelltext änneren]

  • Dofir:

well e (gutt gemengtent) Relikt aus der Ufängerzäit, dat awer zevill onsystematesch, alléatoire an net komplett ass (a komplett wier se net praktikabel). Kuckt Diskussioun:Blummennimm --Zinneke 09:47, 27. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

    • Neutral mat Tendenz dergéint. Och wann déi Lëscht net sou perfekt an der Opdeelung ass, bitt se d'Méiglechkeet fir mol Blummennimm op lëtzebuergesch hei opzeféieren, a mer kréien doduerch eng Iwwersiicht vu water bekannte Blumme mer nach keen Artikel hunn, an och wann engem eng an d'Kopp kënnt mol hei dranner ze setzen. Datt eng Kategorisatioun no der Systematik soll gemaach ginn ass selbstvertändlech. Mer hunn op der Wiki eng sëlleche Lëschte stoen déi voller rouder Nimm stinn, an déi menger Meenung manner e gudden Zweck erfëlle wéi déi hei. Les Meloures 17:45, 27. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]


Léif Ofstëmmerten: Amplaz hei de Krëppennegerchen ze spillen, kéint jo mol ee mam Ëmbau ufänken, no dem Motto: Net diskutéieren, mä änneren: Mer hu jo dofir eng praktesch Schabloun: Net diskutéieren, mä änneren. --Cornischong 17:35, 27. Okt. 2009 (UTC)[äntweren]

Ech hunn elo d'Blummenimm als Lëscht ënmgedeeft, mierken awer datt och net den Optimum ass (cf. Diskussioun). Ech si net Botaniker fir inhaltlech do eppes ze verbesseren, fannen awer et ass eng interessant Lëscht, déi mer sollte erhalen... a verbesseren. Avis aux amateurs. D'Spezialiste si gefrot. --Sultan Edijingo 12:29, 9. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

-> Gouf geläscht. --Zinneke 09:07, 14. Jul. 2010 (UTC)[äntweren]

Linkin Park Underground[Quelltext änneren]


Gudde Moien,
Den Text gouf am Artikel agebaut, an de Lemma op déi Plaz am Artikel als Redirect ugeluecht.
Les Meloures 15:47, 23. Nov. 2009 (UTC)[äntweren]

Biobutték Pimpampel[Quelltext änneren]

Gouf geläscht Les Meloures 07:17, 6. Abr. 2010 (UTC)[äntweren]

Renkverbindung[Quelltext änneren]

D'Erklärung vun der Saach ass net ze verstoen. Et gi Wierder gebraucht déi am Géigesaz zu deem sti wat soll erkläert ginn, wéi zb: verrenken. Wann ee weess wéi dat Déngen an anere Sproochen heescht, oder soss eng Informatioun wou et eventuell ze fannen ass, kann dat nach nogekuckt, a verbessert ginn.

  • D'accord mam Pecalux
A loosse mer keng nei Wierder erfannen! Oder ass anzwousch beluecht, datt Leit hei am Land vu Renkverbindungen schwätzen wann se e Bajenettverschloss mengen? Oder kennt een en anert Wuert duerfir, dat fréier oder haut och am Gebrauch war? Ech net. --Sultan Edijingo 12:56, 14. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]
Gudde Moien,
No 17 Deeg ass nach näischt an deem Artikel geschitt. Weder Ëmdeefen nach Iwwerschaffen oder Ausbauen. Ech hu keng Loscht un deem Déngen ze schaffen, soss hätt ech dat gemaach, an en net fir d'Läsche proposéiert. Wat maache mer dann elo? Waarde mer bis de Schnéi ofgeet, éier eppes geschitt?
Les Meloures 23:47, 20. Dez. 2009 (UTC)[äntweren]
Zënter dem 20. Dezember huet sech Näischt Positives an dem Artikel gedo. Gëtt elo geläscht. Les Meloures 15:00, 20. Feb. 2010 (UTC)[äntweren]