Minutes to Midnight

Vu Wikipedia
Minutes to Midnight
Studioalbum[*] vun Länke Paak
Erauskomm 15. Mee 2007
Genre Alternative Rock
Längt 2.609 sec.
Label Warner Bros. Records[*], Machine Shop Recordings[*]
Produzent Rick Rubin[*], Mike Shinoda
Offiziell Websäiten
Homepage http://www.minutes2midnight.com
Logo, deen um Albumcover ze gesinn ass

Minutes to Midnight ass de véierte Studiosalbum vun der kalifornescher Rockband Linkin Park. D'Plack koum de 14. Mee 2007 an d'Butteker. Si gouf vum Rick Rubin an dem Mike Shinoda produzéiert.

Hannergrond[änneren | Quelltext änneren]

Den Album war e grousse Risiko fir déi an der Tëschenzäit weltbekannt Band Linkin Park, well si ganz vun hirem ale Stil, dem Nu Metal, ofgewach sinn. D'Lidder si vill méi roueg wéi virdrun, an dat berüümt Gemësch vum Chester Bennington sengem Gesang an dem Mike Shinoda sengem Rap ass bis op ee Lidd (Bleed It Out) net méi present. Och dem Chester Bennington seng Scream-Alage si guer net méi ze fannen. A ville vun de Lidder gëtt dat deemolegt Politikgeschéie kritiséiert.

Den Album war trotzdeem e kommerziellen Erfolleg. E stoung ënner anerem an den US-amerikaneschen, den däitschen, de franséischen, de japaneschen an de britteschen Albumcharts op der Plaz 1. Bei de Musekskritiker ass den Album op gemëschte Gefiller gestouss.[1] D'Musekzäitschrëft Rolling Stone huet Minutes to Midnight ënnert déi 50 bescht Museksalbumen vun 2007 gewielt.[2]

Am Ganze goufe fënnef Singelen ausgekoppelt: What I've Done (2007), Bleed It Out (2007), Shadow of the Day (2007), Given Up (2008) a Leave Out All the Rest (2008).

Den Titel vum Album bezitt sech op d'Atomkrichsauer (op englesch: Doomsday Clock), dei d'"Minutte bis Hallefnuecht", also d'Zäit bis zum Weltënnergank duerch d'Zerstéierung mat Atomwaffen, duerstellt. Dat gëtt och an hire Videoen an Texter gewisen; esou kann een kann een am Ufank vum Videoclip zum Lidd Shadow of the Day e Radiowecker gesinn, bei deem d'Zeigeren zum Schluss vum Lidd kuerz virun 12 stinn.

Besetzung[änneren | Quelltext änneren]

Tracklëscht[änneren | Quelltext änneren]

Titel Längt
Wake 1:40
Given Up 3:09
Leave Out All the Rest 3:29
Bleed It Out 2:44
Shadow of the Day 4:52
What I've Done 3:24
Hands Held High 3:53
No More Sorrow 3:41
Valentine's Day 3:16
In Between 3:16
In Pieces 3:38
The Little Things Give You Away 6:23

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Minutes to Midnight op Metacrtic
  2. The Top 50 Albums of 2007 (17. Dezember 2007)