Linkin Park

Vu Wikipedia

Linkin Park ass eng Band déi 1996 zu Los Angeles gegrënnt gouf, an déi meeschtens zum Nu Metal oder dem Crossover gerechent gëtt. Haut ass si eng vun de bekanntste Rockgruppe vun der Welt.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

De Rapper Mike Shinoda an de Gittarist Brad Delson hu sech schonn op der Highschool kennegeléiert. Fir hir Band ze grënnen, hu si den Drummer Rob Bourdon invitéiert. E bëssi méi spéit koum och nach den DJ Joe Hahn, dee mam Mike Shinoda Konscht studéiert huet, dobäi. De Bassist Dave Farrell an de Sänger Mark Wakefield hunn d'Band mam Numm Xero du vervollstännegt. Allerdéngs huet de Wakefield d'Band erëm verlooss nodeem si eng Demo agespillt haten. Och de Farrell ass ausgetrueden, fir sech op e Projet mat enger anerer Band ze konzentréieren. Déi jonk Band huet elo no engem neie Sänger gesicht, dee si am Chester Bennington fonnt huet. Hie gouf hinne vum Jeff Blue, engem Kolleeg vum Delson, virgeschloen.

Hien huet op Demoe vun der Band gesongen an hinnen dat iwwer Telefon virgestallt. Puer Deeg drop huet hie säin Job gekënnegt an ass mat senger Fra vun Arizona a Kalifornien geplënnert. Mam Bäitrëtt vum Chester war Xero quasi eng nei Band an dofir wollte si och en neien Numm sichen. Am Ufank war dat "Hybrid Theory", wéi iwweregens och hiren éischten Album heescht, mä domat krute si Problemer, well et schonn eng aner Band ënner deem Numm gouf. Si hu laang nogeduecht, bis den Chester mam Virschlag "Lincoln Park" koum. De Lincoln Park ass e Park, laanscht deen den Chester all Dag gefuer ass, benannt nom President Lincoln. Ausserdeem gouf et an all gréisser Stad e Lincoln Park, sou datt d'Leit mengen, d'Band géif aus hirer Géigend kommen.

Mä do gouf et nach en Problem: D'Band wollt sech onbedéngt de .com-Domain sécheren, dee mat dem Numm Lincoln Park schonn an alle Forme besat war. Also hu si sech ob Linkin Park gëeenegt. Ausserdeem gëtt Lincoln Park mam kaliforneschen Accent éischter wei Linkin Park ausgeschwat.

No iwwer 40 refuséierte Plakkeverträg konnt déi nei Band endlech bei Warner Bros. ënnerschreiwen an huet hiren éischten Album Hybrid Theory opgeholl. Deen Album gouf a minimaler Zäit e groussen Erfolleg. Scho Woche viru senger Verëffentlechung ass déi éischt Singleauskoppelung "One Step Closer" op den amerikanesche Radiossenderen erop an erof gelaf. Si sinn als Virband fir "Deftones" op Tour gaangen, an hu sech domat nach méi Fans geséchert.

Am September 2001 huet déi zweet Single Crawling et bis op d'Plaz 14 an den däitschen Charts gepackt. Mat de leschte Singelen In The End a Papercut gouf den Erfolleg nach perfektionéiert. Duerno sollt Linkin Park ob de gréisste Festivalle spillen, wat allerdéngs wéinst enger Krankheet vum Chester Bennington kuerzfristeg ausgefall ass. Vum éischten Album "Hybrid Theory" goufe bis elo iwwer 15 Millioune Placke verkaaft. An der Tëschenzäit ass och de Bassist David Farrell erëm bei d'Band komm. Virdru gouf hien duerch verschidde Bassisten ersat.

Am Joer 2002 gouf den 2. Studiosalbum Reanimation verëffentlecht. Et ass e Remixalbum, deen haaptsächlech ob Hybrid Theory baséiert. Deen Album war och e groussen Erfolleg, mä et goufen, laut Kritiker a Fans, och vill Lidder verschlechtert duerch déi vill Raps. Et gouf vill mat anere Rapper zesummegeschafft.

Ee Joer méi spéit koum Meteora, den 3. Studiosalbum an d'Butteker. Obwuel deen Album vill ze vill no Hybrid Theory geklongen huet, wat d'Band eigentlech och scho gefaart hat, war Meteora schlussendlech ee vun de beschten Albumen aus dem Joer 2003. Si goungen am selwechte Summer nach mat kengen anere wéi Metallica, Limb Bizkit, Deftones an Mudvayne op Tour. Eng Live-CD/DVD mat dem Numm "Live in Texas" ass dobäi verëffentlecht ginn.

Kuerz duerno huet d'Band eng kleng Paus ageluecht, well de Rapper Mike Shinoda sech op eng Solocarrière konzentréiert huet.

Mä am Joer 2004 goung et schonn erëm weider: Linkin Park huet mam Rapper Jay-Z e Mash-Up-Album verëffentlecht. Do goufe bekannt Lidder vu Linkin Park a vum Jay-Z gemëscht. Sou ass zum Beispill aus dem Lidd Numb vun LP an dem Lidd Encore vum Jay-z d'Lidd Numb/Encore entstanen. Déi Single ass bis op d'Plaz 4 vun den däitsche Single-Charts komm.

2005 hu si e Buch mat 192 Säite mam Numm From The Inside - Linkin Park's Meteora verëffentlecht.

Am selwechte Joer gouf Linkin Park bekannt, datt si un engem 4. Studiosalbum schaffen. Dat war eng Decisioun, déi och seng Risike mat sech gezunn huet: D'Lidder ware méi roueg an dat bekannt Gemësch vum Shinoda senge Rapps an dem Chester sengem Gesank ass, bis op een Titel, komplett verschwonnen. D'Texter vun de Lidder setze sech staark géint déi haiteg Politik an. Den 11. Mee 2007 gouf den Album Minutes to midnight, deem säin Numm sech ob d'Doomsday Clock bezitt, dunn endlech verëffentlecht. D'Aarbecht hat sech gelount, well den Album gouf e Welterfolleg. Déi éischt Single "What I've Done" ass d'Filmmusek vum Film "Transformers".

2008 huet Linkin Park ee vun de gréisste Concerte gespillt, dee si jee gespillt huet. Dozou kënnt eng Live-CD/DVD mam Numm Road To Revolution - Live at Milton Keynes eraus.

Den 18. Mee 2009 koum d'Single New Divide an d'Butteker, déi allerdéngs net zum Album Minutes To Midnight gehéiert. Déi Single gëtt erëm als Titelmusek fir de Film Transformers - Die Rache agesat.

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.

An engem Interview am Joer 2008 huet de Shinoda confirméiert, datt d'Band un engem neien Album schafft, dee viraussiichtlech am Joer 2010 erauskomme soll.

Discographie[änneren | Quelltext änneren]

Albumen

Joer Titel Chartplaz Album
1997 Xero Demo Tape / Demo
1999 Hybrid Theory EP / EP
2000 Hybrid Theory US:2
UK:4
DE:2
Studiosalbum
2002 Reanimation US:2
UK:3
DE:3
Remixalbum
2003 Meteora US:1
UK:1
DE:1
Studiosalbum
2003 Live in Texas US:23
UK:47
DE:9
Live-CD/DVD
2004 Collision Course (ft. Jay-Z) US:1
UK:15
DE:5
Mash-Up-Album
2007 Minutes to Midnight US:1
UK:1
DE:1
Studiosalbum
2008 Road to Revolution: Live at Milton Keynes US:41
UK:58
DE:11
Live-CD/DVD
2008 Songs from the Underground US:96
DE:42
Fanclub-Sampler
2009 Underground 9: Demos DE:66 Fanclub-Sampler
2010 A Thousand Suns US:1
UK:2
DE:1
Studiosalbum
2012 Living Things US:1
UK:1
DE:1
Studiosalbum
2014 The Hunting Party US:3
UK:2
DE:1
Studiosalbum
2017 One More Light US:
UK:
DE:
Studiosalbum

Singelen

Joer Titel Chartplaz Album
2000 One Step Closer US:75
UK:24
DE:32
Hybrid Theory
2001 Crawling US:79
UK:16
DE:14
Hybrid Theory
2001 In the End US:2
UK:8
DE:13
Hybrid Theory
2001 Papercut UK:14
DE:49
Hybrid Theory
2002 H! Vltg3 / Pts.of.Athrty UK:9
DE:31
Reanimation
2003 Somwhere I Belong US:32
UK:10
DE:12
Meteora
2003 Faint US:48
UK:15
DE:40
Meteora
2003 Numb US:11
UK:14
DE:19
Meteora
2004 From the Inside DE:35 Meteora
2004 Lying from You US:58 Meteora
2004 Breaking the Habit US:20
UK:39
DE:25
Meteora
2004 Numb/Encore (ft. Jay-Z) US:20
UK:14
DE:4
Collision Course
2007 What I′ve Done US:7
UK:6
DE:4
Minutes to Midnight
2007 Bleed It Out US:52
UK:29
DE:40
Minutes to Midnight
2007 Shadow of the Day US:15
UK:46
DE:12
Minutes to Midnight
2008 Given Up US:99
DE:53
Minutes to Midnight
2008 We Made It (Busta Rhymes feat. Linkin Park) US:65
UK:10
DE:11
2008 Leave Out All the Rest US:94
DE:15
Minutes To Midnight
2009 New Divide US:6
UK:19
DE:4
Transformers - The Revenge (Filmmusek)
2010 The Catalyst US:27
UK:40
DE:11
A Thousand Suns
2010 Waiting for the End US:42
DE:29
A Thousand Suns
2011 Burning in the Skies DE:43 A Thousand Suns
2011 Iridescent US:81
DE:46
A Thousand Suns
2011 Rolling in the Deep UK:42 iTunes Festival: London 2011
2012 Burn It Down US:30
UK:27
DE:2
Living Things
2012 Lost In The Echo US:95
DE:68
Living Things
2013 Castle Of Glass DE:10 Living Things
2013 A Light That Never Comes (ft. Steve Aoki) US:65
UK:34
DE:8
Recharged
2014 Guilty All The Same DE:32 The Hunting Party
2014 Until It's Gone UK:78
DE:24
The Hunting Party
2014 Final Masquerade DE:70 The Hunting Party

Linkin Park Underground[änneren | Quelltext änneren]

Linkin Park Underground, kuerz LPU, ass den offizielle Fanclub vun der Band.

Do kënne Fans vun der Grupp sech aschreiwe fir en LPU Pass ze kréien (ze vergläiche mat enger Memberskaart). Wien do ageschriwwen ass, ka mat aneren LP-Fans Kontakt ophuelen an exklusiv CDen a Gadgete vun der Band kréien. Den Highlight bei der Saach ass, datt déi aktivste Membere Concertsticketen, Backstagepasser a Meet'n Greets mat der Band gewanne kann.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Linkin Park – Biller, Videoen oder Audiodateien